Search

You may also like

Coronavirus: Käerjeng maximal mobiliséiert
Neiegkeeten

Coronavirus: Käerjeng maximal mobiliséiert

A ville Gemengen uechtert d‘Land sinn d‘Verwaltungen an d‘Bierger gutt

Et gëtt Saachen dat gleefs de net
Neiegkeeten

Et gëtt Saachen dat gleefs de net

Kléngt wéi e Witz an a gewësser Form muss een

Gewerkschaften: Deelaccord am Bankesecteur fonnt
Neiegkeeten

Gewerkschaften: Deelaccord am Bankesecteur fonnt

Während d’Verhandlunge fir en neien a moderne Kollektivvertrag weider ginn, ass d’Optioun

Suizidpreventioun ass a bleift e wichtegt Thema!

Suizidpreventioun ass a bleift e wichtegt Thema!

Den Zougang zu der psychiatrescher Versuergung ass schwéier – elo wärend der Pandemie nach e Krack méi. Dëst bleift eng vun den Haaptschwächen, déi bei der Bewäertung vum nationale Suizidepreventiounsplang (PNPSL) festgestallt gouf.

Fir den Zäitraum 2015-2019 goufen epidemiologesch Daten iwwert mental Gesondheet gesammelt, déi et méiglech gemaach hunn, de Problem ze definéieren. Doduerch konnt ee besser drop reagéieren. Trotzdeem sollt een och ervirhiewen, dass de Plang vill Verbesserungen an der Präventioun bruecht huet. Verantwortlech fir d’Evaluatioun war déi onofhängeg Beroderin Véronique Louazel.

Et konnt erausfonnt ginn, dass d’Zuel vun de Suiziden ofhëlt. Am Joer 2017 waren et 11,1 Doudesfäll pro 100.000 Awunner. Trotzdeem sinn dës Daten mat Virsiicht ze genéissen. Vun den 12 bis 18 Järegen hu ganzer 15,2% seriéis iwwer Suizid nogeduecht. Bei Persounen iwwer 50 Joer louch dëse Wäert bei 10%.

Suizid

Dobäi stellt sech eng grouss a wesentlech Fro: wouhin soll déi Persoun geleet ginn, déi däischter Gedanken huet an Ënnerstëtzung braucht?

D’Friste fir e Rendezvous beim Psychiater ze kréien sinn ze laang. An der Reegel muss ee bis zu dräi Méint waarden, an d’Noutdéngschter hunn net genuch Kompetenzen fir uerdentlech ze hëllefen. Dobäi kënnt nach, dass Psychotherapie immens deier ass. Allgemengmedezinner sinn déi eescht Ulafstell, fir e psychiatresche Gesondheetsproblem ze erkennen. Dofir hunn si awer net vill Zäit, an iwwert déi néideg Ausbildung verfügen si och net.

Et ass en Däiwelskrees

D’Mataarbechter fannen et schwéier sech engem Beruffsdokter unzevertrauen – aus Angscht, dass si mat hirem Patron a Verbindung bruecht ginn. Och Déngschtleeschtungen ausserhalb vun de Spideeler hunn an de leschten Jore wéineg Entwécklung gesinn.

Et ass kee Geheimnis, dass déi psychiatresch Versuergung hei zu Lëtzebuerg schlecht leeft.

Op jidder Fall huet de Plang de Verdéngscht gehat, vill Sensibiliséierungscampagnen duerchzeféieren. Formatiounen hu gehollef, op Warnzeeche vu Suiciden opmierksam ze maachen.

Méi wéi 1.000 Persounen hunn een Notzen aus dëser Formatioun gezunn. Se gouf vum Centre d’information et de prévention (CIP) organiséiert. Trotzdeem weist d’Evaluatioun, dass et néideg ass Léierpersonal, wéi och Leit vum Fach an der Santé, déi a privater Praxis schaffen.

Da gëtt et nach eng Schwaachstell: „D’Suizidpreventioun erfuerdert eng interministeriell Koordinatioun, déi wärend der Dauer vum Plang gefeelt huet“, seet d’Véronique Louazel. Dat hätt méiglech gemaach, déi verschidde Pläng oder Moossnamen, déi sech op déi psychesch Gesondheet auswierken, ze artikuléieren an d’Moossname vum Plang intersektionell ëmzesetzen. Mee esou eng Regierungsféierung wär net am Plang virgesinn, stellt d’Véronique Louazel fest.

Suizid

Et ginn awer och Verbesserungen

De Plang, deen an 33 Aktiounen ënnerdeelt ass, huet och vill Stäerken. Sensibiliséierungscampagnen, déi et erméiglecht hunn Informatioun un d’Populatioun ze liwweren, hunn bedeitend Fortschrëtter gemaach.

Den Ëmfroen no, déi am Kader vun dëser Evaluatioun duerchgefouert goufen, erënneren sech 63% – dorënner éischter Fraen – vun de befrote Leit un d’Campagne „Depressioun“ (haaptsächlech dank de Plakater an de medezinesche Büroen).

Déi psychesch Gesondheetswoch souwéi spezifesch Aktiounen, déi fir verschidde Secteuren erstallt goufen (Schoulguide, Familljeguide, Formatiounen, asw.) hunn hier Friichte gedroen a kënne weidergefouert ginn.

„Et gëtt keng Hierarchie tëscht psychescher Gesondheet a kierperlecher Gesondheet“, sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Vun den 33 Aktiounen, déi am PNPSL beschriwwe goufen, sinn 19 Aktiounen ofgeschloss oder sinn am Gaang ëmgesat ze ginn. 14 Aktioune sinn an der Waardeschläif, oder net ofgeschloss wéinst engem Manktem u mënschleche Ressourcen.

„Jiddereen huet eng wichteg Roll an der Suizidpreventioun ze spillen, ugefaange mat Gesondheetsstrukturen, Schoulen, awer och d’Geschäftswelt an d’Gemeinschaft am Groussen“, erënnert d’Gesondheetsministesch.

Déi mental Gesondheet wäert ee vun de Piliere vun der nationaler Gesondheetsstrategie ginn, deen am Laf vum Joer 2021 entwéckelt a presentéiert gëtt.

Opmaacherbild: © Thought Catalog / Unsplash

Related topics Däischter Gedanken, Depressioun, PNPSL, Preventioun, Psychologesch Hëllef, Sensibiliséierungscampagne, Suizid, Véronique Louazel
Next post Previous post