Search

You may also like

Wéi gutt kenns du eis Geschicht?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Geschicht?

[onionbuzz quiz-id=37][/onionbuzz] Lëtzebuerg ass net sou al wéi aner Natiounen

Gedeessems ëm de Kollektivvertrag fir de Finanzsecteur
Neiegkeeten

Gedeessems ëm de Kollektivvertrag fir de Finanzsecteur

Déi fir de Banken- an Assurancësecteur „representativ“ Gewerkschaft ALEBA, hat

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen
Neiegkeeten

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen

Et waren, datt muss ee leider festhalen, net der Däiwel

Suizid – Nach ëmmer en Tabuthema

Suizid – Nach ëmmer en Tabuthema

Suizid ass leider een Thema, wat seele vun de Medien thematiséiert gëtt, wärend d’Gesellschaft lues awer bestänneg dogéint kämpft. Fir de mënschleche Verstand ass et schwéier nozevollzéien an ze akzeptéieren, datt e Mënsch esou aus dem Liewe gaangen ass.

Zu Lëtzebuerg sinn et ongeféier 70 bis 80 Doudesfäll pro Joer, déi op Selbstmord zeréckzeféiere sinn. D’Versich sech d’Liewen ze huelen, sinn 10 bis 20 mol méi héich. Mee wéi soll een domat ëmgoen?

Déi Hannerbliwwe sichen no méiglechen Erklärungen a verstinn dës bewosst Entscheedung net. Onverständlech ass oft och, datt de Verstuerwenen d’Konsequenzen einfach akzeptéiert huet. Wa mir dorunner denken, gi mir vun eise Gefiller iwwerwältegt. Hunn mir der Persoun net genuch bedeit? Wollt si dofir net bleiwen?

Et gëtt e rosen an et fillt e sech bedrunn. An da kommen d’Scholdgefiller, well ee keng Unzeeche gesinn huet. Mir versetzen eis ongewollt an eng Positioun an där mir den Henker spillen.

Eng Persoun déi goe wëll, well si d’Qual net méi verdréit, wäert e Wee fannen. A keen ass Schold dorunner. Jo, et ass eng haart Wourecht, déi akzeptéiert muss ginn – an dat ouni sech schëlleg ze fillen, well dës irrational Gefiller kënnen d’Péng ëm de Verloscht vergréisseren. Geneesou wéi d’Roserei.

Wann Dir esou eng Erfarung hannert Iech hutt, wäerten Onsécherheeten an Zweiwel zum Alldag gehéieren. An natierlech vill oppe Froen, déi wahrscheinlech ni gekläert ginn. Fir erëm friddlech ze liewen, muss ee vill u sech schaffen. Angscht wäert opkommen – Angscht, datt et erëm passéiere wäert. Ma, se däerf d’Kontroll vun Ärem Liewen net iwwerhuelen.

De Verloscht bleift, genee esou wéi den Tabu, dee mat dësem Doud verbonnen ass. Et sinn natierlech Gefiller, déi mir verschaffe mussen. Gläichzäiteg musse mir awer och sécherstellen, datt mir de Verloscht hannert eis loossen. Eréischt da kann eis Séil Stéck fir Stéck heelen. Well si muss sech ausdrécken an d’Gefill hunn, datt si net eleng ass.

Hutt Dir selwer Suizid-Gedanken, oder hutt eng Persoun duerch Selbstmord verluer, gëtt et Hëllef. Weider Informatioune fannt Dir op www.prevention-suicide.lu.

Opmaacherbild: © Nathan Dumlao / unsplash

Related topics Depressioun, Hannerbliwwener, Liewensenn, Scholdgefiller, Selbstmord, Suizid, Tabu, Unzeechen, Warnzeechen, Zweiwel
Next post Previous post