Search

You may also like

Brexit-Kontroller an Nordirland bedreet
International Neiegkeeten

Brexit-Kontroller an Nordirland bedreet

Dat mat der „brittescher“ Scheedung, en Trauerspill genannt „Brexit“, fënnt

Vu Cybersécherheet bis zur juristescher Assistenz: Véier nei BTS’en ginn offréiert
International Neiegkeeten

Vu Cybersécherheet bis zur juristescher Assistenz: Véier nei BTS’en ginn offréiert

Wéi de Ministère fir Héichschoul matdeelt, solle fir d’Rentrée 2021/2022

Wallounien: 2 Milliarde fir d‘Mobilitéit
International Neiegkeeten

Wallounien: 2 Milliarde fir d‘Mobilitéit

Fir den Zäitraum 2020-2026 huet d‘Regioun Wallounien e Budget vu

Dem Sultan säin Eedem wëll net méi Finanzminister sinn

Dem Sultan säin Eedem wëll net méi Finanzminister sinn

Matten am Verfall vun der tierkescher Lira huet den tierkesche Finanzminister Berat Albayrak op Instagram säi Récktrëtt annoncéiert. Dat war zimmlech „iwwerraschend“ firwat et eppes gedauert huet, bis iwwerpréift war, datt den Account vum Recep Tayyip Erdogan sengem Eedem gewëss net gehackt ginn ass.

Als Eedem vum tierkesche President trëtt een net „einfach emol esou zréck“, mee de Spriecher vum Finanzministère huet d‘Entscheedung vu sengem Chef confirméiert. De Berat Albayrak huet, ausser gesondheetlech Grënn, keng weider Detailer genannt, déi seng Entscheedung kéinte beaflosst hunn. Et soll zudeem keen Zesummenhang domadder hunn, datt den Inneminister Süleyman Soylu an de Spriecher vum Sultan positiv op de Covid19 getest goufen.

Steet d‘Fro am Raum op de Recep Tayyip Erdogan de Récktrëtt vu sengem Eedem unhëlt. De Berat Albayrak huet allerdéngs iwwer déi zwee Joer, wou hien de Portefeuille vum Finanzministère an Hänn gehalen huet, sech stänneger Kritik missen erwieren. Woubäi et schonn eppes vermoosse wier him eleng d‘Schold wëllen zouzeweisen, datt déi tierkesch Lira dëst Joer 30% géintiwwer dem US-Dollar verluer huet. Do huet de Schwéierpapp gehollef…

Och géintiwwer dem Euro huet d‘Wärung aus dem Sultanat zolidd nogelooss. Den Ament kritt een 10 Lira vir 1 Euro an de Berat Albayrak hat rezent erkläert, datt et zur Stonn keng Pläng gëtt, fir an der Währungsverfall anzegräifen. Hie schéngt erkannt ze hunn, datt dat ganzt Gestreits mat der EU, a Frankräich am Besonneschen (hei hat se Sultan zum Boykott vu franséische Gidder opgeruff) an de Mëttelmiernoperen (Griicheland an Zypern) Folgen huet.

Et dierf een an dësem Kontext och d‘US-Walen net vergiessen. Wärend den Donald Trump nach dru schafft seng Néierlag zu engem groussen ni do gewieschten Erfolleg an der Geschicht vun den USA ze maachen, ass gewosst, datt de „schléifregen“ Joe Biden d‘Tierkei net méi wäert viru Sanktioune schützen. Och deem huet de Deal tëscht Ankara a Moskau, wou et jo ëm de Rakéitenofwiersystem S400 geet, net gefall. Dat dierft nach interessant ginn.

Notéiere mir nach kuerz, datt de Sultan Recep Tayyip Erdogan schonn ee Samschdeg de Chef vun der tierkescher Noutebank op d‘Schëff geschéckt hat. Déi vill Engagementer vun der Tierkei a Konflikter (Libyen, Berg-Karabach a Syrien) oder d‘Provokatioun vun NATO-Partner an de Sträit mam wichtegsten Handelspartner (EU), wéi och eng och soss wéineg frëndlech Téin enthalend Rhetorik, bezuelen sech net esou aus wéi erhofft.

mat indymedia/tlv

Foto (Archiv) © Türkiye Isci Partisi

Related topics Berat Albayrak, Finanzminister, Lira, Recep Tayyip Erdogan, Sultan, Tierkei
Next post Previous post