Search

You may also like

Zeréck an d’Schoul: D’Klasse ginn opgedeelt, Schutzmaske si Flicht
International Neiegkeeten Stories

Zeréck an d’Schoul: D’Klasse ginn opgedeelt, Schutzmaske si Flicht

Haut de Mëtteg huet den Educatiounsminister Claude Meisch iwwert de

Wat ass un de Rumeuren drun, datt d‘USA Grönland wéilte kafen?
International Neiegkeeten Stories

Wat ass un de Rumeuren drun, datt d‘USA Grönland wéilte kafen?

Dir hutt et schonn héieren, well keng Noriichtenagence, keng Zeitung

UN: „Mir verléieren am Jemen de Kampf géint d‘Hongersnout“
International Neiegkeeten Stories

UN: „Mir verléieren am Jemen de Kampf géint d‘Hongersnout“

Déi Verreenten Natiounen (UN) sinn derbäi de Kampf géint d‘Hongersnout

Dem Sultan seng reliéis Grenzen

D‘Uiguren si fir d‘Tierken eng Aart Bridder mee de Recep Tayyip Erdogan ass kee Familljemënsch

Dem Sultan seng reliéis Grenzen

Op sech den Ëmgang vun de Chinese mat den Uiguren, mam Ëmgang vun de Tierke mat de Kurde vergläiche léisst? Mat Sécherheet net, an nach hunn d‘Uiguren déi besser Iwwerliewenschancen. Et ass allerdéngs richteg, datt d‘Tierkei en NATO-Partner, eng grouss Demokratie an ee wierdege bis onëmgängleche Vertrieder vun de Mënscherechter an dem Multilateralismus ass.

An esou huet et Zäite ginn, an deenen tierkesch Regierungsvertrieder déi „besonnesch kulturell Bezéiung zu den Uiguren“ als Instrument vun der diplomatescher Frëndschaft genotzt hunn. Dat erwisenermoosse vergiewens, wat de Beweis erbruecht huet, datt d‘Chinese gebilte Mënsche sinn. Déi verluge „Charmoffensiv“ vun der Tierkei ass un der diplomatescher Intelligenz gescheitert.

Wéi sech am Kontext vun der politesche Verwerfungen aus de leschte Joren – besonnesch bezunn op d‘Mandatszäit vun engem gewëssenen Donald Trump – erginn huet, datt ausser den USA och aner „Frënn“ iwwert d‘Ënnerdréckung vun den Uiguren d‘Nues gehuewen hunn, huet de Sultan eng Opportunitéit erkannt. Hien huet de Chinese ganz onverblimmt Vëlkermord virgeworf.

China huet net wierklech grouss wirtschaftlech Interessen an oder un der Tierkei. Politesch sinn déi droleg AKP-Islamisten ënnert der Leedung vum Sultan Recep Tayyip Erdogan, just eng weider traureg Erscheinung, där ee just Opmierksamkeet zougestoe muss, well d‘Tierkei an der NATO ass. Eng NATO déi sech riseg doriwwer gefreet huet, datt d‘Tierkei beim Klassefeind akafe geet.

Zu Peking hu se häerzhaft gelaacht, wéi de Sultan sech beim Zar d‘S-400 Rakéitenofwier bestallt huet. An zu Ankara, vu wou aus an de leschte Méint vill „Fronten“ opgemaach goufen, besënnt ee sech zanter gewësser Zäit. D‘Kritik ass op den Niveau vun enger „Routine“ erofgeschrauft ginn, a gëtt beschtefalls nach „well et erwaart gëtt“ publizistesch a Concertatioun mat Peking ervirbruecht.

Et geet ëm de Goss an d‘Muecht

Well d‘Tierkei sech bewosst (an och reliéis) ëmmer méi vun Europa distanzéiert huet, an dësem Kontext net nëmmen seng wichtegst Wirtschaftspartner gezësst, mee och de griicheschen NATO-Partner quasi an eng Konfliktsituatioun manövréiert huet; sech gläichzäiteg am Inland eng grouss Wirtschaftskris entfaalt an déi arabesch Welt sech net wëll vun Ankara representéiere loossen… léisst sech net méi vun der Hand weisen, datt och de Recep Tayyip Erdogan u China Interessi huet.

Mee de Sultan ass méi Diktator wéi Rechekënschtler, an eigentlech ee richtegt Kallef, zumindest aus wirtschaftlecher Siicht. Nach – a wa sech dat emol ännert gëtt et fir de Recep Tayyip Erdogan komplizéiert – kommen eng 70% vun den Direktinvestitiounen aus Europa. Dat allerdéngs vun éischter dubiéisen, oder zumindest moralesch zweiwelhafte Wirtschaftsacteuren. Et geet ëm Goss.

Am Verglach dozou, dierf ernimmt ginn, datt et och Investitiounen aus China huet. Déi awer leie wäit ënnert 1%, firwat et schonn eppes lächerlech kléngt, wann d‘Tierke vum Erbäiféiere vum ekonomesche Gläichgewiicht schwätzen. Eng multipolar Welt unzestriewen ass eigentlech näischt Verwerfleches, mee wéi soll et engem réckwäertsgewannte Staatschef geléngen, sech laangfristeg op d‘Realitéite vum 21. Joerhonnert anzestellen? Richteg! Dat kann a wäert sech net opgoen.

Dat mam „Denken“ ass de Problem

Wann een dann emol kuerz Abstraktioun vun Diktatur, Mënscherechtsverstéiss géint Kurden, Ugrëff op d‘Souveränitéit vu Syrien, d‘ausléisen a befeiere vum Bergkarabach-Konflikt, de Verrot un den USA (an indirekt der NATO) a villes méi mécht, sollt ee sech déi geostrategesch Situatioun vun der Tierkei ukucken. Dat Land läit ëmmerhin op der Schnëttstell vun Asien an eben Europa.

Et gëtt folgerichteg ee ganz natierlecht Interessi dorunner, gutt a vertrauenswierdeg Bezéiungen a béid Richtungen ze ënnerhalen. Dat misst een erkennen, a bestëmmt gëtt et och an der Tierkei, jo esouguer am Donstkrees vum Sultan, där Leit, déi genee dat och esou verstanen hunn. Dat awer hätten d‘Tierke längst missen an Ugrëff geholl hunn, aktuell hu se näischt Brauchbares bäizedroen.

Géife muer all politesch Bedenken aus dem Wee geraumt, wat kéint sech Ankara erhoffen? Net ganz esouvill wéi ee kéint unhuelen. D‘Tierkei géif ënnert enger Flut vu chineseschem Import ersaufen an säin Handelsbilanzdefizit endgülteg duerch de Plafong joen. Peking weess wéi eng Problemer d‘Tierken hunn an sëtzt ganz kloer um längeren Hiewel. Den Drock op Ankara ass do.

Datt d‘Tierkei de chineseschen Uiguren zu dausenden Asyl ugebueden huet, an datt de Sultan och uiguresch Dschihadisten a Syrien géint Kurden asetzt. Déi méiglecherweis och zu Bergkarabach agesat goufen, fënnt een zu Peking net esou gutt. De „Verdeedeger vun den op der ganzer Welt ënnerdréckte Moslemen“ muss nach vill Waasser a seng Cola schëdden, wann sech dat soll opgoen.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © svklimkin / unsplash

Related topics China, moslemesch Minoritéit, Recep Tayyip Erdogan, Sultan, Tierkei, Uiguren
Next post Previous post