Search

You may also like

Europa wëll mam Iran Tauschhandel dreiwen, Washington flippt aus
Neiegkeeten

Europa wëll mam Iran Tauschhandel dreiwen, Washington flippt aus

D‘USA hunn en Dënschdeg fierchterlech op den europäesche Projet reagéiert,

Wat war de Weekend an der BGL Ligue lass?
Neiegkeeten

Wat war de Weekend an der BGL Ligue lass?

Fir den drëtten Dag hannerteneen, ass de Leader um Schluss

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg
Neiegkeeten

D‘Damme vum VFL Bochum op Besuch beim SC Beetebuerg

Huele mir d‘Resultat direkt an de Grapp: SCB 0 –

Onroueg, mee waarm: De Summer 2017 am Réckbléck

Onroueg, mee waarm: De Summer 2017 am Réckbléck

Relativ waarm, mat gutt vill Sonn awer liicht ze dréchen: Esou schätzt Meteolux de Summer zu Lëtzebuerg an. Dëst hunn se an hirem Bilan elo bekannt ginn.

Stiermeg hat de Juni ugefaangen. Virun allem de 6. Juni gouf et stierm mat Wandgeschwindegkeeten iwwert 70 km/h an esou gouf och d‘Alarmstuff Orange ausgeléist. Dëst war och de Fall, wéi Enn Juni d‘Temperaturen bis op 35°C geklomme waren an sech do hale konnten. Dës onstabil Wiederverhältnesser konnten sech laut Meteolux och bis an de Juli retten. Esou war et dunn wéineg verwonnerlech, datt et deen Ament och vill gereent huet. Dorobber koumen erëm drëchen Deeg, déi vun nach méi Reen ofgeléist gi sinn. Den August war e gutt Stéck méi roueg. Esou waren d‘Temperaturen gréisstendeels gutt ze erdroen, och wann et um Enn vum Mount ëmmer weider erop gaangen ass, bis 30°C den 29. August erreecht gi sinn.

Gutt waarm

D‘Duerchschnëttstemperatur louch bei 18,8°C, wat 1,5°C iwwert de Vergläichswäerter vun 1981-2010 läit. A wat waren déi héchsten Temperaturen vum Summer 2017? Ganzer 35,4°C! Déi goufen den 22. Juni gemooss, woumatter fir dee Mount zu Lëtzebuerg en neie Rekord etabléiert ginn ass. Et war am Duerchschnëtt deen drëtt wäermste Juni zënter 1947. Déi niddregst Temperaturen dogéint huet den 7. Juni mat 7,6°C gebueden. De Summer huet insgesamt 32 Deeg kannt, déi als „summerlech“ (iwwert 25°C) qualifizéieren. Domadder louch e véier Deeg iwwert dem Duerchschnëtt. Liicht ënnert den Duerchschnëtt läit iwwregens de Reen: mat 221,2 Liter op de Meter Carré leie mer 2% ënnert der Vergläichsperiod. Während 38 Deeg huet et gereent, grad mol zwee Deeg manner, wéi am Duerchschnëtt.

Related topics Lëtzebuerg, Wieder
Next post Previous post