Search

You may also like

Spa-Francorchamps: Lëtzebuerger gewënnt Porsche Mobil1 Supercup Rennen
Kultur Neiegkeeten

Spa-Francorchamps: Lëtzebuerger gewënnt Porsche Mobil1 Supercup Rennen

De Lëtzebuerger Pilot vum Team „Momo Megatron Lechner Racing“ hätt

money
Finanzsommet zu Bréissel
Kultur Neiegkeeten

Finanzsommet zu Bréissel

Nom Austrëtt vu Groussbirtannien aus der Unioun, gëllt et eng

money
EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst
Kultur Neiegkeeten

EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst

En Dënschdeg de 15. Januar huet d‘EU-Kommissioun zu Stroossbuerg den

“Summer Academy”: Theater am Lycée Ermesinde

Opféierung vum Schülerspektakel zu Miersch

“Summer Academy”: Theater am Lycée Ermesinde

Am Lycée Ermesinde zu Miersch hu sech Schüler vun der Spektakel-Entreprise zesummegesat an en Theaterstéck geschriwwen. Nach kann ee sech Plaze fir “Summer Academy” op hirem Site sécheren.

“Summer Academy” – esou den Numm vun dësem ofwiesslungsräichen an dynameschen Theaterstéck, dat op seng ganz eegen Aart a Weis Theater, Gesang an Danz ze vereenege weess, wäert de 14. a 15. Juni 2019 am Lycée Ermesinde opgefouert ginn.

Dëse Spektakel hëlt de Public mat an d’Welt vun enger Gesangs- an Danzakademie, bei där net alles wéi virgesinn ofleeft. All d’Choreographien souwéi sämtlech Dialoge sinn eegens vun de Schüler kreéiert ginn.

Plaze kann ee sech hei kropen oder et hofft een, datt nach Ticketen an der Oweskeess ze kréie sinn.

Praktesch Informatiounen

Éischt Opféierung e Freideg, de 14. Juni 2019 vun 19:30 bis 21:30 Auer
Zweet Opféierung e Samschdeg, de 15. Juni 2019 vun 19:30 bis 21:30 Auer
Jeeweils am “Salle de spectacle” am Lycée Ermesinde zu Miersch
Sprooch: Lëtzebuergesch
Präis: 15 Euro fir Erwuessener; 10 Euro fir Schüler a Studenten (Snacken a Gedrénks mat abegraff)
Mindestalter: 6 Joer

Summer Academy Lycée Ermesinde

© Julie Hoffmann, Amandine Heckemanns, Lisa Davezac

Opmaacherfoto: © Julie Hoffmann, Amandine Heckemanns, Lisa Davezac

Related topics Lycée Ermesinde, Miersch, Schoultheater, Summer Academy, Theater
Next post Previous post