Search

You may also like

dislike
Besuch mat fadem Bäigeschmaach: de Yildirim bei der Kanzlerin
Kultur Neiegkeeten

Besuch mat fadem Bäigeschmaach: de Yildirim bei der Kanzlerin

Déi diplomatesch Bezéiungen tëscht Däitschland an der Tierkei sinn am

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
Kultur Neiegkeeten

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

Fräiwëlleg Schnelltester am ëffentlechen Déngscht
Kultur Neiegkeeten

Fräiwëlleg Schnelltester am ëffentlechen Déngscht

En Donneschdeg hat d‘CGFP-Exekutiv eng Visiokonferenz mam Marc Hansen, Minister

Summerdag vun der Literatur am Mierscher Park

E Sonndeg, den 18. Juli 2021, vun 10 bis 17 Auer am Park vum Centre national de littérature (2, rue Emmanuel Servais, Miersch)

Summerdag vun der Literatur am Mierscher Park

Den 18. Juli 2021 invitéiert de Centre national de littérature a Kooperatioun mam Mierscher Lieshaus op den traditionelle Summerdag vun der Literatur a sengem Park zu Miersch, mat Liesungen, Gespréicher, Musek an enger flotter Summerstëmmung.

Ze entdecke si ganz frësch Publikatiounen an, en Avant-Première, Neies vum Bichermaart. Et erwaart Iech, a moies och Är Kanner, e villfältege Programm: Aus hire rezenten, deels nach onverëffentlechte Wierker liese Yorick Schmit, Marina Fonseca, Lisa Junius, Margret Steckel, Friederike Migneco, Anne-Marie Reuter, Elise Schmit, Jeff Schinker, Joseph Kayser a Francis Kirps.

De CNL stellt säin neit Hörbuch Tier und Mensch mat Texter vun der Marie-Henriette Steil aus den 1920er Joere vir. Dem Radio 100,7 seng Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie kënnt deen Dag live aus dem CNL. An d’Claudine Muno spillt Lidder vun hirer neier CD Are you still listening?

Hei ass de Programm am Detail:

  • 10:00 Yorick Schmit: D’Sandmeedchen
  • 10:30 Marina Fonseca, Lisa Junius: Waking the Mountain
    Dëst Kannerbuch gëtt op Lëtzebuergesch an op Englesch virgestallt
  • 11:00 Déi wonnerbar VaLibrairie LIVE
    A Kooperatioun mam radio 100,7
  • 12:15 Margret Steckel: Daisy Fiedler a Friederike Migneco: Im aufsteigenden Zeichen
  • 13:00 Claudine Muno: Are you still listening?
  • 14:00 Anne-Marie Reuter: Blue Elise Schmit: Blue like a Tangerine
  • 14:30 Avant-première: Jeff Schinker: Ma vie sous les tentes
  • 15:15 De CNL stellt säin neit Hörbuch vir: Marie-Henriette Steil: Tier und Mënsch
  • 16:00 Avant-première: Joseph Kayser: Lapsuus
  • 16:30 Francis Kirps: Eber im Nebel

Et gëllen déi legal Dispositiounen am Zesummenhang mat der COVID-19 Sanitärkris.

Matgedeelt vum CNL
Opmaacherbild: © pvproductions / www.freepik.com

Related topics Anne-Marie Reuter, Centre national de littérature, Claudine Muno, CNL, Déi wonnerbar VaLibrairie, Francis Kirps, Jefff Schinker, Joseph Kayser, Lisa Junius, Marie-Henriette Steil, Marina Fonesca, Mierscher Lieshaus, Mierscher Park, Summerdag vun der Literatur, Yorick Schmit
Next post Previous post