Search

You may also like

D‘Bildungspolitik nei orientéieren
Kultur Neiegkeeten

D‘Bildungspolitik nei orientéieren

Duerch d‘Resultater vun de Wahle vum leschte 14. Oktober, hunn

Nuetsschantjen an der Avenue de la Liberté (03.08.2020)
Kultur Neiegkeeten

Nuetsschantjen an der Avenue de la Liberté (03.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt zur Reduktioun vu Stéierungen d’Aarbechten an

Kultur Neiegkeeten

Konditiounen-Gewennspill2018

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Summerfeeling 2021 – E Fest fir all d’Sënner!

Eng wonnerbar Stëmmung mat iwwer 50 Aussteller an Animatioun huet um vergaangene Weekend de Summerfeeling 2021 am Park vum Suessemer Schlass gebueden. Dobäi huet dëst Fest net nëmmen de Summer begleet, mee virun allem d’Gefill vun engem Stéck Normalitéit ënnert de Visiteuren an Exposanten zeréckbruecht.

Um spéide Samschdeg Moien sinn déi kleng a grouss Visiteuren offiziell um Site vum herrschaftleche Schlass zu Suessem begréisst ginn. Vun handwierkleche Kreatiounen fir Gaart an Heem, iwwert eenzegaarteg Bijouen a Kleedungsstécker, hin zu kulinaresche Leckereien hunn d’Aussteller e räichhaltege Menü u Wueren ugebueden.

Mat dobäi war ënnert anerem d’Ekipp vu MELLIS mat hiren alkoholeschen Hunneg-Produkter, fantastesch Keramik-Wierker vum Nathalie Jadin, d’Asbl Autisme Luxembourg, nohalteg Alternative vu Lilynatur, de Lëtzebuerger Gin vun Hamer’s oder och déi kleng Déiercher vun der „Kellermaus“. Wärenddeem hunn d’Stroossekënschtler de Publikum bemoolt, sinn op Stelzen duerch d’Wiss gelaf, hu mam Feier gespillt an d’Dréiuergel lafe gelooss.

Ma, zousätzlech hunn Exposanten, wéi ënnert anerem Sea Shepherd Lëtzebuerg iwwert hir Missiounen am an um Waasser informéiert, d’Situatioun vun de Liewewiesen erkläert a probéiert mam Verkaf vun hiren Artikelen den engagéierte Séipiraten weltwäit ënnert d’Ärem ze gräifen. Verfollegt esou e Fest jo virun allem wirtschaftlech Interessen, esou sollt d’Bildung net vergiess ginn.

Fir de klenge Creux an de groussen Honger ze stellen hunn d’Foodtrucks gesuergt. E Cocktail lénks, a Softdrink riets, a scho konnt de gesellegen Nomëtteg säi Laf huelen. A wie genuch Courage beweise konnt, deen huet um Weekend beim grousse Casting vun Esch2022 matgemaach. Vläicht ass Är Stëmm jo deemnächst bei de Bushaltestellen-Usoen am Minett ze héieren.

Uewe fannt Dir eng kleng Billergalerie zum Summerfeeling 2021 zu Suessem © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Animatioun, Dréiuergel, Hamer's Gin, Kellermaus, Lilynatur, MELLIS, Nathalie Jadin, Sea Shepherd Lëtzebuerg asbl, Stroossekënschtler, Suessem, Suessemer Schlass, Summerfeeling 2021
Next post Previous post