Search

You may also like

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!
Neiegkeeten

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!

Et kléngt verréckt an dat ass och. Datt ee sech

Schueberfouer: Eng Erëffnung mat schlechtem gewëssen?
Neiegkeeten

Schueberfouer: Eng Erëffnung mat schlechtem gewëssen?

Eigentlech ass d‘Erëffnung vun der Schueberfouer d‘Geleeënheet fir eis Politiker

Thüringen: Politchaos bei eisen däitschen Noperen
Neiegkeeten

Thüringen: Politchaos bei eisen däitschen Noperen

Fir den Thomas Kemmerich vun der FDP war et erwisenermoossen

Summerschool 2020: Didaktescht Material zur Nohëllef

Summerschool 2020: Didaktescht Material zur Nohëllef

Säit dem 24. August proposéiert d’Plattform schouldoheem.lu ënnert dem Numm „Summerschool 2020“ gratis thematesch Dossieren mat Opléisungen, fir datt d’Schüler an hirer Summervakanz hir Coursen reviséiere an opschaffe kënnen.

Nodeems duerch d’Coronakris och d’Organisatioun vum Schoulsystem beanträchtegt ginn ass, geet et dorëm, datt kee Schüler dauerhaft benodeelegt gëtt. All Kand a Jugendlechen soll d’Méiglechkeet kréien, sech op d’Rentrée 2020/2021 preparéieren ze kënnen.

Summerschool

© MENJE

Mam didaktesche Material vun der „Summerschool 2020“ kënne Schüler vum Fondamental a Secondaire déi Fächer an Themen nach emol duerchhuelen, an deene si sech net sécher an nach net gutt virbereet spieren.

Fir un d’Léiermaterial ze kommen, muss ee sech mam IAM-Kont iwwert schouldoheem.lu umellen. Vum 31. August bis 11. September 2020 ginn dës Dossieren och an den offiziellen Nohëllefcoursen genotzt.

Related topics Bildung, didaktescht Material, Educatiounsministère, Fondamental, Homeschooling, Nohëllef, Opfrëschung, Rentrée 2020/2021, Schoul, Schouldoheem.lu, Secondaire, Summerschool 2020
Next post Previous post