Search

You may also like

Wat gëtt aus dem Atomofkommes mam Iran? En Interview mam Robert Malley
Neiegkeeten

Wat gëtt aus dem Atomofkommes mam Iran? En Interview mam Robert Malley

Fir de fréiere Beroder vum US-President Barack Obama, a US-Ënnerhändler

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz
Neiegkeeten

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz

D’Majoritéit vun den Deputéierten am Landwirtschaftsausschoss setzt op d’Landwirtschaftspolitik aus

HUMAN – De Film vum Yann Arthus-Bertrand am Kinosch
Neiegkeeten

HUMAN – De Film vum Yann Arthus-Bertrand am Kinosch

Wat mécht eis mënschlech? Ass nëmmen eng vu ville Froen

Grouss Nofro bei der Summerschool 2021

Grouss Nofro bei der Summerschool 2021

No der grousser Nofro vum leschte Joer kann déi sougenannte Summerschool, déi haut a ville Grondschoulen a Lycéeën ugefaangen huet, nees dausende Schüler Nohëllef an Ënnerstëtzung bei de verschidde schouleschen Disziplinnen ubidden. Iwwer 5.500 Kanner aus dem Fondamental an 1.770 Jonker aus dem Lycée profitéiere vun der Offer.

Säit dem 15. Juli stinn op www.schouldoheem.lu 45 thematesch Dossieren mat Verbesserung prett, fir och vun Doheem aus de Schoulprogramm opzefrëschen. Bis ewell konnten iwwert de Site iwwer 31.000 Visiteure gezielt ginn, déi am Ganzen 33.850 Dossieren erofgelueden hunn.

Ma, dobäi kommen elo déi phyesch Coursen am Kader vun der Summerschool. Si gi gratis ugebueden a si fakultativ. Als Aart Nohëllef an ënnert anerem de Sproochen, der Mathe oder och an den Naturwëssenschaften, kréien d’Schüler erkläert, wat si wärend dem Joer net esou gutt verstanen hunn. Zil ass et déijéineg, déi vun dëser Offer profitéieren, esou gutt wéi méiglech op dat kommend Schouljoer virzebereeden.

Wärend am Fondamental virun allem d’Sprooch-Coursen am Däitschen a Franséische gutt besicht wäerte ginn, gouf am Lycée vill no Nohëllef an der Mathe gefrot. Fir datt dës Course stattfanne kënnen, braucht een natierlech och Personal, dat de Jonken Wësse vermëttele wëll.

Am Fondamental këmmere sech 337 Volontairen, dovunner 44 Enseignanten, 199 temporär Remplacanten an 94 Persoune vum nationale Pool „Études surveillées“ ëm d’Ëmsetzung vun der Summerschool. Am Lycée ziele mir 221 Volontairen, ënnertdeelt an 35 Enseignanten, 164 Studenten an 22 Surveillanten.

Opmaacherbild: © pch.vector – www.freepik.com

Related topics Enseignant, Fondamental, Lycée, Mathe, Nohëllef, Schüler, Secondaire, Sproochen, Summerschool 2021
Next post Previous post