Search

You may also like

Kontakt-Tracing Call-Zenter kritt Réckstand an de Grëff
Neiegkeeten

Kontakt-Tracing Call-Zenter kritt Réckstand an de Grëff

De Kontakt-Tracing ass mat déi grouss Erausfuerderung fir d‘Gesondheetsinspektioun, an

D’Reorganisatioun vum RGTR-Reseau op September verréckelt
Neiegkeeten

D’Reorganisatioun vum RGTR-Reseau op September verréckelt

Nodeems een agesinn huet, datt och ee klengt Land wéi

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling
Neiegkeeten

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling

Zanter Jore kann sech déi ungaresch Verwandtschaft bannent der grousser

Summerschool 2021: Gratis a fakultativ Nohëllef fir de Fondamental a Secondaire

Summerschool 2021: Gratis a fakultativ Nohëllef fir de Fondamental a Secondaire

Och an dësem Joer bitt de Bildungsministère nees seng „Summerschool 2021“ fir d’Schüler aus dem Fondamental a Secondaire un, déi hiert Wësse verbesseren a verschidde Retarden opschaffe wëllen. Vum 30. August bis den 10. September ginn et esou verschidden Offeren.

Am vergaangene Joer hunn ëm 4.800 Schüler aus dem Fondamental an 1.100 Jonker aus dem Secondaire vun der Offer profitéiert. Pandemie-bedéngt sinn an dësem Schouljoer eventuell weider Retarden opkomm. Ma, d’Schüler sollt een an dësem Fall net eleng loossen.

Fir de Fondamental

D’Course fir d’Schüler aus den Cyclen 2, 3 a 4.1 si folgendermoossen ënnerdeelt:

  • Mathe an Däitsch fir Cycle 2
  • Mathe, gemeinsame Sproochecours (Däitsch a Franséisch) fir Cycle 3
  • Mathe, Däitsch a Franséisch fir Cycle 4.1

Zu dësen Date wäerten d’Course stattfannen:

  • Cycle 2.2 an 3.2: Vum 30. August bis den 3. September
  • Cycle 2.1 an 3.1: Vum 6 bis den 10. September
  • Cycle 4.1: Vum 30. August bis den 10. September

D’Schüler kënne just un engem Cours wärend enger eenzeger Woch deelhuele, fir awer nach vun der Vakanz profitéieren ze kënnen. Jee no Disziplin gi 6, 10 oder 12 Coursen à 55 Minutten ugebueden. Dës si verdeelt op 5 Moienter an 3 Nomëtteger. E geneeë Stonneplang gëtt den Elteren iwwermëttelt, wa si hiert Kand umellen.

Kanner an der Maison Relais hunn den Transfert an déi jeeweileg Struktur abegraff.

Schüler aus dem Cycle 4.2 besichen de Cours an deem Lycée, an deem si sech ugemellt hunn fir d’Schouljoer 21/22. Do kréie si am viraus e Formulaire mat de Coursenvun engem Titulaire vun der Klass iwwermëttelt, deen ausgefëllt am Sekretariat vum Lycée hannerlooss sollt ginn.

Fir international ëffentlech Schoulen

Hei solle sech d’Elteren direkt un de Sekretariat vun der Schoul wennen

Fir de Secondaire

Hei sinn d’Coursen folgendermoossen ënnerdeelt:

  • Nohëllefcourse fir Schüler, déi am September an den Ajournement ginn (Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathe, Bio, Naturwëssenschaften, Chimie, Physik);
  • Nohëllefcourse fir Schüler déi hir Schwächten opschaffe wëllen (Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathe)

De Schüler ka sech maximal an 2 Disziplinnen aschreiwen, an zwar am Sekretariat vum jeeweilege Schoulgebai. D’Course ginn an all Lycée ugebueden. Fir all Cours sinn 10 Stonnen à 50 Minutten am Block vun zwou Stonne virgesinn. Dës Course kënnen d’Schüler an eng oder zwou Wochen opdeelen.

Generell fir all Schüler

D’Dossieren, déi de SCRIPT an dësem Kader ausgeschafft huet, sinn ab dem 15. Juli och op www.schouldoheem.lu ze fannen. Hei fanne Schüler an Elteren d’Aufgabe mat Korrektur-Modeller, fir och eegestänneg Doheem léieren ze kënnen.

Bei Froe kënne sech Elteren a Schüler un d’Helpline 8002-9090 wennen.

Related topics Bildungsministère, Bio, Fondamental, Lycée, Mathe, Nohëllef, Pandemie, Schouldoheem.lu, Schüler, Secondaire, Sproochen, Summerschool 2021
Next post Previous post