Search

You may also like

money
Eng nei App fir Iech mat der Lëtzebuerger Steiererklärung ze hëllefen!
Kultur Neiegkeeten

Eng nei App fir Iech mat der Lëtzebuerger Steiererklärung ze hëllefen!

taxx.lu, zënter 2018 déi éischt Plattform fir d’Lëtzebuerger Steiererklärung online

Groussbritannien huet en neie Premierminister
Kultur Neiegkeeten

Groussbritannien huet en neie Premierminister

Et war eigentlech kloer, mee elo besteet Gewëssheet: de fréiere

Commemoratioun vun der Befreiung vu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Commemoratioun vun der Befreiung vu Lëtzebuerg

Och an der Minettemetropol Esch-Uelzecht ass gëschter un d‘Befreiung vu

D’Summerschoul vun der Nationalbibliothéik war

…wéi erhofft a wuel och verdéngt: natierlech e volle Succès

D’Summerschoul vun der Nationalbibliothéik war

Vum 2. bis de 6. August 2021 huet d’Summerschoul vun der Nationalbibliothéik stattfonnt. An der “BnL Summer School” solle Studenten an ënnerschiddleche Workshoppen sou wéi duerch praktesch Aarbechten en Abléck an d’Aufgabe vun de Bibliothekären an Archiviste kréien.

De Programm war nawell ofwiesslungsräich, et goung ënnert anerem ëm d’Katalogiséierung vun Dokumenter, de Liessall, d’Logistik an der Nationalbibliothéik oder d’Acquisitioun vun digitale Publikatiounen sou wéi d’Conservatioun an d’Digitaliséierung vum Lëtzebuerger Patrimoine. Wärend enger Woch hunn d’Studente geléiert, wéi komplex d’Beruffer am Beräich vun de Bibliothéiken ass.

Duerch déi villfälteg Aufgaben an d’Erausfuerderungen déi ee sech am digitalen Zäitalter muss stellen, hunn si net nëmmen d’Theorie, mee och d’Praxis kennegeléiert. Dës weidere konnten d’Studenten duerch dës kleng Summerschoul zukünfteg Kolleegen treffen a sech mat Experten austauschen. Wéinst dem grousse Succès vun dëser éischter Editioun vun der BnL Summer School, wäert den Trainingsprogramm elo en integralen Deel vun der pedagogescher Offer vun der Nationalbibliothéik ginn.

14 Studenten hunn un der Summerschoul deelgeholl. Belount goufen si mat engem Certificat, deen si an hiren zukünftege professionelle Bestriewunge kënne benotzen. D’Jonk BAD hunn d’Nationalbibliothéik mat engem Informatiounsstand ënnerstëtzt. (https://acel.lu/cercles/jonk-bad/)

Illustratioun: © vnwayne fan / unsplash

Related topics Bibliothekären, BnL, Jonk BAD, Nationalbibliothéik, Summerschoul
Next post Previous post