Search

You may also like

surprise
Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng
Neiegkeeten

Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng

De Sebastian Fitzek ass en däitschen Thriller-Autor, deen 1971 a

money
D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo
Neiegkeeten

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

Haut huet d‘Cargolux seng nei Fluchverbindung Lëtzebuerg-Tokyo ageweit. Vun elo

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!
Neiegkeeten

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!

An enger Summernuecht den Himmel ze bewonneren ass net nëmme

Endlech Summervakanz!

Endlech Summervakanz!

Haut fänkt offiziell d’Summervakanz un. Vill Eltere froen sech, wéi si hier Kanner op laang Dauer beschäftege kënnen. Ass et net schonn ze spéit fir Aktivitéiten ze plangen oder ass Spontanitéit dat Schéinst? Eigentlech sinn et dach déi kleng Saachen, déi eng Summervakanz onvergiesslech kënne maachen. Sou munches kascht kee Geld. Ma, wat fir eis Erwuessener zimlech onspektakulär ka schéngen, erweist sech fir d’Kanner als eppes Besonnesches.

Ech erënnere mech un de grousse Spaass wärend dem Summerreen an e Pull ze sprangen oder an engem Baach Kauzekäpp ze fänken. Dat schéinste Gefill war, buerféiss iwwert d‘Wisen ze lafen – bis datt ech gepickt gouf – also oppassen!

D’Heesprénger owes spéit an d’Geräischer vun der Natur héieren, dobäi d’Stäre bewonneren – dat ass dach en Erliefnes. Et sinn déi kleng Momenter an deene Kanner sech fräi fillen an un déi si sech méi spéit am Léifsten erënnere wäerten.

A wann et de Kanner mol langweileg gëtt? Ma, och dat ass eng wichteg Erfarung fir si. Langweil mécht kreativ a bréngt si op Iddien, déi hinne wuel ouni e vollstännege Bespaassungsprogramm ni an de Kapp komm wieren. Et kënnt op déi richteg Mëschung un!

Also wat maache mir an der grousser Vakanz? Hei e puer Iddien:

  • Fussball oder Basketball spillen, entweder op engem Terrain, am Schoulhaff oder Doheem;
  • An de Kloterpark klotere goen;
  • Op e Bauerenhaff fueren, deen Aktioune fir Kanner organiséiert. D’Robbesscheier an de Kass-Haff hunn eng ganz Rëtsch vun Aktivitéite fir Grouss a Kleng um Programm;
  • Steng sammele kënnt ni aus der Moud. Et ass un der Zäit se schéin ze bemolen;

Summervakanz
© Sigmund / unsplash

  • E Spadséiergang. Awer net am Dag, mee owes wann et däischter ass. Täscheluucht apaken a lass geet et (An de Wéngerten ass et spektakulär ëm dës Zäit);
  • Eng Kësseschluecht. Sou einfach an et gëtt ze seele gemaach;
  • D’Welt vum Waasser aus entdecken. Eng Bootstour wär perfekt. An eng Fläschepost verschécken;
  • Natierlech an de Bësch goen, fir d’Kanner ass et eng riseg Spillplaz. Nach e Picknick a Sonnecrème apaken an den Dag ass geplangt. Vergiesst net Iech owes op Zecken ze kontrolléieren;
  • Eng Hiel dobanne bauen. Einfach e puer Miwwele beienee réckelen, grouss Dicher an Decke kropen a mat Wäscheklameren e kuschelecht Zeltparadies bauen;
  • Eng nei Spillplaz besichen. De Mënsch ass e Gewunnechtsdeier – probéiert mol eppes Neies aus;

Eng schéi Summervakanz a vill Spaass gewënscht!

Opmaacherbild: © Carlos Magno / unsplash

Related topics Aktivitéiten, Bësch, Kanner, Kass-Haff, Kësseschluecht, Kloterpark, pedagogesche Bauerenhaff, Robbesscheier, Spadséieren, Spillplaz, Sport, Summervakanz
Next post Previous post