Coronavirus: CARE Lëtzebuerg appelléiert un d‘Solidaritéit
160 Länner si weltwäit vun der Coronavirus-Pandemie betraff. CARE erweidert
160 Länner si weltwäit vun der Coronavirus-Pandemie betraff. CARE erweidert
Dat dierft vill Bierger an Nordkorea iwwerrascht hunn: hire Leader
27 Mënsche waarde säit méi ewéi dräi Wochen um Frachtschëff “Maersk Etienne”
Et war een Accident. Net gewollt an op kee Fall geplangt. Nom déidleche Virfall, bei deem säi Mann, den Nasser ëmkomm ass, soll d’Maryam d’Doudesstrof. Déi eenzeg Persoun déi hëllefe kann ass d’Mona, Meedche vum Verstuerwenen. Alles wat hat maache muss, ass bei enger Fernseh-Show der Beschëllegter ze verzeien. Allerdéngs ass dat méi schwéier, wéi geduecht.
Bei der Präisiwwerreechung huet de Regisseur Massoud Bakhshi ervir gehuewen, datt mir all eist bescht misste ginn, fir net zu gläichgëltegen Observateuren ze ginn. „Mir sinn all Mënschen. Ech gleewe fest drun, datt mir dës Welt zum Besseren ännere kënnen, wa mir just un eis Mënschlechkeet gleewen an ech sinn iwwerzeegt, das set och bei Sundance dorëm geet.“
Yalda, A Night for Forgiveness vum Massoud Bakhshi
D’Ekipp vun Amour Fou seet an dësem Kader dem Helder Loureiro Alves Da Silva villmools Merci fir d’Beliichtung an déi staark Participatioun beim Dréi zu Teheran. Donieft sinn et awer och de Guy Daleiden, d’Karin Schockweiler, de Selektiounscomité an d’Ekipp vum Filmfund Luxembourg, bei deenen ee sech fir d’Ënnerstëtzung bedanke muss.
De Film Yalda, A Night For Forgiveness gëtt an Europa déi éischt Kéier op der Berlinale 2020 presentéiert.
Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Agathe Mauruc, Nicole Gerhards, Jacques Bidou, Marianne Dumoulin, Julian Atamassov, Benedikt Wechsler, Frida Wechsler a Guy Daleiden