Search

You may also like

Iwwer 626.000 Awunner zu Lëtzebuerg – méi Bestietnisser, awer och méi Scheedungen
Neiegkeeten

Iwwer 626.000 Awunner zu Lëtzebuerg – méi Bestietnisser, awer och méi Scheedungen

Wärend dem Joer 2019 huet d’Populatioun vu Lëtzebuerg ëm ganzer

Klimagesetz: Méi wéi Ambitiounen?
Neiegkeeten

Klimagesetz: Méi wéi Ambitiounen?

Haut viru genee 5 Joer ass dat sougenannte „Paräisser Ofkommes“

money
D‘EZB hält um aktuelle Kurs fest a priedegt Optimismus
Neiegkeeten

D‘EZB hält um aktuelle Kurs fest a priedegt Optimismus

Déi europäesch Zentralbank (EZB) soll haut déi nei Previsioune verëffentlechen,

Fir d’Elektromobilitéit: Éischt „SuperChargy“-Statiounen um Kierchbierg

Gëschter sinn déi éischt zwou sougenannt „SuperChargy“-Statiounen um Parking vun der Lëtzebuerger Universitéit um Kierchbierg ageweit ginn. Bis 2023 sollen ganzer 88 Exemplaire vun dësen ultra schnellen ëffentlech Opluetstatioune fir elektresch Gefierer op 19 Plazen uechtert d’Land verdeelt sinn.

Ma, bei der Presentatioun vun dëse super schnellen Opluetstatioune waren den Transportminister François Bausch, den Energieminister Claude Turmes an de Generaldirekter vun der CREOS, de Marc Reiffers mat dobäi.

SuperChargy(v.l.n.r.) François Bausch, Vize-Premier an Minister fir Transport an ëffentlech Aarbechten; Claude Turmes, Energieminister; Marc Reiffers, Generaldirekter vun der CREOS © MEA / Sophie Margue

Nieft den ëffentlechen Statiounen mam Numm „Chargy“ an „Chargy-OK“, completéiert „Super Chargy“ d’Offer un ëffentlechen Opluetstatiounen. D’Modeller hunn all en ähnlechen Design, ënnerscheede sech awer gutt siichtbar vuneneen a spéitstens duerch de jeeweilege Logo kann ee si auserneen halen. Duerch e gemeinsamen an zentralen Informatiounssystem, bei deem d’Statiounen an d’Fournisseuren kommunizéieren, kann den Notzer mat enger Kaart bei alle kompatibele Statiounen säi Gefier oplueden.

De Stroum, deen hei zur Verfügung gestallt gëtt, ass zu 100 % erneierbar. Den Notzer wäert duerch e Beliichtungssystem ni am Däischtere stoe mussen an och de Wifi kann de Clienten gratis op der Plaz notzen. D’Zäit, an där den Auto opgeluede gëtt, muss ee jo iergendwéi ëmkréien.

SuperChargy

An dësem Kader huet de Minister Bausch drop opmierksam gemaach, dass zënter der Installatioun vun den éischten „Chargy“-Statiounen viru 4 Joer net nëmmen d’Immatrikulatiounen vun elektresche Gefierer zu Lëtzebuerg immens an d’Luucht gaangen ass, mee och d’Autonomie an d’Vitesse fir opzelueden staark evoluéiert hunn. Ënnerhalb vu wéinege Minutten wier d’Gefier gelueden an et kéint nees e puer honnert Kilometer gefuer ginn.

„Grad fir gréisser Distanze mat zu 100 % elektreschen Autoen ze favoriséieren war et wichteg um nationalen Niveau esou ultra schnell Infrastrukturen virzegesinn, déi esou einfach ze handhabe sinn wéi „Chargy“-Statiounen“; sou de François Bausch. Gläichzäiteg ass et fir den Energieminister Claude Turmes essentiell de Passage op d’Elektromobilitéit esou einfach wéi méiglech ze gestalten. Ganz nom Prinzip „Praktesch, propper an no bäi“ sollen déi gesate Klimaziler erreecht ginn.

SuperChargy

Am Joer 2016 ass d’CREOS domat beoptraagt ginn, fir zesumme mat weidere Gestionnaire vum Distributiounsreseau d’Opluetstatiounen opzestellen. Aktuell zielt de System ëm 600 „Chargy“-Statiounen an méi wéi 460 ëffentlech „Chargy-OK“-Statiounen. Och ëm déi 88 super schnell Opluetstatiounen wäert d’CREOS sech këmmeren.

Related topics Chargy, Claude Turmes, CREOS, elektresch Gefierer, Elektromobilitéit, Francois Bausch, Infrastruktur, Marc Reiffers, Opluetstatiounen, SuperChargy
Next post Previous post