Search

You may also like

Asiago International Philatelic Art Prize: D’Lëtzebuerger Timberen hunn iwwerzeegt!
Neiegkeeten Stories

Asiago International Philatelic Art Prize: D’Lëtzebuerger Timberen hunn iwwerzeegt!

D’POST Lëtzebuerg erhält den Equivalent vum „Oscar“ an der Philatelie

Prisongsreform: ALOS an LDH fuerderen eng Transitiounsperiod
Neiegkeeten Stories

Prisongsreform: ALOS an LDH fuerderen eng Transitiounsperiod

De Mëssstand am Prisong vu Schraasseg, wou et rezent zum

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!

Déi wuel weltwäit berühmtste Popp kritt eng 6 vir! Trotz

Superdreckskëscht: En Offallspezialist mat sozialer Vocatioun

Wat geschitt mat eisen „Problem-Knascht“ oder soss geféierlechem Offall? Mir ware kucken…

Um Superdreckskëscht-Standuert vu Kolmer-Bierg lant alles un Offall dat fir Mënsch an Ëmwelt zu enger Gefor kéint ginn. Wat kann, dat gëtt recycléiert, mee et gëtt Villes dat muss a spezialiséierte Verbrennungsanlagen „entsuergt“ ginn. Mam Direkter a sengem Adjoint ass iwwert den Zyklus vun dëse Produite geschwat ginn.

D‘Superdreckskëscht (SDK) ass wäit méi wéi eng „Entreprise“ am klassesche Sënn an hei ginn och nach ëmmer déiselwecht Ziler verfollegt, déi ee sech bei der Grënnung 1985 gesat huet. Vun de Bierger fir de Bierger war sengerzäit de Motto, wéi et drëms gaangen ass, datt och d‘Privatleit eng Plaz brauche fir hirem „Problem-Knascht“ lasszeginn. A si hu gutt Pionéieraarbecht geleescht…

Hei war eppes ugebuede gi war de Bierger gebraucht huet a bis haut erfollegräich bedriwwe gëtt. Et ass „normal“ wéi villes ginn a kaum een hannerfreet wat an de groussen Halen an der Industriezon zu Kolmer-Bierg geschitt. Déi meescht wäerten sech soen: „Wësse jo wat ze maachen“ firwat et net verkéiert emol e Bléck hannert d‘Kulissen ze geheien. Wou geet d‘Frittefett hin, wou d‘Batterien?

Villes vun deem wat vun der Superdreckskëscht zu Kolmer-Bierg an Empfang geholl gëtt, kann een duerchaus als „Ressource“ bezeechnen. Esou e perfekt Beispill ass den Ueleg an aner Fetter déi an der Gastronomie agesat ginn. Frittefett beispillsweis (egal ob et ee puer Liter aus der heemescher Kichen oder ganz Fässer aus der Frittebud op de Fouer sinn) ass och no Gebrauch säi Geld wäert.

Superdreckskëscht

© Martine de Lagardère/moien.lu

De Klaus Schu, Direkter vum SDK-Site zu Kolmer-Bierg erkläert, datt dësen Ueleg ab d‘Fetter wa se bis „opgeschafft“ goufen, als Energieträger kënne genotzt ginn. Hire Site gëtt domatter gehëtzt a Bio-Diesel maachen si och nach dorausser. Dee gëtt an hire Gefierer genotzt. Dat ass gutt esouwuel fir de Portmonni, wéi och fir d‘Ëmwelt. Mee et gëtt zu Kolmer-Bierg net nëmmen ëm „Sprit“.

Zortéieren a recycléieren

De Standuert huet eng Fläch vu gutt 2 Hektar an et gëtt esou lues enk. Dat ass de Präis vum Erfolleg an de Besuch vun der grousser Hal wou déi ugeliwwert Stoffer zortéiert ginn, en däitlechen Indiz. A wann ee weess wat 5.500 Quadratmeter ausmaachen, déi dann och nach zolidd „ausgelaascht“ sinn, da kann ee sech liefhaft virstellen, datt déi 85 Salariéeë vun der SDK richteg beschäftegt sinn.

Villes léisst sech recycléieren an esou kéint ee behaapten, datt d‘Superdreckskëscht schonn 1985 de Grondstee fir déi lëtzebuergesch „Zirkularwirtschaft“ geluecht huet. Et gëtt getrennt a recycléiert, dat wat bei der SDK zu Kolmer-Bierg lant ass eben net nëmmen „Dreck“ et ass virun allem emol eng Ressource déi e Wäert an en Notzen huet. SDK huet deemno och ech wirtschaftlech Funktioun.

Esou ee Site verlaangt natierlech och entspriechend Sécherheetsvirriichtungen, an en Bléck an d‘Hal mécht däitlech: hei ass sech Gedanke gemaach ginn. Am Regallager gehéieren Opfangbecken zur Grondausstattung, Feiermelder, Sprinkleranlag an nach méi Sensore securiséieren de Site. Beim geréngste „Problem“ gëtt Alarm ausgeléist (och via Smartphone) an et kann agegraff ginn.

Drëpst beispillsweis eng Flësseg an eng vun de Cuven, an den Alarm léist aus, ass direkt gewosst ëm wéi e Produit et sech handelt. Dovunner hänkt dann d‘Urgence vun der Interventioun of. Als Anekdot dierf een ernimmen, datt d‘Sensore wierklech sensibel sinn, an och e Spannennetz schonn emol esou en Alarm kann ausléisen. Dat ënnersträicht awer och wei securiséiert de Site ass.

Formatioun als Atout

Wat d‘Sécherheet betrëfft, esou ass et „déi Prioritéit“ vun der Superdreckskëscht. D‘Personal gëtt entspriechend forméiert, et ass kee Soustraitant dee fir d‘Sécherheet vum Site verantwortlech ass, wann owes d‘Aarbechter an de verdéngte Feierowend ginn, dat maachen déi eege Leit. An déi Reegel gëllt generell a besonnesch dann, wa Saachen ugeliwwert ginn déi „Onbestëmmt“ sinn.

Et kann ee sech kaum virstelle wei vill Knascht et gëtt vun deem net gewosst ass wat sech alles doranner verbiergt. Entdeckt ee beispillsweis beim Bop am Schapp en alen Eemer vun Anno Tubak an et huet e keng Ahnung wat jeemools doranner ka gewiescht sinn, dann, esou de Klaus Schu, sollt een der SDK vertrauen. Si huelen en Echantillon deen am eegene Labo ënnersicht gëtt.

Interessant – well een och vläicht net erwaart hätt – d‘Leit vun der Superdreckskëscht hunn och eng Formatioun beim Service Deminage vun der Lëtzebuerger Arméi erhalen. Et weess ee schliisslech ni wat een esou erwaart. A wat net dreet ze explodéieren an nach en „zweet Liewen“ virun sech huet gëtt ebe recycléiert. An och hei huet d‘Superdreckskëscht nees eng Virreiderroll ageholl.

Superdreckskëscht

Am Labo zu Kolmer-Bierg kann d‘Superdreckskëscht och selwer préiwe wat sech wouranner befënnt. Datt ass ëmmer besonnesch da wichteg, wa kee méi weess wat Eemer dra war an et och net méi drop steet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Al oder ofgebrannte Käerze sinn eng Ressource déi gären agesammelt gëtt. SDK huet esou eppes wéi e Partenariat mat der Käerzefabrick, déi aus dëse „Reschter“ nei Käerze mécht. Och mat Robin, engem Lëtzebuerger Lackhiersteller steet esou eng Partnerschaft an Aussicht. Den Ament gëtt nach eppes gedoktert, mee wann d‘Tester gutt sinn kéinten iwwer 50 Tonnen/Joer recycléiert ginn.

De soziale Vecteur

Fir déi Offäll déi och SDK net recycléiere kann, heescht et „auswanderen“. Fir den Ament geet dat meescht op Antwerpen an eng Verbrennungsanlag. Fir den Transport wier et sécherlech praktesch an och méi Ëmweltfrëndlech wann deen iwwert d‘Schinn géif lafen. Dat ass onwirtschaftlech wéi et de Klaus Schu erkläert. Onerkläerlech och, datt de Stroossentransport nëmmen d‘Hallschent kascht.

Géint wirtschaftlech Virgabe kann ee séier wéineg maachen, dofir kompenséiert d‘SDK dat ganz gutt mat sozialem Asaz. Zanter dem Joer 2000, ënnerhält d‘Superdreckskëscht mat der Ligue HMC eng Partnerschaft déi hir Friichten dréit. Et war sécherlech e Virdeel datt dat de Klaus Schu an de fréieren HMC-Direkter sech kannt hunn, mee elo knapp 20 Joer drop, wéilt keen drop verzichten.

Dës Mënsche mat spezifesche Besoine ginn awer net agesat fir sech d‘Zäit ze verdreiwen. Gutt mat de geféierleche Stoffer kommen se wuel och net a Beréierung, an awer leeschten si hei ee ganz wäertvolle Beitrag. Si sinn integréiert a ginn encadréiert, sinn sech bewosst datt si „gebraucht“ ginn an esou och hire wirtschaftleche Beitrag un der Gesellschaft leeschten. Och dat ass „Super…“.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Ëmweltschutz, HMC, Kolmer-Bierg, SDK, SuperDreckskëscht
Next post Previous post