Search

You may also like

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat
Neiegkeeten Stories

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat

Bei engem Wieder wou een eigentlech keen Hond hannert dem

USA: Nom Handelskrich… den Technologie-Krich
Neiegkeeten Stories

USA: Nom Handelskrich… den Technologie-Krich

Mat de Chinesen huet et den Donald Trump net. An

Linkin Park: Suicide vum Chester Bennington bestätegt
Neiegkeeten Stories

Linkin Park: Suicide vum Chester Bennington bestätegt

De Sänger vun der Metall-Band „Linkin Park“, Chester bennington huet

SuperDrecksKëscht® fir Betriber: Wat mécht SDK um Chantier?

SuperDrecksKëscht® fir Betriber: Wat mécht SDK um Chantier?

Sponsored Story: Am Bausecteur läit den Haaptpunkt bei der Planung vu Gebaier ënnert funktionellen an ästheteschen Faktoren. Ma, och wann een et net menge géif, mee och am Bausecteur kann een eng Offallgestioun maachen. Mat Hëllef vun der Initiativ SuperDrecksKëscht® fir Betriber sollen ënnert anerem den Offall reduzéiert an d’Offallproduiten, déi beim Bau ufalen, richteg entsuergt ginn.

D’Zortéiere vum Offall soll en integrale Bestanddeel vun enger gudder Bewirtschaftung vun engem Chantier sinn. Eng gutt duerchduechten Offallwirtschaft hëlleft net nëmmen, d’Käschten ze reduzéieren, mee huet och eng positiv Auswierkung op d’Aarbechtssécherheet um Chantier.

De Baustellekonzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber ziilt op d’Verbesserung vun der Offallvermeidung a –wirtschaft op de Chantieren an dréit domat zu enger Baustellebewirtschaftung am Accord mat de gesetzleche Bestëmmunge bäi.

SDK

D’Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber gëtt Iech nëtzlech Informatioune iwwer d’Reduktioun vum Volume an d’Schiedlechkeet vum Offall.

De Bäitrëtt vum Chantier zu der SuperDrecksKëscht® fir Betriber huet déi folgend Virdeeler:

  • Kontroll vum Chantier duerch de Beroder vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber bei der Iwwerpréiwung vum Label a beim Rapport iwwer den Zoustand vum Zortéierzentrum un de Signataire vum Kader-Accord;

  • Bereetstelle vun Autocollante fir déi verschidde Sammelcontaineren ze markéieren;

  • Quantifikatioun vum Offallvolume, dee beim Bau ufält;

  • Plange vun der Sammelstatioun (Containergréisst, Lagerplang,…) um Chantier;

  • Bereetstelle vun engem Depliant fir d’Sensibiliséierung vun de Benotzer vum Zortéierzentrum;

  • Organisatioun vun enger zousätzlecher Formatioun (2 Stonnen) fir den Offallbeobtragten;

  • Benotze vum Fait, datt e Chantier op enger vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber mat engem Label ausgezeechenter Baustell iwwerwaacht oder bewirtschaft gouf, fir Reklammszwecker.

SDK

Wann d’Krittäre fir d’Verdeelung vum Qualitéitslabel vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber agehale ginn, kann de Chantier de Qualitéitslabel vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber kréien. Duerch den Asaz vum Konzept vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber kënnen d’Bauhären an d’Betriber zu enger nohalteger Entwécklung bäidroen.

All wichteg Informatioune vun der Planung, iwwert d’Ëmsetzung bis hin zur Erdeelung vum Qualitéitslabel kritt Dir op www.sdk.lu. Hei an op hirer Facebook-Säit erwaarden Iech zudeem weider nëtzlech a spannend Informatiounen zur Offallvermeidung, Recycling, Verwäertung an Elimiéierung vum Offall.

Opmaacherbild: Vun der Berodung bis zur Ëmsetzung vun der Offallgestioun steet Iech d’Ekipp professionell zur Säit © SDK

Related topics Bausecteur, Chantier, Offallgestioun, Offalltrennung, Offallvermeidung, Recycling, Sammelcontainer, SuperDreckskëscht, SuperDrecksKëscht fir Betriber
Next post Previous post