Search

You may also like

Shutdown: Zu Washington verhäerten sech d‘Fronten
Kultur Neiegkeeten

Shutdown: Zu Washington verhäerten sech d‘Fronten

Och den Zweete „Sommet“ am Wäissen Haus huet keng Léisung

Erneierung vun der Strooss an der Rue Caroline Baldauff-Rothermel, Herbert Schaefer a Benjamin Franklin (03.-04.09.2020)
Kultur Neiegkeeten

Erneierung vun der Strooss an der Rue Caroline Baldauff-Rothermel, Herbert Schaefer a Benjamin Franklin (03.-04.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt d’Stroosse vun der Rue Caroline

Mësstrauensvott géint britesch Premierministesch gescheitert
Kultur Neiegkeeten

Mësstrauensvott géint britesch Premierministesch gescheitert

Et weess ee wierklech net méi op ee laachen oder

Superjhemp-Ausstellung – och un de Sonndeger op!

Superjhemp-Ausstellung – och un de Sonndeger op!

D’Ausstellung De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck ass net nëmmen an der Woch, mee och un gewësse Sonndeger op! A fënnef Säll proposéiert den Nationale Literaturezenter (CNL) zu Miersch déi fantastesch Wierker vun de Maacher Czuga a Leiner, sou wéi een déiwen Abléck hannert d’Kulisse vum Comic zu Lëtzebuerg.

U folgende Sonndeger kënnt Dir d’Ausstellung erliewen:

  • E Sonndeg, de 16. Juni 2019 vun 14.00 bis 18.00 Auer
  • E Sonndeg, den 30. Juni 2019 vun 10.00 bis 18.00 Auer
    Ab 13. Auer ginn och gratis guidéiert Visitten ugebueden, bei deenen ee sech am viraus iwwert literaturarchiv.lu umelle muss
  • E Sonndeg, de 7. Juli 2019 vun 11.00 bis 16.00 Auer

Superjhemp

D‘Ausstellung De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntster BD zu Lëtzebuerg. Wéi ass et zu der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner komm? Wéi vill Lëtzebuerg stécht a Luxusbuerg? A wéi bréngt de Superjhemp et fäerdeg, mat Kachkéis d’Dynastie ze retten a Luxusbuerg zu engem vun de sécherste Länner vun der Welt ze maachen? Besicht Luxusbuerg mat sengem pittoreske Patrimoine, sengen ominéise Banken a senge potzpuddelplakege Fraen. Poznennö!

Related topics Ausstellung, CNL, Comic, Lucien Czuga, Roger Leiner, Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
Next post Previous post