Search

You may also like

Taifun iwwer Japan
Kultur Neiegkeeten

Taifun iwwer Japan

An Japan huet den Taifun „Hagibis“ schwéiert leed an a

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier
Kultur Neiegkeeten

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier

„CSV an LSAP hunn d‘Stolindustrie u Mittal ausgeliwwert!“. Esou d‘Iwwerschrëft

D’Wanteraktioun gëtt bis den 30. Juni 2021 verlängert
Kultur Neiegkeeten

D’Wanteraktioun gëtt bis den 30. Juni 2021 verlängert

Opgrond vun der aktueller Gesondheetssituatioun hunn de Ministère fir Famille,

Superjhemp: Grouss Ausstellung am Nationale Literaturzenter zu Miersch

Vum 5. Juni bis den 29. November 2019 zu Miersch am CNL

“OH, KUCK! DO UEWEN!
AS ËT E VULL?
AS ËT EN AVION?
NEE, ET AS
DE SUPERJHEMP”

Dëst bekannten Zitat aus der Rei vun de Superjhemp-BDen erstreckt sech neierdéngs iwwert de Plafong vun der Receptioun am Nationale Literaturzenter (CNL) zu Miersch. Zäitgläich mat der Verëffentlechung vum Buch “De Superjhemp – Ënnert dem Röntgenbléck” fänkt d’Ausstellung iwwert eisen Nationalheld un. Dës Ausstellung dierft och fir agefleeschte Superjhemp-Fans sou munch Iwwerraschungen ze bidden hunn.

Fir déi alleréischte Kéier huet eng Allianz aus Comiczeechner, Frënn a Wëssenschaftler eng Expeditioun an de Superjhemp-Universum gewot an onverëffentlecht Dokumenter, nei Zeechnungen an onerwaarten Erkenntnisser mat zeréckbruecht. Eng Erliefnisrees duerch dräi Joerzéngte fir déi agefleeschte Fans vun der éischter Stonn a fir déi, déi just de “Retörn” vum Superjhemp kennen.

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck

© Melvin Hatto/moien.lu

Den CNL-Direkter Claude Conter, souwéi d’Anouk Stephano an de Claude Kremer vum CNL hunn en Dënschdeg eng éischte Kéier en Abléck an d’Ausstellung an och an d’Aarbecht, déi dohannert stécht, ginn. Dobäi fält op, datt nieft vill Kompetenz ganz vill Häerz an dësem Projet stécht. Zesumme mat enger Rëtsch weidere Partner ass sech déi lescht Méint ganz vill domat beschäftegt ginn, d’Comicke vum “Mister Kachkéis” ze liesen souwéi an den 265 Archiv-Këschten aus dem Fong Roger Leiner L-400 ze wullen. Dës Këschten huet d’Famill vum Lëtzebuerger Zeechner dem CNL no sengem Doud 2016 uvertraut.

Eng Ausstellung a fënnef Deeler

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntster BD zu Lëtzebuerg.

An enger éischter Etapp gëtt den historeschen Aspekt vu Comicken zu Lëtzebuerg ënnert d’Lupp geholl. Waren déi am Ufank éischter a Kannerzeitunge präsent, esou hu se sech ab den 80er Joren un ëmmer méi grousser Beléiftheet bei Erwuessenen erfreet. Nodeems den Asterix-Comic “Le fils d’Astérix” op Lëtzebuergesch iwwersat ginn ass, huet een op eemol e ganz neie Marché bei eis entdeckt.

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck

De Claude Kremer vum CNL erkläert hei grad, wéi de “Bommeleeër” zum Erfolleg vum Superjhemp bäigedroen huet. © Melvin Hatto/moien.lu

An enger zweeter Phas geet et dann ëm d’Zesummenaarbecht tëscht dem Zeechner Roger Leiner an dem Zeenarist Lucien Czuga. Op enger Zäitleescht, déi sech iwwert den Eck vun der Mauer erstreckt, ginn ënner anerem hir Parcoursen duergestallt. Interessant sinn och déi sëllech Dokumenter, op deenen ee ganz konkret gesäit, wéi si zesummegeschafft hunn. De Lucien Czuga huet sou zum Beispill ganz konkret Iddien am Kapp gehat, wou a wéi de Roger Leiner seng Zeechnungen ufäerdege soll a wousst dat dann och passend ëmzesetzen.

An engem drëtte Raum ginn dann d’Personnagen aus dem Superjhemp-Universum ënnert d’Lupp geholl. Fir dem Superjhemp seng Relatioun zu deene ville Personnagen ze retracéieren, sinn extra Datebanken erstallt ginn, erkläert d’Anouk Stephano. Sou konnt ee festhalen, wéi oft de Superjhemp mat wiem an a wéi engem Band ze dinn hat. Bei dëser Geleeënheet gëtt an engems dem Superjhemp säi Charakter ënner d’Lupp geholl.

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck

Zesumme mam Kadasteramt huet een eng Kaart vu Luxusbuerg gezeechent. Ob “Mierw bei Rolléng”, “Sable parce qu’il” oder “Hueltiechdernach” – all Uertschaft aus de Superjhemp-BDe sinn hei agedroen. De Claude D. Conter, Direkter vum CNL, schwätzt hei iwwer d’Zesummenaarbecht mam zoustännege Ministère © Melvin Hatto/moien.lu

Am nächste Raum geet et da vill ëm d’Identitéit vu Luxusbuerg a senge Bierger. Hei fält besonnesch déi grouss Kaart vu Luxusbuerg op. Et huet een zesumme mam Kadasteramt zesummegeschafft an all déi Uertschaften, déi mat hire Luxusbuerg-Nimm am Superjhemp virkommen, op déi passend Plaze gesat.

De Schluss vun der Ausstellung hëlt sech dann nach dem Thema vun der Vermaartung an dem Film un. Och haut gëtt nach ganz vill Reklamm mam Superjhemp gemaach. Ausserdeem fënnt een hei en Eck, wou de Superjhemp op en Neits gezeechent ginn ass. Fënnef Zeechner si gefrot ginn, eng Superjhemp-Geschicht an hirem eegene Stil op enger Säit duerzestellen.

Et sief ze betounen, datt bei dëser Ausstellung just e klengen Deel vun deenen onzielegen Dokumenter, Zeechnungen a perséinleche Géigestänn ze gesi sinn. Ervirsträichen ass och déi analytesch Aarbecht, déi hannert dësem Projet stécht, fir de Superjhemp och wierklech “ënnert dem Röntgenbléck” ze erfuerschen. Nieft dem Literaturarchiv gëtt et dann elo och e Comic-Archiv.

D’Ausstellung geet bis den 29. November 2019. D’Buch heiriwwer kritt ee fir 25 Euro ze kafen. Weider Informatioune fannt Dir op dësem Site.

Opmaacherfoto: Wann een zu Miersch an der Receptioun vum Nationale Literaturzenter op de Plafong kuckt. © Melvin Hatto/moien.lu

Related topics Claude D. Conter, CNL, Lucien Czuga, Roger Leiner, Superjhemp, Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck
Next post Previous post