Search

You may also like

money
A villen Entreprise geet d‘Angscht ëm
International Neiegkeeten

A villen Entreprise geet d‘Angscht ëm

D‘Handelskummer huet mat senge Partner, de Beruffsverbänn/Federatiounen: ABBL, ACA, CLC,

Bëschbrand zu Lëtzebuerg: Mat engem bloen A dervu komm
International Neiegkeeten

Bëschbrand zu Lëtzebuerg: Mat engem bloen A dervu komm

Déi grouss Dréchent huet och viru Lëtzebuerg net Halt gemaach,

De „Monni Reiwa“ gëtt neie japanesche Premier
International Neiegkeeten

De „Monni Reiwa“ gëtt neie japanesche Premier

Nodeems déi japanesch Regierungspartei LDP den Yoshihide Suga zum Parteipresident

Thailand: …an ob emol war do eng Kinnigin

Thailand: …an ob emol war do eng Kinnigin

Dräi Deeg viru senger Kréinung, huet den thailännesche Monarch Vajiralongkorn seng Fra Suthida zur Kinnigin ernannt, wat elo als Nouvelle kee „Scoop“ ass. D‘Geschicht hannert der Geschicht ass de Scoop. Et bis ewell net bekannt datt déi zwee matenaner bestuet wieren. Woubäi si awer säit Joren zesummeliewen.

Et ass dem Kinnek Maha Vajiralongkorn säi véiert Bestietnes. D‘Ernennung zur Kinnigin war an der „kinneklecher Gazette“ bekannt gemaach ginn, an esou hunn d‘Thailänner dann och Kenntnis doriwwer erhalen, datt de „Rama X“, wéi de Monarch och nach genannt gëtt, d‘Relatioun zum Suthida offizialiséiert huet. Wéini déi zwee sech d‘Jo-Wuert ginn hunn, ass weiderhin ongekläert.

De Vajiralongkorn ass säit 2016 den amtéierende Kinnek, seng eegen an d‘Kréinung vum Suthida – am Protokoll vum thailännesche Kinnekshaus ass dofir eng gesënnert Zeremonie virgesinn – sollen e Samschdeg stattfannen. Déi kinneklech Koppel, déi sech gären an hirer Villa zu Tutzing (Bayern) ophält, soll eréischt e Mëttwoch aus Däitschland fir d‘Zeremonien zu Bangkok ukomm sinn.

Haut 40 jonk, huet d‘Suthida eng Carrière als Stewardess bei den Thai Airways gemaach, an war duerno dem Krounprënz säi „Bodyguard“. Fir „gutt Servicer“ ass déi nei Kinnigin am Joer 2016 ausgezeechent, a kuerz drop an de Rang vun enger Generolin erhuewe ginn. Gemeinsam Kanner hu si net, woubäi de Kinnek aus senge virechte Bestietnesser siwe Kanner huet.

Keng Muecht an awer mächteg

Bei offiziellen Uläss waren si regelméisseg a Begleedung vum 14 järege Krounprënz Dipangkorn Rasmijoti ze gesinn. De Vajiralongkorn hat virun zwee Joer Nofolleg vu sengem verstuerwene Papp Bhumibol ugetrueden. Seng Mamm déi fréier Kinnigin Sirikit ass am Alter vu 86 Joer kierzlech hospitaliséiert ginn. Si ass eigentlech nëmmen nach Kinneksmamm, mee gëtt weiderhi veréiert.

De 4. Mee elo gëtt de Maha Vajiralongkorn da gekréint, an et dierf een dovunner ausgoen datt et eng „pompös“ Zeremonie gëtt. 70 Millioune „Sujeten“ wäerten hire Monarch en engem neie Liicht gesinn: handgestéckten Ornat, gëlle „Knickerbockers“ a Schlappe mat Suelen aus Blatgold. Hie gëtt op enger „Sänfte“ duerch d‘Stroosse gedroen an alles sëtzt, wéi et sech gehéiert, op de Knéien.

Et schéngt awer och geséchert, datt de Kinnek – dee per Verfassungsännerung duerchgesat krut, datt hie kee Vertrieder méi brauch wann hie sech am Ausland ophält – no senger Kréinung sech wäert weiderhi vill a Bayern ophalen. Seng „zweet Heemecht“ an där och säi jéngste Bouf zur Schoul geet a eng éischter „westlech Erzéiung“ genéisst. Hie gëllt als exzentresch, mee dat schéngt OK.

Säit 1932 ass Thailand keng „absolut Monarchie“ méi, an awer huet sech un der Autoritéit vun der Monarchie kaum eppes verännert. Den thailännesche Monarch huet nach ëmmer eng immens politesch Muecht an ouni dësem seng Gonscht, ka keng Regierung bestoen, jo nach net emol héich Offizéier. Och Generäl musse bei den Audienze virum gëttlechen Herrscher brav op d‘Knéien…

mat indymedia/bkk/muc

Foto: De Kinnek Maha Vajiralongkorn an d‘Kinnigin Suthida zesummen am Trounsall zu Bangkok, op dësem 1. Mee. © Bureau of the Royal Household

Related topics Kréinung, Suthida, Thailand, Vajiralongkorn
Next post Previous post