Search

You may also like

Spendemarathon fir ee Covid19-Impfstoff
Kultur Neiegkeeten

Spendemarathon fir ee Covid19-Impfstoff

„Ouni Impfstoff keen Enn vun der Covid19-Pandemie“, esou EU-Kommissiounspresidentin Ursula

Interessant Fro: „Wat bréngen déi vill Investitioun-Euroen?“
Kultur Neiegkeeten

Interessant Fro: „Wat bréngen déi vill Investitioun-Euroen?“

(Intro: Well d‘Gefor grouss ass dat et onbemierkt bleift, de

Neies vun der Aarbechtsfront: de Chômage klëmmt
Kultur Neiegkeeten

Neies vun der Aarbechtsfront: de Chômage klëmmt

Et ass es de schlechten Noriichten iwwerdrësseg. De Klimaplang, d‘Erhéijung

SUZANNE VEGA den 2. Mäerz 2022 am Trifolion

SUZANNE VEGA den 2. Mäerz 2022 am Trifolion

D’Suzanne Vega sollt eigentlech d’Verëffentlechung vu sengem Live-Album An Evening of New York Songs and Stories (Cooking Vinyl) mat enger grousser Europatournée feieren. Dorënner wier een exklusive Concert um Beeforter Schlass fir den 2. Mee 2020 virgesi gewiescht, wat elo op den 2. Mäerz 2022 an den Trifolion zu Iechternach verluecht ginn ass.

D’Virfreed op den eenzege Concert zu Lëtzebuerg ass awer ongebremst: „Ech freeë mech dorop, dës Songs iwwert meng Heemeschtstad, d’Stad, déi ech gär hunn, ze erzielen, zesumme mat der Band mat där ech An Evening of New York Songs and Stories opgeholl hunn.“

Mam hirem Album fokusséiert sech d’Suzanne Vega op ee Repertoire, dee komplett op d’Stad New York ausgeriicht ass. Live-Opname loossen dobäi d’Vergaangenheet opliewen, an där si vum Gittarist Gerry Leonard, dem Bassist Jeff Allen an dem Keyboarder Jamie Edward begleet ginn ass. Ufank 2019 ass den Album am berühmten New Yorker Café Carlyle opgeholl ginn.

Mat bekannte Lidder, wéi „Luka“ an „Tom’s Diner“, wéi och mi onbekannten, an awer beandrockende Wierker, wéi „Frank and Ava“ ass d’Mëschung perfekt. Produzéiert gouf den Disk vum Grammy-Gewënner Kevin Killen, gemëscht a gemastert gouf e vum Grammy-Gewënner Bob Ludwig.

Dem Suzanne Vega seng Lidder droen dobäi de Stempel vun enger meeschterhafter Geschichtenerzielerin, déi d’Welt mat engem klinesch poeteschen A beobacht. D’Musekerin konzentréiert sech op d’Stadliewen, seng Mënschen an d’Themen vun der realer Welt. Esou onverwiesselbar, wéi nodenklech erschéngt engem d’Stëmm, déi eng éischte Kéier virun iwwer 30 Joer am Radio ze héiere war.

Ticketen fir de Concert vum Suzanne Vega um 2. Mäerz 2022 am Trifolion zu Iechternach ginn et op www.luxembourg-ticket.lu, ënnert der Tickethotline (00352) 47 08 951 an bei alle bekannte Virverkafsplazen.

Opmaacherbild: © George Holz

Related topics An Evening of New York Songs and Stories, Concert, Musék, Suzanne Vega, Trifolion Iechternach
Next post Previous post