Search

You may also like

Wien sech net beméit kritt eng op den Deckel
International Neiegkeeten

Wien sech net beméit kritt eng op den Deckel

D‘ADEM, déi am Volleksmond nach ëmmer als Aarbechtsamt verkläert gëtt,

Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland
International Neiegkeeten

Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland

„Mir si verwüst“, sot um Donneschdeg de Besëtzer vum engem

Et ass vollbruecht, de Klima ass futsch…
International Neiegkeeten

Et ass vollbruecht, de Klima ass futsch…

Mam gëschter virgestallten IPCC-Weltklimabericht ass elo gewosst – wat eigentlech

Sydney ass nees am Confinement

Wéinst gréisseren Infektioun-Cluster mam Covid19-Variant-Delta ass déi ganz Regioun betraff

Sydney ass nees am Confinement

Ob et saisonal bedéngt ass – an Australien ass jo elo Wanter – oder dorunner sollt geleeë sinn, datt nach verhältnesméisseg wéineg Leit geimpft sinn? Eng kloer Äntwer dorobber huet et net. Zudeem muss festgehale ginn, datt „Down-Under“ vergläichsweis gutt duerch d‘Pandemie komm ass, also bis ewell… mee de Präis war héich.

Australien war eng vun den éischten Natiounen, déi am Mäerz 2020 hir Grenzen zougemaach hunn, fir eng Ausbreedung vun der Infektiounskrankheet méiglechst geréng ze halen. Déi eege Leit hunn, wann se aus dem Ausland zréck komm sinn, sech an eng op 14 Deeg festgeluechte Quarantaine an engem Hotel missen aloossen. An awer huet de Coronavirus säi fonnt, an esou och d‘Mutatiounen.

Wat elo déi besonnesch Situatioun vu Sydney betrëfft, esou sinn sech d‘Autoritéiten an déi fir de Gesondheetssecteur zoustänneg Acteuren eens: dësen Ausbroch ass kengem Superspreader-Event zouzeschreiwen. Gréisser Sport- oder Kulturveranstaltungen hat et keng, net emol gréisser Demoe wou et zuweile jo och kann zu Cluster kommen. Den Däiwel stécht wéi esou oft… am Detail.

De Covid19-Coiffeur

Ee Cluster, esou déi vun der Task-Force virgeluechten Erklärung, hätt et an engem Coiffeurssalon ginn, wou een infizéierte Mataarbechter iwwer Deeg de Clienten d‘Hoer gefleegt huet, iert seng Infektioun festgestallt gouf. Eng Dausend Persoune mussen sech elo engem Test ënnerzéien, vill wiere schonn als „Positiv“ erkannt ginn. An dëser klenge Cluster huet et der méi zu Sydney.

Interessant dann awer d‘Aart a Weis wéi d‘Bierger domadder ëmginn. Et hëlt een et éischter labber, woubäi natierlech déi üblech Hamsterkeef net ausbleiwen, firwat eng gewësse Spannung dann awer ersiichtlech ass. Hei an do kann een eppes Frust spieren, an d‘Ursaach ass séier erkläert. D‘Bierger vu Sydney, wéi eigentlech d‘Australier als Ganzes, waren iwwerzeegt datt alles ënner Kontroll ass.

Woubäi „ënner Kontroll“ war net wierklech vill. De Premierminister Scott Morrison – de Mann dee schonn ëmmer u Wonner gegleeft huet – hat d‘lescht Joer héich an helleg versprach, datt Australier an der éischter Rei sëtze géifen, wann et ëm d‘Vaccinatioun geet. Elo huet Australien déiselwecht Problemer wéi de Rescht vun der Welt: Verdeelung a Koordinatioun sinn och hei d‘Schwaachstell.

Schlecht organiséiert

Interessant awer och wéi ee mat der Saach ëmgeet. Dat lescht Joer hat d‘Ekipp ronderëm de Scott Morrison alles op den Impfstoff vun AstraZeneca gewett, u Pfizer/Biontech gouf et keen Interêt, déi chinesesch a russesch Produkter si – wéi bei eis och – aus Grënn Tabu. D‘Australier, déi jo och am Netz ënnerwee sinn, hunn wéinst de Virwërf déi dem AstraZeneca-Vaccin gemaach ginn, sech vun dësem ewech gehalen… De Risk vun enger Thrombos wollten si, wuel eppes berechtegt, net agoen.

An esou huet et Vaccinatiounstaux vu grad emol 4%, firwat een sech – an dat jo erwisenermoosse grad zu Sydney – eppes Suerge mécht an nees zu drastesche Moossname gräift. Wuel och gräife muss, well de Variant-Delta ass géintiwwer dem schonn zolidd aggressive Variant-Alpha nach eppes méi rabiat. Den „neie“ Variant, dee jo erwisenermoossen och viru geimpfte Mënschen net hält mécht, schéngt sech an Australien als Infektiounsleader duerchzesetzen, dat sollt een am A behalen.

mat indymedia/syd

Illustratioun: © Srikant Sahoo / unsplash

Related topics Australien, Confinement, Covid19, Impfung, Lockdown, Scott Morrison, Sydney, Variant-Delta
Next post Previous post