Search

You may also like

Politiker: déi nei bedreeten Aart
International Kultur Neiegkeeten

Politiker: déi nei bedreeten Aart

Nom Dout vum Camille Gira, den Häerz-Kreeslafproblemer, déi de Felix

Gréngbuch an ëffentlech Consultatioun: Wann d’Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt
International Kultur Neiegkeeten

Gréngbuch an ëffentlech Consultatioun: Wann d’Bevëlkerung ëmmer méi al gëtt

D’Liewenserwaardung vu Männer a Fraen ass am leschten hallwe Joerhonnert

What the Fakt – Pearl Harbor gëtt ugegraff
International Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Pearl Harbor gëtt ugegraff

Um fréie Muere vum 7. Dezember hu sechs japanesch Fligeren

Sylvander – Dräi Schotte rocke voll of!

Sylvander – Dräi Schotte rocke voll of!

Eng nei innovativ Rockband bréngt de Museksstil zeréck zu senge Wuerzelen. D’Grupp Sylvander kombinéiert dobäi elektresch Riffs, een dréiwende Bass an een donnernde Beat, sou datt ee klanglescht Meeschterwierk entsteet.

Déi dräi-käppeg Band zitt seng Inspiratioun aus Wierker vum Hendrix, de Beatles, AC/DC a Led Zeppelin. Kuckt ee sech déi jeeweileg Liewensleef un, sou sinn d’Bandmemberen op kee Fall nei an der musikalescher Zeen. Wärend de leschte 6 Joer hu si an individuellen a kollektive Projete Rock-Erfarung gesammelt. Sou wëllen si an der Musek vun den 2020er de Rock’n’Roll nees opbléie loossen.

Zesummen hunn d’Membere vu Sylvander wärend dräi Joeren (2014,2015 an 2016) um Ilse of Wight Festival gespillt, d’Bühn mat de Red Hot Chili Peppers gedeelt an als Virband vu Blondie performt. Esou konnt d’Grupp an de leschten 18 Méint un hirem Sound schaffen, woubäi eng EP,, wéi och een Album entstanen ass. Produzéiert a berode sinn si vum renomméierte Geoff Dugmore ginn, de scho mat Stare wéi dem Tina Turner, dem Johnny Halliday oder dem Demi Lovato zesumme geschafft huet

sylvander

Dobäi muss een soen, datt d’Band aus schottesche Männer besteet: den Euan Malloch vu Kirkintilloch (Gittar/Gesang), de Marcus Cordock vun Orkney (Bass/High Kicks) an den Jay Hepburn vu Paisley (Batterie) maachen den Trio komplett. Mat räichlech Inspiratioun duerch d’Kultur, d’Erausfuerderungen an d’Géigend vu Caledonia bréngen si een energetesche Sound zustanen, bei deem een net roueg stoe bleiwe kann.

Am Mäerz 2019 stinn Optrëtter a Groussbritannien um Plang, déi duerch Gigs an Europa gefollegt ginn. Dobäi geet d’Tour duerch d’Belsch, Lëtzebuerg, Frankräich an Italien. Hei sti si schonn ënnert den Top 5 bei den MTV Italia Rock Charts.

Et gouf emol gesot „mat der Kraaft vum Soul ass alles méiglech“. A genau dëse Sproch ass de Mantra vu Sylvander, säit d’Band entstanen ass. An dësem Joer kënnt dir gesinn, a virun allem héieren, wat domat gemengt ass!

Een éischte Virgeschmach kritt Dir schonn op Soundcloud!

Related topics Band, Musék, Rock, Schottland, Sylvander
Next post Previous post