De Superjhemp oder Yuppi op eise roude Luuchten?

Mat enger rezenter parlamentarescher Fro suerg de Pirat an Deputéierte Marc Goergen bei den enge fir Staunen an e Schmunzelen, bei anere fir grousst Onverständnis. Géigestand vu sengem Text sinn déi rout Luuchten bei Foussgängeriwwergäng, déi een dach eigentlech un déi jeeweileg Géigend upasse kéint.

Berlin huet den Ampelmann, Emden den Ottifant. Wisou also net en Iesel fir Dikrech, den Train 1900 zu Péiteng an d’Gëlle Fra an eiser Haaptstad? Dat huet sech och de Marc Goergen geduecht an a wëll sech emol doriwwer informéieren, ob et och zu Lëtzebuerg méiglech ass d’Symbolbiller op de roude Luuchten ze änneren.

Wärenddeem gëtt d’Communautéit an de soziale Medien kloer ze verstoen, datt et aktuell méi wichteg Theemen ze diskutéieren a Problemer ze léise ginn. Dobäi kënnt, datt d’Steiergelder sënnvoll genotzt solle ginn.

Ma, op der anerer Säit ginn et awer och ganz vill Virschléi: Vum Superjhemp a Melusina, iwwert de Yuppi oder och d’Silhouette vum Groussherzog wieren d’Iddien op alle Fall do.


Annexe:

Dernières nouvelles