Search

You may also like

Déi dräi Äishelleg: Legend oder nach ëmmer Realitéit?
International Neiegkeeten

Déi dräi Äishelleg: Legend oder nach ëmmer Realitéit?

Zanter dem Mëttelalter gëtt d’Zäit vun den Äishellegen traditionell op

Syrien: Waffestëllstand am Süde vun Damaskus
International Neiegkeeten

Syrien: Waffestëllstand am Süde vun Damaskus

Um Samschdeg ass tëscht dem Regimm vun Damaskus an dem

Dat On-liesbart
International Neiegkeeten

Dat On-liesbart

Politesch Literatur ass nach eng Seelenheet zu Lëtzebuerg. Mee et

US-Zaldote solle syresche Pëtrol schützen

Amerika hält u senger onverständlecher Aussepolitik fest a wëll elo awer nees a Syrien agräifen

US-Zaldote solle syresche Pëtrol schützen

Während d‘Lag a Nordsyrien nach ëmmer zimlech oniwwersiichtlech ass, d‘Russen an d‘Tierken awer emol schéngen en Accord fonnt ze hunn, mat deem d‘Invasioun – zumindest fir den Ament – gestoppt ginn ass, wëllen d‘Amerikaner nees matmëschen…

Offiziell huet Washington op Uerder vum US-President seng Zaldoten aus Syrien ofgezunn. Den Donald Trump ass fir dës Entscheedung zimlech hefteg kritiséiert ginn, zemools hie gemengt hat, hei géif et nëmme Sand an den Dout ze verdeedege ginn. Dat war iert een dem Milliardär erzielt huet, datt et am Oste vu Syrien Pëtrolsfelder gëtt. Pëtrol gëtt vun der US-Wirtschaft gebraucht.

Grond genuch nees Zaldoten an den Asaz ze schécken. Offiziell heescht et, dës Zaldote sollen dofir suergen, datt dës Pëtrolsfelder net an d‘Hänn vun den IS-Milize falen. Eigentlech behaapten si sech zu Washington drop datt den Islamesche Staat (IS) geschloen ass, wat jo och zur Entscheedung bäigedroen hat, d‘Truppen ofzezéien. Esou zumindest déi offiziell Versioun vum Wäissen Haus.

PëtrolEsou eng widderspréchlech Aktioun huet natierlech fir „gemëschte Reaktioune“ gesuergt. Et wier absolut net nozevollzéien, wat den Donald Trump, dee jo awer d‘Kaarten nei verdeelt huet, sech fir en Notze vun dësem Asaz versprécht. Wat maachen d‘Amerikaner elo wou sech d‘Muechtverhältnis nei „orientéiert“ huet an déi syresch Regierungstruppen sech den Territoire nees ugëeegent hunn?

Politesch net ze veräntwerten

Fir den ament ass et esou, datt d‘Russen eng Aart Frontlinn tëscht dem Baschar al-Assad sengen Truppen an de Zaldote vun Ankara kontrolléiert. Wa Washington u sengem Plang festhält, datt missten sech d‘US-Zaldoten do nach dertëscht quëtschen. Dat dierft dem Regime zu Damaskus an de Russen net geleeë kommen. Dat werft dann d‘Fro op, wéi eng Aufgab sollen se erfëllen?

D‘Argument vun den IS-Kämpfer, déi sech dank der tierkescher Invasioun konnte verfuussen an elo un dëse Pëtrolsfelder hätten, ass u sech näischt anescht wéi d‘Ageständnis, datt d‘Entscheedung d‘US-Zaldoten ofzezéie falsch war. Et ass schliisslech erwisen, datt d‘IS-Kämpfer, déi vun der Kurdemiliz YPG gefaange goufen, eréischt duerch den tierkeschen Ugrëffskrich nees fräi koumen.

PëtrolVerschwonne war den IS nom Enn vum Kalifat net a grad am Irak kann sech d‘Terrororganisatioun nach ëmmer op ganz vill „Sympathisante“ beruffen. Datt déi natierlech op Ressourcen ugewise sinn fir hire „Kampf“ weiderzeféiere sollt net extra betount ginn. Esou Pëtrolsfelder wieren do eng gutt Méiglechkeet nees d‘Keesen opzefëllen an esou de Kampf fir d‘Kalifat nees opzehuelen.

Wirtschaftlech Interessen

Elo ass et awer och nach esou, datt den Donald Trump net de Kurde wëll d‘Kontroll iwwert dës Pëtrolsfelder wëll iwwerloossen. Net ze vergiessen, datt och de Baschar al-Assad ee ganz grousst Interessi un dëse Pëtrolsfelder huet, an d‘Russe mat Sécherheet och hiert Wuert hei matschwätze wëllen. Et geet also – ausser de Kurden – kengem vun den Acteuren ëm Mënscheliewen.

Fir d‘Tierkei awer sinn d‘Pëtrolsfelder ze wäit ewech, esouwäit loossen d‘Russen d‘Osmanen net a Syrien andréngen. Dës „Quellen“ gehéieren de facto dem syresche Vollek an d‘Gestioun dovunner géif dem Regime vun Damaskus ënnerstoen. D‘Kurden hätten awer och gären e Stéck vum Kuch, wëll d‘Einname wichteg sinn fir déi autonom Regioun „Rojava“ och wirtschaftlech ze entwéckelen.

PëtrolFir all deem entgéintzewierke sollen US-Truppe a gepanzert Gefierer op der Plaz agesat ginn, esou den US-Verdeedegungsminister gëschter um Rand vum klengen NATO-Sommet zu Bréissel. Dee gouf op déi wandelfreedeg US-Syrienstrategie ugeschwat an bemierkt: „Et war ëmmer d‘Missioun eng Resurrektioun vum IS ze verhënneren. Un dëser Missioun huet sech näischt verännert“.

Moskau kontert

A Russland hu se mat Skepsis op déi geplangten US-Truppepräsenz reagéiert. Fir de russesche Vizeausseminister Sergey Rjabkow wier ersiichtlech datt Washington mat alle Mëttel wëll verhënneren, datt Syrien als rechtméissege „Besëtzer“ mat de Pëtrolsfelder seng Staatskeess nees opfëllt. Moskau fuerdert dann och net mann er wéi den integralen Ofzuch vun allen Amerikaner.

De Kreml-Spriecher Dmitri Peskow betount nach emol, datt d‘USA absolut kee Recht hätten sech op syreschem Buedem opzehalen. Déi eenzeg déi sech dorobber behaapte kënne sinn tatsächlech d‘Russen, déi sech mat der Autorisatioun vun der syrescher Regierung am Land installéiert hunn.

PëtrolFir de Regime zu Damaskus sinn dës Pëtrolsfelder och aus anerem Grond immens wichteg. Zanter Jore gëtt et Enkpäss bei der Energieversuergung a wéinst dem Biergerkrich gëtt et och nach en Embargo op Pëtrolsproduiten. D‘Versuergung mat Pëtrol aus dem Iran ass säit Joresufank och net méi geséchert, wat d‘Pëtrolsfelder vun Deir Essor fir den al-Assad nach méi begierlech mécht.

Foto: Den US-Verdeedegungsminister Mark Esper huet gëschter zu Bréissel beim klengen NATO-Sommet ugekënnegt, datt de Pentagon grad iwwerpréift, wéi vill Zaldoten a gepanzert Gefierer gebraucht ginn, fir d‘Pëtrolsfelder am Oste vu Syrien ze „sécheren“. © NATO

Related topics Kurden, Petrol, Russland, SDF, Syrien, Tierkei, USA, YPG
Next post Previous post