Search

You may also like

USA: Een zum Dout veruerteelte ka sech net méi erënneren…
Fail International Neiegkeeten

USA: Een zum Dout veruerteelte ka sech net méi erënneren…

Kann de Staat Alabama een zum Dout veruerteelte Mënsch hiriichten,

Gejoten Tierke fannen a Griicheland Asyl
Fail International Neiegkeeten

Gejoten Tierke fannen a Griicheland Asyl

„An der Tierkei gëtt et keng Justiz méi“: Wéi de Cevheri

Sträit ëm Äerdgasvirkommen an der Ägäis
Fail International Neiegkeeten

Sträit ëm Äerdgasvirkommen an der Ägäis

De Recep Tayyip Erdogan bleift sech am Sträit ëm d‘Äerdgasvirkommen

dislike

Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten

Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten

Tierkesch Panzer an Infanterie sinn um Sonndeg an de Norde vu Syrien agefall, fir sech enger Kurdemiliz ze entleedegen. Déi hu mat Rakéiten op tierkesch Grenzstied geäntwert, während Washington Ankara opgefuerdert huet sech zréckzehalen.

Vun den tierkesche Medien zitéiert, huet de Premierminister Binali Yildirim drop higewisen, datt moies um 11 Auer Lokalzäit, déi tierkesch Arméi an d‘Regioun Afrine agedrongen ass. D‘Géigend gëtt aktuell nach vun de kurdeschen „Eenheeten zu Schutz vum Vollek“ YPG kontrolléiert. D‘Miliz gouf vun der tierkescher Loftwaff bombardéiert a vun der Artillerie beschoss.

Déi tierkesch Offensiv belaascht d‘Relatiounen tëscht Ankara a Washington. D‘USA hunn d‘Tierkei um Sonndeg ermant sech zréckzehalen, wat och dorunner geleeën ass, datt Washington eng arabesch-kurdesch Koalitioun ënnerstëtzen, zu där och d‘YPG gehéiert, fir den Islamesche Staat (IS) auszeradéieren. Den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis um Sonndeg bestätegt, datt Ankara Washington iwwert d‘Offensiv informéiert huet, an ass der Usicht, datt d‘Sécherheetsbedenke vun der Tierkei berechtegt sinn.

Frankräich huet sengersäits d‘Tierkei opgefuerdert den Ugrëff direkt ze stoppen. An dësem Kontext huet Paräis och eng Drénglechkeetssëtzung vum UN-Sécherheetsrot agefuerdert. Deem ass zougestëmmt ginn, an d‘Sëtzung soll nach haut hanner verschlossen Dieren ofgehale ginn.

Operatioun „Olivenzweig“

Um zweeten Dag vun der Offensiv, déi vun de tierkescher Arméi „Operatioun Olivenzweig“ genannt gëtt, solle mat der Ënnerstëtzung vun 32 Juegd-Bombardiere 45 Ziler zerstéiert gi sinn, haaptsächlech Bunker a Waffelager.

Laut dem tierkesche Premierminister, huet dës Offensiv den Zweck eng Sécherheetszon vun enger déift vun 30 Kilometer ab der Grenz ze schafen. Offiziell tierkesch Medien hunn um Sonndeg erkläert, datt d‘Arméi bis zu fënnef Kilometer op syreschem Territoire virgedronge sinn.

De syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR) huet matgedeelt, datt duerch déi tierkesch Bombardementer vun ee Samschdeg, 18 Mënschen, fir déi meescht Zivilisten, ëmkomm sinn. Ankara dementéiert a gëtt un nëmmen „Terroristen“ getraff ze hunn, a beschëllegt d‘YPG der Propaganda. Um Sonndeg bericht d‘SOHR vun erneit 11 Doudeger duerch tierkesch Loftschléi. Hei wieren eenzeg Zivilisten, dorënner fënnef mannerjäreg Kanner, getraff ginn.

Ankara féiert un, datt d‘YPG mat Rakéiten op zwou Grenzstied geschoss hätt. Esou solle sechs Rakéiten um Sonndeg d‘Stad Reyhanli getraff hunn. Heibäi, esou de Buergermeeschter vu Reyhanli, wier ee syresche Flüchtling gestuerwen an 32 Persoune blesséiert ginn. Och d‘Stad Kilis wier en Zil vun de Rakéite gewiescht, hei hätt et awer keng Affer ginn.

Vum blannen Haass geleet

En AFP-Korrespondent op der tierkescher Säit vun der Grenz, huet um Sonndeg gesi wéi véier Kanounen op d‘Dierfer vun der Regioun Afrine geschoss hunn, e Panzer-Konvoi an Infanterie op de Uerder gewaart hunn, a Syrien anzedréngen. Den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu huet bekannt ginn, datt der YPG e puer Dierfer „ofgeholl“ gi sinn, awer weider keng Präzisioune gemaach.

Déi kurdesch Kämpfer „wäerten d‘Flucht ergräifen an mir wäerten se joen“, esou den Recep Tayyip Erdogan an enger Ried zu Bursa, am tierkeschen Nordosten. „Wa Gott et wëll, erleedege mir dës Operatioun a kierzter Zäit“.

E Spriecher vun der YPG huet dann allerdéngs matgedeelt, datt beim Versuch an d‘Regioun Afrine anzedréngen, déi tierkesch Arméi konnt gestoppt ginn an och zwee Panzer zerstéiert goufen.

Den tierkesche President huet dann och all Mënsch gewarnt, deen op de Gedanke kéint komme géint de Krich ze manifestéieren, datt deen dofir en deiere Präis ze bezuelen hätt. Laut AFP-Korrespondenten zu Diyarbakir an Istanbul, hunn d‘Autoritéiten zwou Versammlunge verhënnert, déi e Sonndeg sollten ofgehale ginn.

D‘Argumentatioun…

Ankara behaapt d‘YPG wier déi syresch „Branche“ vun der kurdescher Aarbechterpartei (PKK), déi am tierkesche Südoste säit 30 Joer rebelléiert, a vun der Tierkei a senge westlechen Alliéierten als terroristesch Organisatioun betruecht gëtt. Et ass dann och déi zweet tierkesch Offensiv am Norde vu Syrien, no där vum August 2016, wou et zwar sollt géint den IS goen, mee dat eigentlecht Zil, d‘Verhënnerung vun der kurdescher „Expansioun“ war.

Hei ass et awer wichteg drop hinzeweisen, datt déi syresch Kurden de Konflikt a Syrien – dee säit 2011 iwwer 320.000 Affer gefuerdert huet – genotzt hunn an 2012 eng autonom Administratioun zu Afrine installéiere konnten. Engem Gebitt dat wäit ofgeleeën ass, vun den aneren Zonen, déi vun der YPG kontrolléiert ginn.

Déi tierkesch Offensiv kënnt dann awer och grad zu engem Zäitpunkt, wou déi international Koalitioun ënner der Leedung vu Washington, eng sougenannten „Grenzarméi“ wëll opstellen, un där notamment vill kurdesch Kämpfer solle bedeelegt sinn. Dat schéngt déi rout Linn gewiescht ze sinn, déi Ankara net wollt iwwerschratt gesinn. Déi tierkesch Warnungen hu Besuergnes zu Washington ausgeléist, wou betount ginn ass, datt eng Offensiv keng Stabilitéit ka bréngen.

Den tierkeschen Amarsch „kéint déi kurdesch Truppe vum eigentlechen Zil (IS) oflenken, woubäi et grad déi wieren, wou ganz engagéiert innerhalb der Koalitioun géint d’Dschihadiste kämpfen“, ënnersträicht um Sonndeg déi franséisch Arméiministesch Florence Parly.

Moskau huet och d‘Tierkei opgeruff, sech zréckzehalen. Allerdéngs wëllen d‘Analyste wëssen, datt et keng ausgedehnt Offensiv a Syrien ka ginn, ouni datt déi vu Russland „geneemegt“ wier. Ëmmerhi géifen d‘Russen de syresche Loftraum kontrolléieren. Dat huet de syresche President Bachar al-Assad net dovunner ofgehalen, déi tierkesch Offensiv ze veruerteelen an Ankara ze beschëllegen den Terrorismus ze ënnerstëtzen.

mam Bulent Kilic an dem Gokan Gunes/AFP

Foto: Eng tierkesch Fra aus engem Duerf un der syrescher Grenz bléckt op d‘Panzer, déi e Sonndeg op den Uerder gewaart hunn, a Syrien anzemarschéieren. Mat der Operatioun Olivenzweig soll d‘Kurdemiliz YPG opgeriwwe ginn, déi eigentlech als Partner vun der internationaler Koalitioun géint den Islamesche Staat ze betruechten ass. © Bulent Kilic/AFP

Related topics Erdogan, Kurden, PKK, Syrien, Tierkei, YPG
Next post Previous post