Search

You may also like

surprise
Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach
Fail International Neiegkeeten

Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach

Eis konservativ Europadeputéiert Viviane Reding (PPE/CSV) huet es zwar net

LËTZ GO GOLD um 26. September 2020: Lafe fir d’Kriibsfuerschung bei Kanner
Fail International Neiegkeeten

LËTZ GO GOLD um 26. September 2020: Lafe fir d’Kriibsfuerschung bei Kanner

An de leschten zwee Joer konnt duerch d’Initiative LËTZ GO

Google Datenzenter: D‘Geheimnisser si gelëft
Fail International Neiegkeeten

Google Datenzenter: D‘Geheimnisser si gelëft

Ob a wéini et zum Bau vum gigantesche Google Datenzenter

dislike

Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien

Syrien: Den Erdogan fuerdert d‘USA op aus Manbij ofzezéien

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet haut Washington opgefuerdert seng Zaldoten aus der Stad Manbij (Nord-Syrien) ofzezéien. Géintiwwer den USA huet hie mat Nodrock drop higewisen, datt hien determinéiert wier d‘Kurdemiliz YPG auszeradéieren.

„D‘Amerikaner hunn eis gesot ‚mir zéien aus Manbij zréck, mir bleiwen net zu Manbij‘“, esou den Erdogan an enger Ried op der tierkescher Tëlee zu Ankara. „Firwat bleift dir dann? Allez, gitt endlech!“

Schonn de 27. Januar hat den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu verlaangt, datt „d‘USA sech elo direkt“ sollen aus Manbij zréckzéien. D‘Stad, déi ee puer honnert Kilometer ëstlech vun der Regioun Afrine (syreschen Nordosten) läit, ass am Kader vun der Operatioun „Olivenzweig“ e neit zentraalt Zil vun der tierkescher Arméi.

Mat der Offensiv géint d‘Kurdemiliz YPG, déi vun Ankara als Terroristen ofgestempelt ginn, kommen déi tierkesch Zaldoten der US-Arméi bedreelech no. Déi si mat der Kurdemiliz eng Allianz agaangen, fir den Islamesche Staat (IS) ze bekämpfen.

Bomme géint de NATO-Partner?

Ofgesi vu Manbij, dat westlech vum Euphrat geleeën ass, kontrolléiert d‘Kurdemiliz ëstlech vum Floss, eng laang Sträif Land direkt un der Grenz zu der Tierkei. An dësem ganze Gebitt gëtt d‘YPG vun der amerikanescher Arméi ënnerstëtzt.

„Mir komme fir Manbij nees senge veritabelen (arabeschen) Proprietairen zréck ze ginn“, esou den tierkesche President, deen am selwechten Otemzuch d‘USA beschëllegt d‘Kurdemiliz „op der Plaz“ installéiert ze hunn.

Net ze vergiessen dat Ankara regelméisseg säi Wëllen zum Ausdrock bréngt, seng militäresch Operatioun an den Osten auszedehnen. Dat geet awer nëmme wann se d‘Amerikaner iwwerzeegt kréien ze goen, wann se net an e Konflikt mam NATO-Partner wëlle geroden.

„D‘USA soen ‚mir hunn Daesh eliminéiert‘. Also wann dir Daesh eliminéiert hutt, firwat sidd dir dann nach do?“, iergert sech de staarke Mann aus Ankara.

Laut dem Erdogan, hätten d‘USA 5.000 Camionen an 2.000 Fliger mat Waffen an d‘Géigend geliwwert. „Wouhinner schéckt dir dat? Wat huet dat alles am Norde vu Syrien verluer? (…) Gitt eis wann ech gelift eng Äntwert op déi Froen. A wann der elo behaapt dir géift dat alles dohinner liwwere fir géint Daesh ze kämpfen, da kënne mir iech dat net gleewen“, esou den Erdogan.

mat AFP

Foto: Den Erdogan, President vun der Tierkei a Virsëtzenden vu Partei fir Justiz an Entwécklung (AKP) huet bei senger Ried um Dënschdeg op der Generalversammlung versprach, d‘Kurden aus Nord-Syrien ze verdreiwen. © Adem Altan/AFP

Related topics Daesh, Kurden, Manbij, Syrien, USA, YPG
Next post Previous post