Search

You may also like

Wann alles gutt leeft…
International Neiegkeeten

Wann alles gutt leeft…

Am Joer 1952 huet den Josy Barthel dat sécherlecht gréisst

money
Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet
International Neiegkeeten

Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet

Déi Europäesch Satellittegesellschaft (SES) mat Sëtz zu Betzder ass net

Sea Watch: 3 Froen un d’Vera aus der Airborne-Crew
International Neiegkeeten

Sea Watch: 3 Froen un d’Vera aus der Airborne-Crew

„Am Optrag vun der EU, déi sech ironescherweis als eng

10 Joer Krich a Syrien: Bei d’Gewalt an d’Verdreiwung reit sech eng Hongersnout

10 Joer Krich a Syrien: Bei d’Gewalt an d’Verdreiwung reit sech eng Hongersnout

E Land läit an Trëmmer. 10 Joer nom Ausbroch vum Krich a Syrien warnt CARE mat sengem Rapport virun enger Hongerkris. Zemools ëm d’Fraen mécht ee sech Suergen.

D’Liewensmëttelpräisser sinn esou héich, datt se scho bal net ze bezuele sinn. Ronn 11 Millioune Mënsche sinn dréngend op Hëllef ugewisen. Dorop weist d’Hëllefsorganisatioun CARE an hirem Rapport „If we don´t work, we don´t eat“ hin.

Tatsächlech ass et esou, datt d’Käschte vu Liewensmëttel eleng am vergaangene Joer ëm 236 Prozent geklomme sinn. Domat sinn si 29 mol méi deier wéi virum Krich.

Syrien
‘IF WE DON’T WORK, WE DON’T EAT’ Syrian Women Face Mounting Food Insecurity a Decade into the Conflict February 2021

Fraen, déi sech eleng ëm den Haushalt këmmeren, sinn am meeschte betraff. Si ginn hier Ratioun Iessen dacks un d’Kanner weider. Et kënnt och vir, datt perséinlech Saache verkaf ginn, fir dat néidegt Geld ze hunn. An et geet awer net duer.

D’Hëllefsorganisatioun fuerdert virun allem Ënnerstëtzung fir Fraen. Nëmmen esou ka séchergestallt ginn, datt déi ganz Famill uerdentlech versuergt gëtt. Vu bausse gesäit d’Situatioun villäicht no Routine aus, mee de Problem ass aktuell an akut. Et ass en deegleche Kampf ëm d’Iwwerliewen.

Dobäi kënnt nach, datt e groussen Deel vun der Infrastruktur an engem katastrophalen Zoustand ass: Schoulen, Wunnengen, Gesondheetsariichtunge musse komplett restauréiert ginn. Méi wéi 80 Prozent vun der Bevëlkerung liewen an Aarmut.

Dat 24-Järegt Hana ass eent vun hinnen. Hatt lieft an engem Flüchtlingscamp. „Een Deel vu menger Famill kënnt mat de gekierzten Iessratiounen aus. Mee mäi klenge Jong ass ënnererniert. Ech krut am Camp gesot, datt hie schonn eng Entwécklungsstéierung huet. E géing Mëllech a Vitamin D brauchen. Mee vu wéi enge Sue soll ech dat kafen?“, erkläert déi jonk Mamm.

D’Hëllefsorganisatioun CARE leescht zënter 2014 Hëllef a Syrien a konnte scho 5 Millioune Mënschen ënnerstëtzen. De Moment hëllefen si verdriwwene Mënschen an Nordwestsyrien a versuergen si mat propperem Drénkwaasser, sanitären Ariichtungen an Hygieneprodukter.

Liewensmëttel, Kachgeschier a waarm Kleedung ginn och verdeelt. A wann de Besoin besteet, gëtt nach psychologesch a sozial Hëllef ugebueden.

CARE Lëtzebuerg ënnerstëtzt traumatiséiert Kanner sou wéi d’Familljen a Flüchtlingslageren an der Regioun.

De Rapport vu CARE fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Abdullah Hammam / Syria Resilience Consortium

Related topics CARE, Flüchtlingskris, Hongersnout, Krich, Liewensmëttelpräisser, Syrien
Next post Previous post