Search

You may also like

Krim: EU condamnéiert russesch „Interventioun“ mee sanktionéiert net
International Neiegkeeten

Krim: EU condamnéiert russesch „Interventioun“ mee sanktionéiert net

E Mëttwoch huet déi europäesch Unioun erkläert, dat „een immens

Pakistan späert dausende Internetsäiten wéinst Gotteslästerung
International Neiegkeeten

Pakistan späert dausende Internetsäiten wéinst Gotteslästerung

Laut Indymedia Informatiounen ergräift d‘Administratioun fir Telekommunikatioun a Pakistan (PTA)

Amerika gedenkt: 20 Joer 9/11
International Neiegkeeten

Amerika gedenkt: 20 Joer 9/11

Zanter de schrecklechen Terrorattacken an den USA si schonn zwee

Syrien huet gewielt

Walen am Noen Osten, dat ëmmer eppes komplizéiert, an awer 95,1 % fir den Assad, net schlecht…

Syrien huet gewielt

A Syrien, dem demokrateschste Biergerkrichsland vun der Welt huet et vill Hären awer nëmmen ee President. Deen heescht Baschar al-Assad, ass 55 Joer jonk a konnt sech scho laang virun der Wal, iwwer groussen Zousproch freeën. An esou ass verständlech, datt hie grad wéi seng Kolleegen, Kim Jong-Un an Alexander Lukaschenko, mat wäit iwwer 90% ee véiert Mandat maache soll.

De Staatschef, dee vu Moskau an anere groussen Demokratie politesch a finanziell gestäipt gëtt, ass säit 2000 un der Spëtzt vum Biergerkrichsland. De Parlamentspresident Hammudah Sabbagh huet annoncéiert, datt d‘Walbedeelegung bei gudden 79% geleeën huet, an déi knapp 5% wou géint de Leader gestëmmt hunn, d‘Muecht net a Fro stellen. Hien huet och de Géigekandidate gratuléiert.

Syrien

Si hate wuel scho beim Untrëtt keng Chancen, mee trotzdem konnt sech ënnert den Erausfuerderer de Mahmud Mari, deen zur toleréierter innersyrescher Oppositioun gehéiert mat 3,3% géint de fréieren Deputéierten Abdullah Sallum Abdullah, deen nach 1,5% fir sech verbuchen dierf. Bei de leschte Walen 2014, war de Baschar al-Assad, mat nëmme ronn 89% a sengem Amt bestätegt ginn.

Wéi et sech fir eng autokratesch Demokratie am Krichszoustand gehéiert, hunn d‘Staatsmedien a Syrien aus dem ganze Land (also do wou dem Baschar seng Leit d‘Hand um Ofzuch hunn) Biller vu jubelende Mënschemasse gewisen. Den Epizenter vun der Freed huet sech zu Damaskus befonnt wou dem al-Assad seng Unhänger, zu Dausenden an trotz Covid19-Pandemie, geféiert hunn.

D‘Weltgemeinschaft üübt sech a Kritik

A Syrien huet et zanter enger décker Dezenie Biergerkrich. De Bilan: iwwer 12 Millioune Mënsche goufe verdriwwen, Gebidder déi net „verluer“ gaange sinn, hu sech radikal Islamiste gezoppt, an en Drëttel vum Land kontrolléieren d‘Kurden. Dem Recep Tayyip Erdogan seng Truppen, wéi déi vun Ankara finanzéiert „Märtyrer“ versichen d‘Kurden ëmzebréngen a wëllen och de Regime stierzen.

Matten dran d‘Russen, déi vläicht net direkt um al-Assad hänken, awer aus gudden a geopolitesche Grënn hir Presenz wéi den Afloss hei musse geltend maachen. D‘Land stécht net an, mee ass scho selwer eng eenzeg Wirtschaftskris, a Millioune Mënsche leiden Honger. Dogéint kéint een eppes maachen, mee de Regime ass international isoléiert. Hëllef, och humanitär, kréien d‘Leit also keng.

Et ass dann och net a ganz Syrien gewielt ginn. Nëmmen do wou déi syresch Regierungstruppen an hir Alliéiert d‘Kontroll hunn, war et méiglech seng Stëmm ofzeginn. Déi syresch Oppositioun huet d‘Walen als „Farce“ bezeechent, d‘Kurden haten dankend eng Bedeelegung ofgeleent, an déi grouss westlech Demokratien hunn d‘Wale mat alle bekannten a verfügbaren negativen Attributer beluecht.

Et gëtt sech beklot, datt déi Vereenten Natiounen net an d‘Walen agebonne goufen, wou et dach eng UN-Resolutioun huet, déi d‘Land a folgerichteg och d‘Regierung dozou verflicht, Walen nëmmen ënner UN-Opsicht ofzehalen. Et heescht weider, datt Mënschen zur Wal gezwonge goufen, woubäi Walflicht gëtt et zu Lëtzebuerg och. Mee Lëtzebuerg gëtt net vun den Ajatollahen am Iran gestäipt.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: De Bashar al-Assad mat 95,1% am Amt bestätegt. Déi Wäissrussesch Walkontrollkommissioun wou d‘Walen iwwerwaacht huet, bestätegt ee fräien, fairen a verfassungskonforme Walausgang.

Related topics Baschar al-Assad, Damaskus, Iran, Noen Osten, Russland, Syrien, UN-Resolutioun, Walen
Next post Previous post