Search

You may also like

What the Fakt – Metallica verëffentlecht virun 19 Joer den Album „S&M“
International Neiegkeeten

What the Fakt – Metallica verëffentlecht virun 19 Joer den Album „S&M“

Mat 120 Millioune verkaafte Placke sinn si déi erfollegräichst Heavy

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen
International Neiegkeeten

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen

Leschte Samschdeg huet sech den Europa- an Inneminister Jean Asselborn

E Buchtipp: Dës Wierker vum Blake Crouch sollt Dir kennen!
International Neiegkeeten

E Buchtipp: Dës Wierker vum Blake Crouch sollt Dir kennen!

Haut gëtt et net nëmmen e Buchtipp – mee direkt

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen

Déi franséisch Arméiministesch Florence Parly huet an der Zeitung „Libération“ de Wëlle vun der Regierung bestätegt, et de syreschen an irakeschen Autoritéiten ze iwwerloossen, déi franséisch Dschihadiste vum Islamesche Staat (IS) viru Geriicht ze stellen an ze veruerteelen.

„Bei der Iwwerpréiwung vun der Situatioun, sinn och d‘Interesse vun der franséischer Justiz berécksiichtegt ginn. Mee ville vun den virun Uert verhaften Terroristen, hunn däitlech gemaach, datt si zréck a Frankräich wëllen, fir hire Kampf am eegene Land weiderzeféieren. De legitimme Wonsch vun den lokalen Autoritéiten, d‘Verbriechen déi an hirem Land begaange goufen ze veruerteel, dierft een dobäi och net vernoléissegen“, esou d‘Ministesch an der „Libération“.

Aus gutt informéierter Quell ass gewosst, datt iwwer 40 „erwuessen“ franséisch Dschihadisten, Männer a Fraen, déi vu ronn 20 Kanner begleet ginn, esouwuel a Syrien wéi och am Irak festgeholl konnte ginn. Déi meescht si vu syresche Kurde gefaange geholl ginn, an gi mat zimlecher Gewëssheet zum Dout veruerteelt, falls se net u Frankräich iwwerstallt ginn.

Eng komplex Lag

„Am Fall vu Syrien ass d‘Lag komplex, well mir keng diplomatesch Bezéiungen zum Land ënnerhalen. (…) Am Deel vum Land, datt vun de Kurde gehale gëtt, sinn et déi lokal Autoritéiten déi iwwert déi eventuell Verantwortung vun de franséische Kämpfer, wat hir Bedeelegung un de Verbrieche betrëfft, wäerte riichten“, bestätegt d‘Florence Parly.

„Am Irak ass et anescht a méi einfach: et ass e Staat deen iwwer Institutioune verfüügt an mat deem mir enk diplomatesch Bezéiungen ënnerhalen“, esou d‘Ministesch weider. Mee wéi steet et ëm d‘Doudesstrof am Irak? „Frankräich ass prinzipiell géint d‘Doudesstrof. Op der ganzer Welt riskéiere franséisch Bierger, déi keng Terroriste sinn, d‘Doudesstrof wann se e Verbrieche beginn, an engem Land wou se nach ugewannt gëtt. Den diplomatesche Reseau kënnt all franséische Bierger zur Hëllef, mee all Land huet och seng Reegelen“, esou d‘Äntwert vum Florence Parly.

Mat dëser Astellung ass d‘Arméiministesch dann och net eleng. Schonn Ufank Januar hat d‘Justizministesch méi wéi däitlech drop higewisen, datt Frankräich „net zwéngend déi franséisch Dschihadiste géif siche goen, déi a Syrien oder dem Irak gefaange gi sinn, a biedelen am Frankräich viru Geriicht gestallt ze ginn“.

Kanner sinn eng Ausnam

Laut dem Florence Parly, wieren et eng 500 bis 600 Erwuessener gewiescht, déi sech fir den Terror an den Islamesche Staat entscheet hätten. Et geet een dovunner aus, datt der ronn 300 hir Entscheedung mam Liewe bezuelt hunn. Doriwwer eraus ass rieds vu „manner wéi 20“ Individuen, déi 2017 sollen zréck (a Frankräich) komm sinn.

D‘Arméiministesch preziséiert dann awer: „Eng ganz Partie Fraen déi verhaft gi sinn, hu gefrot, datt wéinstens d‘Kanner sollten zréck an d‘Land geholl ginn. Bis haut sinn eng 50 Kanner zréckgeholl ginn, wouvunner iwwert d‘Hallschent ënner fënnef Joer al sinn. Déi sinn all vun der Justiz iwwerholl an bei Verwandten oder enger Fleegefamill ënnerbruecht ginn“.

mat AFP

Foto: Déi franséisch Arméiministesch Florence Parly ass net dorunner interesséiert sech fir franséisch IS-Terroristen, déi a Syrien oder dem Irak gefaange goufen anzesetzen. © Stéphane de Sakutin/AFP

Related topics Dschihadisten, Florence Parly, Frankräich, Irak, islamesche Staat, Syrien
Next post Previous post