Facebook leet sech mam australesche Legislateur un
Dee fir Australien zoustännege Facebook-Manager William Easton, weist drop hinn,
Dee fir Australien zoustännege Facebook-Manager William Easton, weist drop hinn,
Am Abrëll hat d‘Stad Lëtzebuerg de Service vum Locatiounsvëlo nei
Beim treffen tëscht den Oppositiounsleader an dem Donald Trump ass et gëschter zu Washington zu engem heftege „Clash“ komm. D‘Spëtze vun den Demokraten hunn d‘Entrevue abrupt ofgebrach an dat Wäisst Haus verlooss. Kuerz virum Meeting hat de Milliardär am Kongress eng nei Néierlag verquësse missen.
Et war eng vun dësen Néierlagen, déi den Donald Trump „emotional animéieren“ an esou hat hien nach virum Treffen, d‘Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, direkt a virun allen ganz perséinlech ugegraff, si als eng „drëttklasseg Politikerin“ verkläert… an och soss, war de Milliardär nees verbal net ganz esou op der Héicht wéi een sech dat vun engem Staatsmann géif erwaarden.
D‘Nancy Pelosi, déi sech net provozéiere léisst, huet dem US-President säi rhetoreschen Exkurs als „Ausraster“ vun sech ofpralle gelooss. Deen awer muss op gliddege Kuele gesiess sinn, well säin uschléissenden Tweet: „Nancy Pelosi brauch dréngend Hëllef! Entweder et ass mat hir ‚do uewen‘ eppes net an der Rei, oder si kann eist groussaartegt Land einfach net leiden“. An dat war net alles.
Grond fir déi schlecht Laun um Mëttwoch waren awer net säin Telefonat mat der Ukrain oder dat vun den Demokraten ugestrieften Amtsenthiewungsverfaren. Nee ass ëm dem Donald Trump seng Entscheedung gaangen, d‘US-Zaldoten aus Syrien ofzezéien, wat elo dreet an en handfeste Konflikt an enger onbeschreiflecher humanitärer Kris auszeaarten. An hien huet de Krich „provozéiert“.
Virum Meeting am Wäissen Haus war am Kongress eng Resolutioun (parteiiwwergräifend!) ugeholl ginn, an där den Ofzuch vun den US-Zaldoten als „Feeler“ festgehale gëtt. D‘Representantenhaus leent et also of „bestëmmt Ustrengunge vun den USA ze terminéieren, tierkesch Militäroperatioune géint syresch-kurdesch Kräften an Nordsyrien ze verhënneren“. An d‘Ofstëmmung hat et an sech…
Et gëtt „Reaktiounen“ op dem Donald Trump seng Attack, an dës faasst se nawell zimlech gutt zesummen.
D‘Resolutioun – déi sech kloer géint den Donald Trump a seng Politik riicht – ass mat 354 géint 60 Stëmmen ugeholl ginn. Et hunn also och „ganz vill“ Republikaner dem „Chef“ den Dolchstouss verpasst. Woubäi dat alles beschtefalls politescht Geplänkels ass, well een dësen Text beschtefalls als Stellungnam dierf gesinn. Fir den US-President huet d‘Resolutioun kee verbindleche Charakter.
Interessant awer och eng Ausso vum Chuck Schumer. „Esch hunn de President no sengem Plang zur Bekämpfung vun den IS-Dschihadiste befrot, an hien huet tatsächlech keen!“. Et kann een dann elo allerdéngs vun enger zolitter politescher Kris ausgoen, déi de Wahlkampf nach eppes méi spannend mécht. De Mënschen a besonnesch de Kurden an Nordsyrien hëlleft dësen Dissens awer leider net.
mat indymedia/was
Foto: „Da wëlls de mat engem schwätzen an de Verfuussen si sech…“ esou den Donald Trump nodeems d‘Nancy Pelosi an den Chuck Schumer d‘Sëtzung am Wäissen Haus verlooss hunn. Mee wouriwwer hätten si dann och nach am Kontext vun tierkeschen Ugrëffskrich sollen debattéieren? © White House