Search

You may also like

Chamber: Realistesch Utopie oder utopesch Realitéit?
International Neiegkeeten

Chamber: Realistesch Utopie oder utopesch Realitéit?

Et ass virstellbar, datt sech gëschter am Nomëtteg vill Mënsche

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems
International Neiegkeeten

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems

Säit elo gutt dräi Joer gëtt un der Reorganisatioun vum

Beim Patrimoine geet et och ëm Traditioun
International Neiegkeeten

Beim Patrimoine geet et och ëm Traditioun

De Jean Muller steet fir déi eeleft Generatioun Mëller an

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet

No senger iwwerraschender Entrevue mam Bashar al-Assad um Dënschdeg, versammelt de Vladimir Putin zu Sotchi d’Presidente Recep Tayyip Erdogan, Tierkei an Hassan Rohani, Iran. Op Dësem klenge Sommet sollen d’Richtlinne fir Syrien „nom Konflikt“ beschwat ginn. Dat nëmmen ee puer Deeg iert d’Gespréicher, geleet vun der UNO, zu Genève nees opgeholl ginn.

Russland an den Iran, béid sinn d’Alliéiert vum Regimm vun Damaskus, an d’Tierkei, d’Land dat déi syresch Rebellen ënnerstëtzt. Si sinn d’Pätter vum Astana-Prozess, deen et erlaabt huet Zonen anzeriichten, déi zumindest punktuell zur Deeskalatioun bäidroen. Aktuell situéieren sech déi an de Regiounen ëm Iddlib (Nordosten), Homs (Zentrum), an der orientalescher Ghouta (bei Damskus).

Siwe mol hunn déi vu Moskau initiéiert Verhandlungen et méiglech gemaach, Vetrieder vum Regimm an der Oppositioun un een Dësch ze bréngen. Entrevuen déi sech op militäresch an technesch Froe konzentréiert hunn, während d’Gespréicher zu Genève sech um doudege Punkt befonnt hunn.

Fir e Kongress vum „Dialog“

Déi dräi Staatscheffe wëllen sech iwwert e méiglechen „Kongress vum nationalen Dialog fir Syrien“ ënnerhalen, deen a Russland de Regimm an d’Oppositioun soll zesummeféieren. Eng Iddi déi Enn Oktober virgeluecht ginn ass, mee vun der syrescher Oppositioun refuséiert ginn ass, déi de Gespréicher vu Genève zougedoen ass.

Eng Oppositioun, där hir veschidde Formatiounen sech haut zu Riad zesummefanne fir hir Positiounen ofzestëmmen. Eng eenheetlech Linn déi néideg ass fir bei de Verhandlungen zu Genève virunzekommen, well et do ëm d’Ausschaffe vun enger neier Verfassung geet an och d’Wahle solle virbereet ginn.

Den Haaptpunkt un deem all déi verschidden Initiative gescheitert sinn, fir eng politesch Léisung zu engem Konflikt deen iwwer 300.000 Affer a sechs Joer gefuerdert huet, ass d’Lous vum President Bashar al-Assad. Deen ass säit 2000 un der Muecht a schéngt aktuell gutt opgestallt, an et gesäit dann och net esou aus, wéi wann dee géif noginn.

Fir Moskau an Teheran géif den Depart vum al-Assad zum Chaos am Land féieren. D’Rebellen hirersäits, déi vun Ankara ënnerstëtzt ginn an, grad wéi déi westlech Muechten, all Léisungen ofleenen un deenen hie bedeelegt wier. D’Rebelle begrënnen dat mat de Verbriechen déi de Regimm vun Damaskus soll begaangen hunn.

Den al-Assad, dankbar

D’Fro déi sech also elo stellt, kann de Sommet vu Sotchi zu engem signifikative Fortschrëtt féieren, ugesicht den Divergenzen tëscht den Acteuren an der Absence vu wichtegen „Matspiller“ wéi d’USA, Saudiarabien oder Jordanien?

Gewosst ass bis ewell just, datt de Vladimir Putin sech fir e Gelénge beméit. Den Empfang vum Bashar al-Assad e Méindeg zu Sotchi, bréngt de syresche President an eng Verhandlungspositioun. Et war deem seng éischt Visite am Ausland säit Oktober 2015, just no der militärescher Interventioun vu Russland, déi eng Wend an de Konflikt bruecht hat.

Déi militäresch Ënnerstëtzung vu Russland, huet et ëmmerhin der syrescher Arméi erlaabt, dem Islamesche Staat (IS) déi antik Stad vu Palmyra ofzeknäppen an d’Rebellen aus hirer Héichbuerg Aleppo (Norden) ze verdreiwen. Zudeem haten um Sonndeg, d’Regierungstruppen d’Dschihadisten aus Boukamal, hirem leschten urbane Stëtzpunkt a Syrien gejot.

Wat eis Zesummenaarbecht am Kampf géint den Terrorismus betrëfft, esou geet dës Operatioun op en Enn“, verséchert de Vladimir Putin sengem syreschen Homolog. „Ech mengen et ass elo un der Zäit sech dem politesche Prozess zouzewennen“.

Mir wëllen net zréckblécken a si bereet mat jidderengem, dee sech fir eng wierklech politesch Léisung wëll asetzen, den Dialog opzehuelen, huet sengersäits de Bashar al-Assad ënnerstrach. Hien huet dem russesche President fir seng Hëllef an Ënnerstëtzung, fir d’Verdeedegung vun der territorialer Integritéit an der Onofhängegkeet vu Syrien Merci gesot.

Eng friddlech Léisung

No dëser Entrevue hat de Vladimir Putin nach en Telefonsgespréich mam US-President, datt trotz net grad „häerzleche“ Relatiounen tëscht Moskau a Washington. Laut dem Kreml hätt de Putin verséchert „bereet ze sinn sech fir eng laangfristeg Reegelung vum Konflikt“ op der Basis vun den UN-Resolutiounen anzesetzen. Hien hätt awer drop bestanen, datt „d’Souveränitéit, d’Onofhängegkeet an déi territorial Integritéit vu Syrien“ misst erhale bleiwen.

Laut dem Wäissen Haus, wier et de Wonsch vu béide Presidenten „d’Stabilitéit vun engem vereente Syrien, fräi vun all Amëschung an de Refuge fir Terroristen“ ze sécheren. Béid Staatscheffe wieren och drun interesséiert „eng friddlech Léisung fir de syresche Biergerkrich“ ze fannen. D’Objektiv wier et „der humanitärer Kris en Enn ze bereeden an et de syresche Flüchtlingen ze erméiglechen ness Heem ze goen“, esou de Statement aus dem Wäissen Haus.

13 Millioune Mënschen op Hëllef ugewisen

Den 11. November haten de Putin an den Trump e gemeinsame Communiqué erausginn, an deem eng „militäresch Léisung“ ausgeschloss gëtt an zu enger „friddlecher Léisung“ opgeruff ginn ass. Dat alles am Kader vun de Gespréicher vu Genève.

Mee zanterhier gëtt sech op „verbalem Niveau“ zolidd gestridden. Eenegkeet iwwert d’Zukunft vu Syrien gesäit anescht aus a léisst net erblécken, datt een hei zu engem Konsens fanne wëll.

An enger Ried, déi op der nationaler Tëlee iwwerdroe ginn ass, huet den iranesche President en Dënschdeg d’Victoire iwwert den Islamesche Staat (IS) proklaméiert, nach iert Bagdad oder Damaskus erkläert hätten den IS ganz geschloen ze hunn. Den Hassan Rohani huet an engem Telefonsgespréich mam Emmanuel Macron betount, „d’Ausenanerfale vun de Länner an der Regioun wëllen ze verhënneren“. Den Iran wier net interesséiert Afloss op d’Länner ze huelen.

Och wann elo d’Gewalt eenegermoossen zréckgaangen ass, esou hunn op haut, iwwer 13 Millioune Mënschen, dovunner d’Hallschent Kanner, humanitär Hëllef néideg. Eng Warnung vun der OCHA, dem UN-Büro fir humanitär Ugeleeënheeten. E Spriecher vun der „Koalitioun“ huet en Dënschdeg bestätegt, datt d’Asätz vun der internationaler Koalitioun géint den IS, am November staark ofgeholl hunn.

mam Maria Panina/AFP

Foto: Iwwerraschend Entrevue tëscht dem Putin an dem al-Assad. Et gëtt wéi et ausgesäit no enger friddlecher Léisung am Syrien-Konflikt gesicht. © Mikhail Klimentyev/Sputnik/AFP

Related topics Bashar al-Assad, Hassan Rohani, Recep Tayyip Erdogan, Syrien, Vladimir Putin
Next post Previous post