Search

You may also like

König der Löwen – Wa Kandheetserënnerungen erwäschen
International Neiegkeeten

König der Löwen – Wa Kandheetserënnerungen erwäschen

Zënter dem 17. Juli 2019 zitt d’Neiverfilmung vum Der König

surprise
Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?
International Neiegkeeten

Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?

Um Freideg huet déi politesch Wahlkoalitioun vun ADR a Wee

Och d’Philharmonie kënnt mat enger Rëscht Annulatiounen
International Neiegkeeten

Och d’Philharmonie kënnt mat enger Rëscht Annulatiounen

D’Stater Philharmonie deelt mat, datt opgrond vun den neie Restriktiounen

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen. De Baschar al-Assad ass, zanter Joren erëm fir d’Éischt, an d’Ghuta gereest. En Zeechen datt seng Truppen, déi vu Russland ënnerstëtzt ginn, gutt virukommen.

D’Kurde vu Syrien hu reagéiert a versprach de Kampf weiderzeféieren, fir d’Befreiung vun der ganzer Regioun Afrine. D’Regioun ass säit dem 20. Januar d’Zil vun enger Offensive, där Ankara d’Bezeechnung „Olivenzweig“ ginn huet. Zweck dovunner: d’Kurdemiliz YPG zerstéieren. Dës Miliz, déi vun der Tierkei als terroristesch Grupp agestuuft, an als Bedreeung fir d’Grenzregioun betruecht gëtt, war emol en Alliéierte vu Washington, am Kampf géint den Islamesche Staat (IS).

An de leschten Deeg waren déi tierkesch Truppe mat hire syreschen „Partner“ gutt virukomm, wat zu engem massiven Exodus vun Ziviliste gefouert huet. En Exodus, gläich dem, deen et och op enger anerer Front gëtt, an der ëstlecher Ghuta, wou syresch Regierungstruppen d’Rebelle wëlle verjoen.

Um Sonndeg, knapp e puer Stonnen nodeems déi tierkesch Truppen an Afrine amarschéiert waren, hunn se sech iwwert dat ganzt Stadgebitt verdeelt. An de Quartieren hunn paradéiert, an d’Luucht geschoss, an hir Victoire ze geféiert. AFP-Korrespondenten hunn Zaldote gesinn, déi um Balcon vun engem ëffentleche Gebai, den tierkesche Fändel opgehaangen hunn.

al-Assad

An der nordwestlecher syrescher Stad vun Afrine, hunn déi syresch Rebellen, déi sech den tierkeschen Truppen ugeschloss hunn, d’Geschäfter an d’Haiser ausgeraibert. © Bulent Kilic/AFP

Eppes méi wäit hu syresch Combattanten, déi sech der tierkescher Arméi ugeschloss hunn, um Fouss vun enger lassgerappter Statue zesummegesat. AFP-Korrespondenten hunn och Geschäfter gesinn déi ausgeraibert goufen. Syresch Combattanten hu Kartong fir Kartong an hir Gefierer gelueden. Alles wat net ugestréckt war ass opgeluede ginn: Geessen, Decken an och Motorrieder.

De kurdesche Widderstand

Nodeems se verdriwwe ginn ass, huet déi lokal kurdesch Administratioun fir d’Regioun Afrine versprach, datt hir Kämpfer zum „permanenten Albdram“ vun der tierkescher Arméi wäerte ginn. “De Widderstand zu Afrine geet weider, bis all Territoire befreit ass“, esou déi kurdesch Administratioun an engem Communiqué,

De syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR) deelt mat, datt iwwer 1.500 kurdesch Kämpfer, a 400 Rebellen déi sech den Tierken ugeschloss haten, säit Ufank vun der Offensive verstuerwe sinn. Déi tierkesch Arméi gëtt un, 46 Zaldote bei der Offensiv verluer ze hunn.

Mat de Belagerung vun der Stad, haten d’Loftschléi an den Artilleriebeschoss zougeholl. D’Tierkei streit awer of jeemools Ziviliste cibléiert ze hunn. Den SOHR schätzt datt et awer iwwer 280 Affer ënnert der Zivilbevëlkerung, säit Ufank vun der Offensiv, ginn huet.

250.000 Zivilisten hunn zanter e Mëttwoch d’Stad Afrine verlooss, all a Richtung vu Gebidder déi vu Kurden oder syreschen Truppe kontrolléiert ginn. Laut dem SOHR wieren nach just e puer dausend Leit an der Stad. Um Sonndeg sinn 13 syresch pro-tierkesch Combattante bei Minneraumaarbechten ëm d’Liewe komm.

Damaskus ass gerett

Op der anerer syrescher Front, an der ëstlecher Ghuta, fënnt ee weidere massiven Exodus statt. D’Enklave vun de Rebelle gëtt vun Dag zu Dag méi kleng, an dem Baschar al-Assad seng Zaldoten hu schonn 80% vum Gebitt zréckeruewert. D’Géigend schéngt dann och sécher genuch, well de syresche President huet sech op d’Plaz beginn a sech en eegent Bild vun der Situatioun gemaach.

De Baschar al-Assad huet sengen Truppe gratuléiert, well se Damaskus gerett hätten, virum Beschoss mat Rakéiten an Artillerie. „D’Awunner vun Damaskus sinn iech méi wéi dankbar, a wäerten nach a Joerzéngten hire Kanner soen, wéi dir Damaskus gerett hutt“, esou de syresche President bei sengem „Besuch“ an der Ghuta.

al-Assad

Dem Baschar al-Assad seng Zaldoten hunn scho gutt 80% vun der Enklav an der ëstlecher Ghuta zréckeruewert. Hei, an der Stad Saqba, feieren d’Zaldoten hir Victoire iwwert d’Rebelle vum Grupp Faylaq al-Rahmane © Louai Beshara/AFP

Eng glécklech Offensiv fir de syresche President, mee de Präis ass héich. Laut dem SOHR wieren an der Enklav iwwer 1.400 Zivilisten, dovunner 274 Kanner, duerch d’Bombardementer ëm d’Liewe komm. E Sonndeg hunn dausenden Zivilisten déi südlech Täsch vun der Ghuta verlooss. Déi gëtt am Ament nach vun der Rebellegrupp Faylaq al-Rahmane gehalen.

Den SOHR huet och matgedeelt, datt et fir dëse Secteur soll zum engem Accord tëscht Faylaq al Rahmane an de Russe kommen. Et soll eng Méiglechkeet geschafe ginn, d’Rebellen an de syresche Norden ofzéien ze loossen.

De Spriecher vum Rebellegrupp Waël Alwane huet vu Verhandlunge mat der UNO geschwat. Hie verséchert datt et „Virbereedunge gëtt déi zu seriéise Verhandlunge solle féieren, déi d’Sécherheet an de Schutz vun den Ziviliste garantéiert“. Aus der solle bis ewell 65.000 Leit evakuéiert oder geflücht sinn. Um Sonndeg hu Loftschléi an der Ghuta 6 Mënscheliewe gefuerdert.

mam Bulent Kilic/AFP

Foto: En tierkesche Panzer an Afrine. D’Kurdemiliz YPG huet sech misse geschloe ginn, huet awer net wëlles de Widderstand opzeginn. © Omar Haj Kadour/AFP

Related topics Afrine, Baschar al-Assad, Ghuta, Syrien, Tierkei
Next post Previous post