Search

You may also like

EU-Kommissioun: D’Strategie fir Mënsche mat Behënnerung (2021-2030)
Neiegkeeten

EU-Kommissioun: D’Strategie fir Mënsche mat Behënnerung (2021-2030)

Gëschter huet d’Europäesch Kommissioun seng Strategie fir d’Rechter vu Mënsche

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner
Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2020: De Lëtzebuerger Béier-Adventskalenner

Keng Loscht op den typeschen Adventskalenner mat séisse Leckereien? Wann

E puer Bicherproposen fir d’Feierdeeg
Neiegkeeten

E puer Bicherproposen fir d’Feierdeeg

Chrëschtdag a Silvester si Fester, deen der vill mat gemëschte

Syvicol an Inneministère hunn ee kommunikative breakdown

CGDIS, de finanzielle Beitrag vun de Gemengen, de Syvicol an eng verwonnert Ministesch

Syvicol an Inneministère hunn ee kommunikative breakdown

No der Syvicol-Sëtzung vum leschte Méindeg, wou et nieft Themen aus dem Beräich Ëmwelt an Natur, och ëm d‘Participatioun vun de Stied a Gemenge un de Betribskäschte vum CGDIS goung, war d‘Loft dënn ginn. Den Dossier zur Organisatioun vun de Rettungsdéngschter hat fir schlecht Stëmmung an der Comitéssëtzung gesuergt.

Deen am Comité vum Syvicol fir d‘Rettungsdéngschter zoustännege Buergermeeschter, ass de Michel Malherbe (Miersch) huet en zolitte Problem mam Fait, datt d‘Stied a Gemengen hir Beiträg fir d‘Rettungsdéngschter ëm 10% gehéicht kréien. Dat matten an enger Kris, där hiert Enn och elo9 nach net ofzegesinn ass, a wou och nach d‘Dotatioune vun der Regierung erofgesat goufen.

Gëschter huet dann d‘Inneministesch sech de vum Mierscher Buergermeeschter gemaachter Ausso ugeholl. An d‘Taina Bofferding (LSAP) ass, bezunn op d‘Wuertwiel, schonn eppes iwwerrascht, well d‘Marschrichtung jo awer bekannt ass. Am nationale Plang zur Organisatioun vun eben de Rettungsdéngschter heescht et, datt bannent 15 Minutten all Plaz am Land muss erreecht ginn.

Esou eng Organisatioun kritt een net fir näischt an et dierf drun erënnert ginn, datt ganz vill vun den elo knouterege Buergermeeschter jo selwer Deputéierter sinn, an déi hu jo bei der Ofstëmmung an der Chamber 2018, d‘Organisatioun vun der ziviller Sécherheet matgestëmmt. De Vott deemools war eestëmmeg ugeholl ginn. Op d‘Deputéiert-Mairen gemengt haten dat wier alles „gratis“?

Illustratioun: © CGDIS

Related topics CGDIS, Inneministère, Michel Malherbe, Participatioun, Rettungsdéngschter, Syvicol, Taina Bofferding
Next post Previous post