Search

You may also like

Kalifornien verbrennt
Neiegkeeten

Kalifornien verbrennt

Impressionnant Biller: Den Himmel iwwert dem US-Bundesstaat Kalifornien ass „Orange“,

Editorial: E bësschen Optimismus muss sinn
Neiegkeeten

Editorial: E bësschen Optimismus muss sinn

Ech kucke mat engem décke Kapp a Richtung 2018. Nee,

A13: Schantjen tëscht den Echangeure Suessem an Éilereng (03.-06.2021)
Neiegkeeten

A13: Schantjen tëscht den Echangeure Suessem an Éilereng (03.-06.2021)

Vu Freides, den 3. September géint 20:00 Auer bis Méindes,

Syvicol: D’Offallwirtschaft an de Baulandvertrag am Fokus

Syvicol: D’Offallwirtschaft an de Baulandvertrag am Fokus

De 25. Januar war eng méi lass op der Stater Gemeng lass: Déi éischt Sëtzung vum Syvicol-Virstand gouf ofgehalen. Dobäi goufe fënnef Expertisen zu Gesetzesentwërf gestëmmt, dorënner d’Reform vum Offallgesetz. Ma, 2021 ass fir de Verband iwwregens e ganz besonnescht Joer.

Am Beräich vun der Offallwirtschaft geet et drëms, datt déi kommunal Autonomie an de Subsidiaritéitsprinzip respektéiert soll ginn. Et ass wichteg dem kommunale Secteur een Héchstmooss u Flexibilitéit ze loossen. De Syvicol fuerdert ënnert anerem, datt d’Gemengen d’Zoustännegkeet fir d’Bewirtschaftung vum Offall iwwerdroe kréien, onofhängeg dovunner, ob se aus engem Haushalt stamen oder net.

Ausserdeem schwätzt sech Syvicol fir ee fräien Zougang zu de Recyclingzenteren aus. Dobäi ass et egal, wou ee wunnt. Leider besteet dobäi d’Gefor vu Offalltourismus, wouduerch dëst wuel iwwerluecht muss ginn.

De Syvicol ënnersträicht, datt eng Zesummenaarbecht tëscht kommunalen a staatlechen Autoritéite wichteg ass. D’Virstandsmembere Raymonde Conter-Klein an de Romain Osweiler hu Froen zur Zougangskontroll an de Ressourcenzentere gestallt. Zemools Grenzgemengen hunn do Problemer ze bekloen.

Méi nei Wunnengen w.e.g.

Komme mir also zum Gesetzesentworf zum Baulandvertrag. Et goufen zwou nei Servituden agefouert: Engersäits d’“contrainte temporaire de viabilisation“ (CTV), sou wéi d’“contrainte temporaire de construction de logement“ (CTL). Si sollen e puer Schwaachstellen am ursprénglechen Text ausgläichen .

De Syvicol fäert allerdéngs, datt d’Zil méi Wunnengen op de Maart ze bréngen net erreecht gëtt an datt d’Gemengen déi betraffe Proprietären entschiedege mussen. Dat bleift ofzewaarden.

Wat gouf et zur Police, der Carte d’Identité an dem 5G-Netz ze soen?

E weidere Punkt war de Gesetzesentworf 7498, deen déi Groussherzoglech Police betrëfft. Videoiwwerwaachung, Opklärung, Ënnersichung a Verfollgung vu Strofdote waren d’Thema.

An engem aneren Entworf geet et ëm Ausstellung vun de Carte d’Identité fir Lëtzebuerger Bierger. Dës wäerten an Zukunft zwee Fangerofdréck an digitaler Form enthalen an d’Verflichtung gëllt ab dem 12. Liewensjoer. De Syvicol begréisst, datt d’Adress net méi am integréierte Chip gespäichert gëtt.

Eng weider Fro war d’Ëmsetzung vu sougenannten „small cells“. Si sinn e wichtege Bestanddeel vum Ausbau fir 5G-Netz. An enger Videokonferenz mam STATEC gouf proposéiert, datt d’Vollekszielung op dat nächst Joer vertässelt soll ginn. Se ass fir den 1. Juni geplangt.

Syvicol© Syvicol

Gebuertsdagskuch fir de Syvicol

Ofschléissend gëtt et nach eppes ze feieren: De Syvicol feiert dëst Joer säi 70. Jubiläum. Zu Genf gouf nämlech 1951 de Grondstee vum fréieren Conseil des Communes d’Europe (CCE) geluecht. Dobäi ass eng Lëtzebuerger Sektioun gegrënnt ginn. De Syvicol selwer ass dunn um 28. November 1986 entstanen.

Zënter dem 26. Januar kritt Dir iwwert den digitale Wee en Iwwer- an Abléck an d’Geschicht vun der kommunaler Vertriedung um nationalen an europäeschen Niveau.

De ganze Rapport zu de Gesetzesentwërf kënnt Dir hei noliesen.

Related topics 5G, 70. Gebuertsdag, Baulandvertrag, Carte d'Identité, Jubiläum, Offallwirtschaft, Police, Recyclingszenter, Servitude, Syvicol, Vollekszielung
Next post Previous post