Search

You may also like

Wéi gëtt ee Kandidat fir d’franséisch Présidentielle?
Neiegkeeten

Wéi gëtt ee Kandidat fir d’franséisch Présidentielle?

Den CES presentéiert seng 3 Avisen
Neiegkeeten

Den CES presentéiert seng 3 Avisen

No der Plenarversammlung um 14. Juli 2020 vum Conseil Économique

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet
Neiegkeeten

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet

Exportweltmeeschter, Industrienatioun an eng helle Wull u gescheite Käpp. Esou

De Syvicol ass nees gutt opgestallt

De Syvicol ass nees gutt opgestallt

Beim Syvicol (Syndikat vun de Gemengen a Stied) kuckt een entspaant an de Mäerz. Wéi ee gëschter konnt gewuer ginn, soll de Syvicol dann och bis Enn vum Mount nees seng Aarbecht a gewinnter Manéier ophuelen. D‘Wiel vun den Delegéierten ass gutt verlaf.

Als Delegéiert si gewielt ginn: Guy Wester (Schäffen an der Gemeng Hesper); Serge Hoffmann (Buergermeeschter vun der Gemeng Habscht); Fred Ternes (Schäffe vun Nidderaanwen); Louis Oberhag (Buergermeeschter vu Waldbriedemes); Romain Osweiler (Buergermeeschter vu Rouspert-Mompech); Jean-Marie Sadler (Conseiller zu Fluessweller); Annie Nickels-Theis (Buergermeeschtesch vu Buerschent), Änder Schmit (Buergermeeschter vu Schieren); Michel Malherbe (Buergermeeschter vu Miersch); an Nico Wagener (Schäffe vum Park Housen).

De President vun der leschter Sëtzungsperiod, Emile Eicher (Buergermeeschter vu Klierf) war Deel vun den am Virfeld bestëmmte Kandidaten. Dozou gehéieren och: Lydie Polfer (Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg); Dan Biancalana (Buergermeeschter vun Diddeleng); Georges Mischo (Buergermeeschter vun Esch Uelzecht); Raymonde Conter-Klein (Schäffin vu Péiteng), Raoul Clausse (Buergermeeschter vu Saeul) an de Patrick Comes (Schäffen an der Gemeng Wolz).

D‘Zesummestellung vum neie Comité a vum Büro, gëtt et dann awer eréischt de 26. Mäerz. De Syvicol vertrëtt a fërdert d‘Interesse vu sengen affiliéierte Gemenge verdeedegt. De Syndikat spillt och eng wichteg Roll als Vermëttler tëscht de Gemengen an de staatlechen Administratiounen a Ministèren.

Och d’Promotioun an d’grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht gehéieren zum Aufgabeberäich. Esou kann een am Syvicol op d‘Expertise an d‘Erfarung bei Jumelagen oder soss gewënschte Partenariater zréckgräifen. De Syndikat kuckt op eng laang Geschicht zréck. 1951 hat et déi éischt Representatioun am europäesche Gemengerot ginn, an 1963 ass den AVCL (Vereenegung vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen) gegrënnt ginn

Et war dann am Joer 1986, datt aus der Vereenegung den haut bekannte Syndikat entstanen ass. All d‘Gemengen a Stied sinn an dësem Syndikat vertrueden. E Syndikat dee wichteg Lobbyaarbecht bei der Regierung am Interessi vu senge Membere bedreift.

De Syvicol vertrëtt och d‘Interesse vu senge Membere beim CdR (Comité des Régions de l‘Union Européeenne), dem CPLRE (Congrès des Pouvoirs Locaux et Régionaux du Conseil de l‘Europe) wéi och dem CCRE (Dem Conseil des Communes et Regions d‘Europe).

Related topics Gemengen, Stied, Syndikat, Syvicol
Next post Previous post