Search

You may also like

Vill Doudeger bei Kampfhandlungen am Burkina Faso
Neiegkeeten

Vill Doudeger bei Kampfhandlungen am Burkina Faso

D‘Arméi vum westafrikanesche Staat Burkina Faso huet en Ugrëff vun

Videokonferenz: D’Analphabete vun der Zukunft. Kënne mir léiere Biller ze liesen?
Neiegkeeten

Videokonferenz: D’Analphabete vun der Zukunft. Kënne mir léiere Biller ze liesen?

Wéini? Donneschdes, de 15. Oktober 2020 um 19.00 Auer; Presentatioun: Emmanuel

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot
Neiegkeeten

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot

Laut engem Communiqué vun der Stater KPL-Sektioun hätt eist ganzt

SYVICOL: Vu fräie Plazen, enger geplangter Schwämm an dem Budget 2020

SYVICOL: Vu fräie Plazen, enger geplangter Schwämm an dem Budget 2020

De Virstand vum “Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises”, och SYVICOL genannt, huet bei senger Sitzung net nëmmen de Budget 2020, d’Personal a Suerge vun de Gemengen ugeschwat, mee och de Rapport vun der geplangter Reform vum Gemengegesetz thematiséiert. Kee Wonner also, datt hei ee breede Publikum mat groussen Oueren ugezu ginn ass.

No enger kuerzer Begréissung vum President Emile Eicher goung et direkt zur Saach. Ugefaange gouf beim Personal an der Verkënnegung, datt zwou Plaze geschaf wäerte ginn. Eng Mataarbechterin geet, no 25. Joer am Déngscht, an d’Pensioun, wouduerch hir Tâche elo Hallefdaags duerch ee sougenannten „Employé Communal“ an der C1 Lafbunn besat wäert ginn. Dobäi kënnt eng weider Plaz, allerdéngs mat A1-Karriär. Grond heivir ass, datt de SYVICOL an Zukunft méi systematesch bei Reglements- a Gesetzesentwërf bei Gemenge consultéiert gëtt.

Uschléissend ass et direkt weider gaange mam rektifizéierte Budget 2019, sou wéi dem Budget 2020, deen eestëmmeg ugeholl ginn ass. Mat hirer zolitter Basis a Saache Finanze kann ee sech nämlech zwee nei Mataarbechter leeschten, an dobäi bleift de Gemengebeitrag vun 1,30 € pro Awunner weiderhin onverännert. Et rechent een am kommende Joer mat engem Iwwerschoss vun 787.362,34 €.

A Saache Kommunikatioun an Ëffentlechkeetsaarbecht gesäit de Syndikat fir mam digitalen Zäitalter ze goen an esou ënnert anerem eng App ze gestalten, déi de spezifeschen Uspréch vum SYVICOL gerecht gëtt.

Naass soll et ginn

Als Virstandsmember vum Syndikat a Buergermeeschter vn der Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech huet de Romain Osweiler een Abléck an den Dossier vun der geplangter interkommunaler Schwämm ginn. Doduerch, datt dës Infrastruktur haaptsächlech fir Schoulzwecker genotzt gëtt, koum d’Fro no enger Kofinanzéierung säitens dem Educatiounsministère op. Heibäi hunn d’Lydie Polfer an de Georges Mischo dem Buergermeeschter Recht ginn. An Zäite, wou ëmmer manner Schüler schwamme kënnen, fir et immens wichteg genuch ausgebilte Personal fir d’Schwammcoursen ze hunn.

Donieft war riets, dat bestoend d’Gesetz vum Joer 1990 endlech a schnellstméiglech ze iwwerschaffen. De Lëtzebuerger Staat sollt soumat am Beräich Fondamental a Secondaire fir d’Personalkäschten opkommen. An dësem Kader huet de SYVICOL-President Emile Eicher ënnerstrach, datt de Staat effektiv seng Positioun iwwerdenke misst an dëst Thema bei der nächster Sitzung mam Minister Claude Meisch ugeschwat gëtt.

A Saache Reform vum Gemengegesetz hat déi intern berodend Kommissioun sech schonn am viraus sechs Mol getraff, fir ze diskutéieren. Bei dësem ofschléissenden Expertise huet de Laurent Zeimet ervir gehuewen, datt et eng „richteg Erausfuerderung gëtt, fir d’Wënsch vun de klenge, mëttleren a grousse Gemengen all ënnert een Hutt ze kréien.“

Mat Fangerspëtzegefill erugoen

Et geet nämlech beispillsweis ëm eng méiglech Aféierung vun engem Generaldirekter an engem Finanzdirekter, wéi et och am wallouneschen Deel vun der Belsch schonn de Fall ass, fir esou déi politesch Verantwortlech bei der Leedung vun der Gemengeverwaltung ze ënnerstëtzen. Weider Punkte waren déi fortschreiden Digitaliséierung, d’Zuel u Gemengeréit bei de klammenden Awunnerzuelen, sou wéi nei Prozeduren, beispillsweis bei der Zesummesetzung vum Schäfferot. D’Reform géif generell vill Fangerspëtzegefill verlaangen, sou datt ee gemeinsam an eng modern an einfach Richtung goe kéint.

Als Ofschloss huet sech de SYVICOL-Virstand ausgeschwat, fir dëse Rapport an enger separater Sitzung weider mat der berodender Kommissioun unzegoen an d’Gemenge virun der Ausschaffung vun der ofschléissender Expertise mat anzebannen. Dobäi geet et virun allem ëm Nuancen, Siichtweisen an alle Facette gerecht ze ginn. Déi éischt Sitzung sinn fir dat nächst Joer den 10. Februar, 30 Mäerz, 25. Mee, sou wéi den 13. Juli, jeeweils um 12:00 Auer virgesinn.

Opmaacherbild: © SYVICOL

Related topics Budget 2020, Educatiounsministère, Emile Eicher, fräi Plazen, Fusioun, Gemeng Rouspert-Mompesch, Laurent Zeimet, Romain Osweiler, Schwämm, Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises, Syvicol
Next post Previous post