SeaWatch4 am Hafe vu Palermo festgesat
D‘Freed vun all deenen, déi d‘Rettungsmissioune vun den ONGen, wéi
De Librairen am Land geet et net wierklech gutt, an
Kommende Méindeg gëtt op der Place Winston Churchill an der
Vill Leit si wéinst dem Virus net wéi gewinnt an d’Ausland gefuer, mee hunn doheem Vakanz gemaach. Ma, si hunn da vun der Geleeënheet profitéiert, fir onst Land um Zweerieder ze entdecken. Dës Aktioun vum Transportministère koum och bei de Gemenge ganz gutt un. De Gemengesyndikat SYVICOL huet d’Initiativ begréisst a säi President Emile Eicher ass der Meenung, datt esou eppes duerchaus ausbaufäeg wier.
„Mir hunn dës Iddi vun Ufank un ënnerstëtzt a matgedroen. Et war eng wichteg Mesure, déi gehollef huet dem Tourismus hei zu Lëtzebuerg wärend de Summerméint ënnert d’Ärem ze gräifen.““, esou den Emile Eicher. De Vëlo als Fortbeweegungsmëttel ass fir de President vum SYVICOL, an enger Gesellschaft déi ëmmer méi Wäert op Nohaltegkeet an op d’Reduzéiere vun den Auto-Ofgase leet, net méi ewech ze denken. „Ech sinn der Meenung, datt mir an dem Sujet nach vill Loft no uewen hunn. De Staat muss duerfir suergen, datt d’Infrastrukture fir d’Vëlosfuerer weider verbessert ginn. An dat muss een dann erof deklinéieren op d’Gemengen. Par Rapport zum noen Ausland hunn mir deels ee groussen Nohuelbedarf“, esou den Emile Eicher weider.
De Vëlo misst a sengen Aen och vill méi eng grouss Roll am Tourismus spillen. „Och do mussen d’Hiewelen ugesat gi. Lëtzebuerg huet genuch Potential fir d’Land vum Vëlostourismus ze ginn. An dat gëllt fir all d’Regioune vun onsem Land.“ De President vum SYVICOL begréisst och, datt am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, d’Gemengen aus dem Süde verstäerkt matmaachen. Den Hannergrond ass kloer:
Esch2022 steet virun der Dier. Am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad 2022 soll de Vëlo bei der Entdeckung vun enger ganzer Géigend eng wichteg Roll spillen an als Fortbeweegungsmëttel hei zu Lëtzebuerg duerchaus weider promouvéiert ginn.
Op der Internetsäit www.mobiliteitswoch.lu kënnen d’Gemengen hir jeeweileg Aktioune vun an am Beräich Vëlofueren engem méi breede Public zur Verfügung stellen an en Iwwerbléck iwwert déi konkret Moossnamen am Beräich Mobilitéit ginn. Bis den 22. September kann een nach eegen Eventer an Aktiounen do registréieren.