Search

You may also like

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Zuelen 2018 zu Banann a Co.
Kultur Neiegkeeten

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Zuelen 2018 zu Banann a Co.

Fir Fairtrade ass et vu grousser Bedeitung, datt all Klengbaueren

Mord oder Häerzinfarkt?
Kultur Neiegkeeten

Mord oder Häerzinfarkt?

De Mohammed Mursi, kuerzzäitege President vun Egypten a Moslembruder (fundamentalistesch-radikal)

Si „kämpfen“ online mee och an de Gaassen
Kultur Neiegkeeten

Si „kämpfen“ online mee och an de Gaassen

Den 8. Mäerz ass internationale Fraendag. Dee gëtt vu villen

T the Boss – Release vum Album „ De Papp“ an der Rockhal!

D'Mammesprooch a senger schéinster artistescher Form

T the Boss – Release vum Album „ De Papp“ an der Rockhal!

Dir sicht fir muer den Owend ee musikalescht Event a sidd Fan vum Lëtzebuerger Rap? Da sollt ee sech d’CD-Release vum T the Boss op kee Fall entgoe loossen! Um Freideg, de 27. September weist de sympathesche jonken Artist am Rockhal Club wat et heescht, d’Lëtzebuerger Sprooch a motivéierender Aart a Weis am Sproochgesang ze verpaken an d’Fans zum matsangen ze motivéieren.

Muer den Owend um 20:00 Auer wäert de Rockhal Club d’Fans vum T the Boss begréissen dierfen. Ee ganzt Land ass gespaant op déi nei Wierker vum sympathesche Kärel, deen de Rap am Land op een neien Niveau bruecht huet. Een Ticket fir dës Release kritt een fir 10 € (CD inclus).

T the Boss

Zum T the Boss

Zënter 2001 stécht den T the Boss mat senge kreative Projeten a Kollaboratiounen an der Rap-Zeen ervir an iwwerzeegt duerch de Gebrauch vun eiser Sprooch. Mam neien Album „De Papp“ provozéiert de Museker een Egotrip, gefëllt mat vill Ironie. Och hie selwer gëllt fir de Grand-Duché als eng Aart Papp, schliisslech huet den T den éischten Disk mat Lëtzebuerger Rap erausbruecht. No der EP Teorie (2001) ass schliisslech virun 8 Joer den Deput Album „Rap, Homies & Famill“ erauskomm.

Mat „Ëmmer nach ech“ (2016) kruten d’Lëtzebuerger Fans de véierten Album gebueden, ier et an eng kuerz Paus gaangen ass. Enn 2018 konnt den T, nees gefëllt mat neier Motivatioun, aus der Auszäit erwächen. Säi lescht Lidd „Kämpf“ mam dozougehéierege Video huet de Fokus op Suizid geluecht.

Wärend senger laanger Karriär konnt den talentéierte Rapper ëmmer nei Erausfuerderungen ugoen an ënnert anerem an der Kulturfabrik, der Rockhal, dem Atelier oder Festivals wéi dem Food For Your Senses optrieden. Aus Erfarunge kënne mir nëmme bestätegen, datt een do net roueg stoe bleiwe kann!

Opmaacherfoto: Geléint vun der Facebook-Säit vum T the Boss © Miss Turner Photography

Related topics Album, CD-Release, De Papp, Musék, Rap, T the Boss
Next post Previous post