Search

You may also like

Jugendpräis 2021: De 6. Mee ginn d’Gewënner matgedeelt
Kultur Neiegkeeten

Jugendpräis 2021: De 6. Mee ginn d’Gewënner matgedeelt

De Jugendpräis ass e Projet, deen 2015 vum Service nationale

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral
Kultur Neiegkeeten

Egypten verdeedegt déi ëffentlech Moral

D‘Rechter vun de Fraen am arabesche Raum waren nach ni

Doudeger bei Policegewalt am Myanmar
Kultur Neiegkeeten

Doudeger bei Policegewalt am Myanmar

Nodeems d‘Generäl am Myanmar nees d‘Muecht u sech gerappt, d‘Bierger

Halen oder net? Den Tableau de Tri fir d’Archive soll elo hëllefen

Halen oder net? Den Tableau de Tri fir d’Archive soll elo hëllefen

Gëschter hunn d’Kulturministesch Sam Tanson an d’Direktesch vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven, d’Josée Kirps, d’Konventioun zum Tableau de Tri vun Dokumenter, wéi och den Archive vum Kulturministère ënnerschriwwen. D’Sam Tanson ass déi éischt Ministesch, déi zënter dem Akraafttriede vum Gesetz vum 17. August 2018 zum Archivage esou een Tri realiséiert an eng Obligatioun fir all Ministèren an ëffentlech Administratiounen opstellt.

Nieft der Selektioun vun Dokumenter setzt d’Konventioun d’Notzungsdauer un den Archive vun Administratioune fest. Elo ass also kloer verzeechent, wéi laang Dokumenter vun engem Archiv legal a praktesch genotzt dierfe ginn, ier se am Nationalarchiv konservéiert oder zerstéiert ginn.

Den Tableau de Tri vereinfacht, harmoniséiert a rationaliséiert d’Gestioun vun Dokumenter an Donnéeën am physeschen oder digitale Stock. D’Initiative ass entstanen a Kollaboratioun mam Service Collecte, Conseil et Encadrement vum Lëtzebuerger Nationalarchiv.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Tom Gantenbein, Kulturministère; Josée Kirps, Direktesch vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven; Amandine Gorse, Lëtzebuerger Nationalarchiven; Sam Tanson, Kulturministesch; Magali Soler, Lëtzebuerger Nationalarchiven © Kulturministère

Related topics Collect, Josée Kirps, Konservéierung, Kulturministère, Nationalarchiv, Notzung, Sam Tanson, Tableau de Tri
Next post Previous post