Search

You may also like

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen
Stories

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen

Moler, Schrëftsteller, Architekten a Museker – wat hunn si all

Verdriwwen a gejoht erliewe Migranten zu Ouistreham eng nei Hell
Stories

Verdriwwen a gejoht erliewe Migranten zu Ouistreham eng nei Hell

Ee Joer nodeems den Dschungel vu Calais „opgerappt“ ginn ass,

Dës Servicer sinn an d’Rue Notre-Dame geplënnert
Stories

Dës Servicer sinn an d’Rue Notre-Dame geplënnert

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt zuelräich Servicer vun der Haaptstad

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys

Am Kader vum Medieprojet „1917“ dee vum 100,7 an der Wochenzeitung woxx lancéiert ginn ass, war um Méindegowend am Bouneweger Kasemattentheater eng Tableronde zum Thema: „Reform oder Revolutioun“ organiséiert ginn. Bei frëndlecher Betruechtung haten sech eng 20 Leit op der Plaz vir de Sujet interesséiert.

Véier Gäscht – de Serge Urbany, déi lénk; d‘Ginette Jones, LSAP; den Alain Herman, KPL; an de Robert Garcia, déi gréng – hu sech zu der Fro op de Sujet „Reform oder Revolutioun“, honnert Joer no der Oktoberrevolutioun a knapp 30 Joer nom Fall vun der Berliner Mauer, iwwerhaapt nach aktuell wier, positionéiert. Am Public en Intervenant, de fréiere Wort-Journalist a laangjärege CSV-Member Pierre Lorang.

Riets war vum gewënschte Paradigmewiessel an der Politik. Gemengt war awer: wéi eng Méiglechkeeten a Chancen hunn kleng Parteie fir an der Gesellschaft fundamental Verännerungen duerchzesetzen? Mech huet hei dann och schonn emol fir unzefänken erstaunt, datt „déi gréng“ zum lénke politesche Spektrum gezielt goufen. Also hei op der Tableronde.

Gutt, mam Robert Garcia war elo kee vun de „liberale“ Vertrieder ageluede ginn, ugesicht der aktueller politescher Ausriichtung vu senger Partei, dann trotz allem eng gewoten Thees.

Wat een aus de éischter Ronn vum Gespréich ka resuméieren ass de Constat, datt fir déi politesch Vertrieder de Marxismus u sech net Dout ass, et de Kommunismus esou wéi e geduecht war awer och net existéiert huet. Fir de Serge Urbany, wier d‘Sowjetunioun éiweg dem Kapitalismus nogelaf, wat schlussendlech och zu senger Opléisung gefouert hätt.

D‘Iddi u sech war gutt

Zu Zäite vun der Oktoberrevolutioun a bis gutt an d‘60er Joren hätt d‘Iddi vum Kommunismus awer villes fir sech gehat: Fräiheet, Gläichheet a Solidaritéit waren da bedauerlecherweis awer nëmme Wieder, d‘Dote vun deenen déi an der Sowjetunioun d‘Soen hate waren dovunner esouwäit ewech, wéi mir et haut sinn wa mer vun der sozialer Kohäsioun schwätzen.

An de Serge Urbany bréngt et dann och op de Punkt. Hien erënnert drun, datt no de politescher Neiausriichtung vun der Welt, also no der Opléisung vun der Sowjetunioun, och fir déi fréier „Kommunisten“ en Ëmdenken néideg war. Hei wier dann och ni de Gedanke gewiescht d‘KPL opzeléisen, mee se an e Bündnis vun enger neier lénker anzebannen.

Hei ass ze verstoen, datt déi lénk de Marxismus ni opginn hunn an sech och net der Sozialdemokratie an de Grapp geworf hätten. Déi lénk verstinn sech also och weiderhin als eng „jonk“ Partei déi nach vill Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten huet. Si gesinn sech deemno al Regierungsfäeg, och wa keng vun de politesche Parteien als Koalitiounspartner a Fro kënnt.

Fir de Pierre Lorang dann och de richtegen Zäitpunkt festzestellen, datt déi zum lénke politesche Spektrum gezielte Parteien eng „gauche de Témoignage“ an net eng „gauche de Gouvernement“ géifen duerstellen. Dorënner versteet hien, datt se keen Usproch op d‘ausübe vun enger parlamentarescher Muecht stellen.

Partiell onkloer

Datt déi gréng sech als Partner an der Koalitiounsregierung awer schonn der parlamentarescher Muecht bedéngen, muss wahrscheinlech wéinst dem Kontext vun der Tableronde ausgeklammert ginn. Och bei der LSAP ass mer den Hiweis op eng „gauche de Temoignage“ net wierklech ersiichtlech, poch wann déi gutt berode wieren, nees zu hire Wuerzelen ze fannen.

Hei stellt de Robert Garcia dann dréche fest, datt et aus der Oppositioun eraus ëmmer méi bequem sech un der Muecht ze reiwen. Hie betount dann och, datt et wichteg ass seng Prinzipien ze hunn, ouni déi ee ganz schnell zu opportunisteschen Entscheedunge kéint kommen. De programmatesche Wiessel vun déi gréng hätt sech zudeem iwwer 30 Joer gezunn.

Wat dann nach richteg erkannt ginn ass, huet mam „gewënschte“ Paradigmewiessel ze dinn. Deen ass just mat enger kritescher Mass ze erreechen, an déi huet een zu Lëtzebuerg leider net. Villes vun deem wat een als „revolutionär“ kéint ugesinn, gëtt et just an homeopatheschen Dosen.

Verännerunge wiere gutt

Gutt, d‘Leit wëllen also den aktuelle System net méi, kréien awer zäitgläich net déi kritesch Mass zesumme fir deen ze veränneren. An déi lénk bleiwen sech dann och trei. Et gëtt näischt no baussen duergestallt wat een net och no banne géif vertrieden.

Dat si sech mat hirem Rotatiounsprinzip do a gewësser Weis selwer am Wee stinn, schéngt keng gréisser Roll ze spillen. Fir de Wieler deen awer wëll iwwerzeegt ginn, geet eng „vereinfacht“ Erklärung awer net duer. Zumindest net wann een eng „Revolutioun“ wëll maachen. Déi ka souwisou nëmme stattfanne wann d‘Leit fir eng Verännerung bereet sinn.

Et ass och sécher net verkéiert unzeféieren, datt och de Kapitalismus gescheitert ass, wéi den Alain Herman vun der KPL gesäit: „De System ass keng Fro vu Glawen, mee eng Fro vun Noutwennegkeet“. Datt d‘Kris vun 2008 net iwwerwonnen ass kann een esou am Raum stoe loossen, mee ouni Plang, keng Verännerung.

Fir d‘Ginette Jones, dat am Grondsazprogramm vu senger Partei vill Guddes gesäit, ass een zu Lëtzebuerg dann och wäit ewech vun enger „Revolutioun“. Fir Si läit den Atout vun der LSAP am Sozialstaat als Ëmverdeelungsapparat. Si erkeent awer un, datt wa virun honnert Joer den Aarbechter nach bereet war en Deel vu senger Pai an eng „politesch Iddi“ ze stiechen, dat haut esou net méi ze maachen ass.

An et ass da sécherlech der Globaliséierung geschëlt, datt haut net méi eleng op nationalem Niveau, sief et eng Reform oder déi vill zitéiert Revolutioun kann ageleet ginn. Et muss ee mindestens op europäeschem Niveau denken an handelen.

Radikal aus Angscht

Dat ass dann awer och eppes wou een de Rietspopulismus net kann ausser Uecht loossen. Gutt ugesicht deem wat am Oste vun Däitschland, Polen oder Ungarn grad lass ass, sollt ee sech scho Suergen dierfe maachen. De Serge Urbany gesäit hei dann och net d‘Schold beim féiere System, well de Problem un de soziale Problemer festzemaache wier.

Richteg ass, datt et d‘Angscht an och eng schlecht Bildung ass, déi rietsradikalen Iddien de Buedem bereeden. Einfach Léisungen zu komplexe Problemer, ouni wierklech eng Äntwert ze hunn, well een net an der Verantwortung steet, zitt d‘Leit un. An hei wier dann och op EU-Niveau villes falsch gemaach ginn. Doriwwer eraus sollt een dierfe festhalen, datt d‘Sozialdemokratie, esouwuel am Frankräich wéi och an Däitschland versot hunn.

Esouguer zu Lëtzebuerg mussen d‘Sozialdemokraten sech waarm undoen. Ze vill Liberalismus an net genuch sozial Gerechtegkeet, dat ass et wat hire Programm iwwer laang Zäit begleet huet. An et muss hei dem Pierre Lorang Versteesdemech entgéint bréngen, wann hien der Usiicht ass, datt de Mënsch aus Sécherheet éischter un engem „gewinnte“ System festhält. Dat esouguer dann, wann deen erkennt, datt onmoosseg vill Steiergelder „verluer“ ginn an de Klimawandel eng reell Bedreeung ass.

Net réckgängeg ze maachen

Fir de Robert Garcia muss, op elo Reform oder Revolutioun, d‘Verännerung ekologesch a sozial sinn. Woubäi hien de Meenung ass, datt d‘Klimakatastroph net méi ze verhënneren ass. Sozial wier awer nach villes ze erreechen. Zousproch kritt hie vum Ginette Jones. Si steet dann och mat zwee Féiss „nieft“ hirer Partei, wann se fuerdert, datt d‘Politik sech vun de Partikularinteresse muss verabschiden.

Dat alles kuerz gefaasst, muss engem bewosst sinn, datt fir eng Verännerung erbäizeféieren, et ee Programm fir d‘Zukunft muss ginn. E Programm deen een de Leit dann awer muss vermëttelen. De Kommunismus, esou wéi en definéiert gëtt ass Geschicht, de Kapitalismus net gutt gelidde mee nach laang net Dout. Kleng Parteie wäerten sech nach eng gutt Zäit op hir spezifesch Theme musse bezéien. Eng Revolutioun muss een an d‘Käpp bréngen iert ee se op der Strooss kann ausféieren.

Foto: (v.l.n.r.) Serge Urbany (déi lénk), Ginette Jones (LSAP), Moderatioun Claude Mangen(100,7) an Renée Wagener (woxx), Alain Herman (KPL), Robert Garcia (déi gréng) – © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics 100komma7, Medieprojet, Paradigmewiessel, Tableronde, woxx
Next post Previous post