Search

You may also like

Informatioun vum Aussen- an Europaminister zu den däitschen Grenzen
International Neiegkeeten Sport

Informatioun vum Aussen- an Europaminister zu den däitschen Grenzen

Déi däitsch Bundesregierung huet Lëtzebuerg de 14. Juli als Risikogebitt

Impfstrategie a mental Gesondheet: Echange mat de Sozialpartner
International Neiegkeeten Sport

Impfstrategie a mental Gesondheet: Echange mat de Sozialpartner

Bei der Videokonferenz vu gëschter hunn d’Sozialpartner vum OGBL, LCGB,

China Entzitt der BBC d‘Sendelizenz
International Neiegkeeten Sport

China Entzitt der BBC d‘Sendelizenz

Peking ass der Usiicht datt de Sender BBC World News

Taekwondo: Eng éischt erfollegräich „Ardennes Open“

Et war e Fest fir d‘asiatesch Kampfkonscht dat engem gëschter zu Arel gebuede gouf

Asiatesch Kampfsportaarten erfreeën sech grousser Beléiftheet an natierlech gëllt datt och fir den Taekwondo (TKD). Zu Arel huet et an dëser Sportaart déi éischt Editioun vun den „Ardennes open“ ginn, an déi gouf vum Veräin TKD Koryo Maarteleng am Hydrion zu Arel organiséiert.

18 Veräiner – aus der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg – mat ronn 70 „Kämpfer“ aus alle Klassen haten sech och fir dëse besonneschen Dag ugemellt. Et ass schonn zimlech fréi lassgaangen a grad fir déi Jonk Bouwen a Meedercher vun de Clibb war et eng gutt Geleeënheet emol „international Kompetitiounsloft“ anzeootmen.

Mee ëm wat geet et eigentlech?

Taekwondo kënnt aus dem koreaneschen a bedeit an der Iwwersetzung Tea (fir Fousstechnik) Kwon (fir d‘Handtechnik an Do (fir de Wee). Wann et richteg ass, datt dës Kampfsportaart vill mat aneren asiatesche Kampfsportaarte gemeng huet, esou gëtt et natierlech ganz spezifesch Ënnerscheeder. Et heescht datt et beim Taekwondo primär ëm Vitesse an Dynamik geet. Zudeem dominéiere bei dëser Kampfsportaart d‘Fousstechniken.

Entwéckelt huet sech den Taekwondo zimlech spéit. Eréischt no der japanescher Herrschaft (1945) huet sech dës Sportaart vum Karate ofgeleent an et kënnt zuweile vir, datt een den Taekwondo als „Stil-Aart“ vum Karate bezeechent. De Begrëff Taekwondo gëtt et dann och eréischt zanter 1955 a war vum Generol Choi Hong-hi ënnert dem Afloss vum Shotokan-Karate entwéckelt. An dorausser hu sech dräi Stiler weiderentwéckelt.

Taekwondo

© Martine de Lagardère/moien.lu

Déi dräi Stiler sinn: Hyeong (ITF traditionell), Tul (ITF reforméiert) an Pumsae (WT). Hei gëtt et och entspriechend Ënnerscheeder. Am olympesche Wettkampf ass et zudeem ënnersot, mat der Fauscht de kapp ze treffen. Et ass dann och näischt fir Rabbelkäpp, déi nëmmen drop aus sinn dee Géinteniwwer zolidd opzemëschen. Hei geet et drëms säi Geescht ze schoule firwat de Generol och sengerzäit fënnef Grondsätz festgeluecht huet.

Dat sinn: Ye-Ui (Héiflechkeet); Yom-Chi (Integritéit); In-Nae (Gedold); Guk-Gi (Selbstdisziplin) an Beakjul-bool-gul (Onbezwéngbarkeet). Ganz esou „onbezwéngbar“ sinn d‘Sportler dann zum Gléck awer net, soss hätt et keng Gewënner. Déi awer hat et an all déi aner Grondsätz goufe behäerzegt.

D‘Resultater no Veräiner

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics FLAM, Taekwondo, TKD, TKD Kory, TKD Maartelengo
Next post Previous post