CSU-112: Wëllkomm am CNIS zu Gaasperech!

No an no plënneren déi verschidde Servicer vum CGDIS an dat modernt Gebai vum Centre National d’Intervention et de Secours (CNIS) zu Gaasperech. Esou gouf gëschter och d’Zentral vum Noutruff (CSU-112) offiziell an der neier Kasär empfaangen.

Hannert der Noutruffnummer 112 stécht eng Ekipp vun 23 Operateuren an 8 Gesondheetsoffizéier, déi ënnert der Leedung vun 10 Cheffe stinn. Si suergen all Dag an zu all Zäit dofir, datt Noutfäll schnellstméiglech opgeholl an adequat drop reagéiert ka ginn.

Dobäi sief drun erënnert, datt den 112 wierklech just bei Noutfäll gewielt soll ginn. D’Leitunge musse fräi sinn fir déi Persounen, déi schnell Hëllef brauchen an net fir just e Renseignement ze kréien. Weider Detailer dozou fannt Dir op 112.public.lu.

CSU-112
© CGDIS

Un dësem feierlechen Moment hunn nieft der Ekipp vum CSU-112 och de Generaldirekter Paul Schroeder, d’Inneministesch Taina Bofferding, d’Presidentin vum Verwaltungsrot Lydie Polfer an de Vize-President Alain Becker deelgeholl. Dobäi goufen natierlech Gléckwënsch vun alle Säiten ausgedréckt, mee och op d’Satisfaktioun higewisen, datt d’Personal elo an engem ugepassten Aarbechtsëmfeld d’Appelle vun de Bierger entgéint huele kann.

No de Rieden gouf nach eng Visitt vun der ganzer Etage vum Centre de Gestion des Opérations (CGO), wou och den CSU-112 elo aktiv ass, ugebueden. Do ze fannen ass ënnert anerem och eng Salle de Débordement mat Plaz fir weider 20 Posten, déi am Fall vun extrem villen Appellen , beispillsweis bei engem Stuerm oder Héichwaasser, agesat ginn. Dobäi kënnt e Sall, an deem eng „Hotline“ kann ageriicht ginn wann néideg.

Eréischt den 12. September huet de CIS Lëtzebuerg seng Raimlechkeeten op der Areler Strooss no gutt 50 Joer fir ëmmer verlooss, fir an dat risegt rout Gebai anzezéien, dat zuelräich Servicer an Departementer regroupéiert an duerch eng ugepassten Infrastruktur déi néideg Qualitéit an Effikassitéit bidde soll. Mat enger grousser Parad duerch d’Stad Lëtzebuerg gouf dësen Akt gefeiert.

Dernières nouvelles