Huel deng Kaz an den Aarm

De 4. Juni fënnt alljoer den « Huel deng Kaz an den Aarm-Dag » statt. Dësen Dag gëtt geheemelt, Kaze gi verwinnt a mir – de Mënsch, kennen hier endlech weisen, wéi vill mir mat hier frou sinn. Mir hoffen natierlech, dat berout op Géigesäitegkeet.

Eis Hauskaze si Fleeschfriesser, si gehéieren zu der Kategorie Säugedéieren. Tatsächlech ginn eis muusseg Déiere schonn zanter 9.500 Jore vum Mënsch als Hausdéier gehalen. Dobäi zielt si zu de beléiften Hausdéieren a gi gäre geziicht. Mä hei heescht et opzepassen – an den Asyler sichen nach vill léif Déieren een Doheem an nei Kolleegen.

Wa Kazen a noem Kontakt mam Mënsch kommen, signaliséieren si hiren Zoustand duerch Beweegung an déi kierperlech Haltung. Ass d’Spëtzt an der Luucht a gutt duerchgebou, kann dat eng Begréissung oder Virfreed sinn – zemools wann de Schwanz liicht ziddert.

D’Kucke mam hallef zouen Aen ass een Zeeche vu Frëndlechkeet oder Léift. Oder d’Blënzele mat engem Aen, ass einfach vun der Kaz ze imitéieren. D’Heemele vun enger Kaz – an hiert Schnurren, ass Balsam fir d’Séil.

Dernières nouvelles