Franz Ferdinand: De 14. Abrëll 2022 an der Rockhal

Déi brittesch Rockband Franz Ferdinand mellt sech zeréck mat Neiegkeeten zum Album „Hits To The Head“. Zesumme mam Wierk, dat 20 Lidder ëmfaasst, gouf elo eng grouss Tour duerch Groussbritannien an Europa annoncéiert. Dat Bescht dorun? Och Lëtzebuerg steet um Programm!

No zwee Optrëtter um Rock-A-Field (2006 an 2009), sou wéi dem ausverkaafte Concert 2017 am Atelier huet de fënnefkäppege Grupp aus Glasgow wëlles säi Publikum de 14. Abrëll 2022 an der Rockhal ze faszinéieren. Ticketen ginn et ab e Mëttwoch, den 10. November um 10 Auer op www.atelier.lu, sou wéi ab Freides, den 12. November iwwert www.franzferdinand.com.

Dobäi kréien d‘Fans, déi den Album virbestallt hunn, d‘Chance als éischt un d‘Ticketen ze kommen. Dëse wäert iwwregens den 11. Mäerz 2022 erauskommen an 18 Mega-Hits, sou wéi déi zwee neiste Wierker „Billy Goodbye“ a „Curious“ bereet halen.

Virfreed ass bekanntlech déi schéinste Freed. Sief et hei elo d‘Virfreed op den Album, respektiv op de Concert – wie sech schnell bäi mécht, ka sech sécher sinn bei engem fantastesche Moment dobäi ze sinn!

Dernières nouvelles