En Accès op Gesondheetsfleeg fir jiddereen

De Projet zur universeller Couverture vun der Gesondheetsfleeg gouf gëschter presentéiert

Schonn a wéinege Méint solle Persounen ouni Revenu an Accès op eng Krankeversécherung an de System vun der Sozialversécherung agebonne ginn. Déi finanziell Mëttel zu dësem Projet zur universeller Couverture vun der Gesondheetsfleeg sollen 2022 iwwert de Staatsbudget zur Verfügung gestallt ginn.

Dës Moossnam ass am Koalitiounsaccord virgesinn an och am Agenda 2030 als Zil festgehalen. Esou fuerdert de Punkt 3.8 vum Agenda, datt jiddereen vun der universeller Couverture vun der Gesondheetsfleeg muss profitéiere kënnen, dat och mat Schutz géint finanziell Risiken. Esou soll all Mënsch Accès op essentiell an héichwäerteg Gesondheetsservicer, Medikamenter a Vaccinen kréien.

Zesumme mam Serge Kollwelter vum Ronnen Dësch hunn de Sozialversécherungsminister an d‘Gesondheetsministesch dës Initiative gëschter der Ëffentlechkeet virgestallt. Heibäi huet de Romain Schneider ervirgehuewen, datt Lëtzebuerg ee vun de komplettste Sozialversécherungssystemer op der Welt opweist. Esou sollt een sech inklusiv weisen an dofir suergen, datt besonnesch vulnerabel Persounen net ausgeschloss ginn.

D‘Viraussetzungen fir an dësem Kader vun der Sozialversécherung profitéieren ze kënnen sinn als éischt emol Resident zu Lëtzebuerg ze sinn, kee Revenu ze hunn an och keng Ënnerstëtzung vun engem Sozailbüro oder Änleches ze kréien. Beim nationale Regëster vun de physesche Persoune muss een net ageschriwwe sinn, eng Adress hei am Land geet duer.

Eng concernéiert Persoun muss eng Demande beim CCSS ausfëllen a kritt nom Accord d‘Cotisatioune vum Staat bezuelt.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Serge Kollwelter, Representant vum Ronnen Dësch; Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Romain Schneider, Minister fir Sozialversécherung © MSS/MSAN

Dernières nouvelles