Aschreiwung bei der ADEM elo och online méiglech

Persounen op der Sich no enger Aarbecht kënne sech an Zukunft iwwert MyGuichet.lu bei der ADEM aschreiwen. Heivir muss ee sech kënne mat engem LuxTrust-Outil identifizéieren.

No der Identifizéierung geet et an de Beräich ‘Emploi’ wou den Demandeur all Demarchen erkläert kritt, fir säi Profil ze erstellen a wéi eng Dokumenter e benéidegt. Sollt eppes feelen, gëtt een drop opmierksam gemaach.

Ass d’Umeldung bis komplett, gëtt per Post eng Invitatioun verschéckt fir säi perséinleche Conseiller kennenzeléieren. Dëst ass déi zukünfteg Kontaktpersoun, déi ee bei der Sich no Aarbecht begleet.

D’Umeldung bei der ADEM ass iwwregens och per Telefon méiglech. Heivir muss een allerdéngs ee Rendezvous am viraus ausmaachen (Tel.: 247 88888 oder de Formulaire op www.adem.lu ausfëllen).

Dernières nouvelles