Honnert Affer bei Tanklaster-Explosioun

Zu Wellington engem Viruert vun der Haaptstad Freetown (Sierra Leone) sinn zwee Camionen net laanscht enaner komm. Dat u sech ass net wieder ongewéinlech, et huet een hei en eppes „aneren“ Ëmgang mam Code de la Route, wéi een et aus eise Regioune kennt. Wann dann awer ee vun den 2 Camionen een Tanklaster ass, léist sech d‘Katastroph net verhënneren.

Entspriechend den Zeienaussoen, huet d‘Kollisioun selwer, déi sech uschléissend an eng Tragedie sollt verwandelen, net d‘Explosioun ausgeléist. Et war een Accident, wéi et der all Dag huet, an vun deenen d‘Bierger zuweile benefisséieren. An esou ee Camion dee bis zum iwwerlafe mat Bensinn gefëllt ass, gëtt da vun de Leit wéi ee Kaddo vum Himmel gesinn an entspriechend „iwwerholl“.

Dat war hei esou och de Fall, mam klengen ënnerscheet, datt wuel nach iergendeen seng Zigarett am Mondwénkel hat, wéi hie säi Bidon ënner den erausfléissende Bensinn gehalen huet. Gutt dat ass keng geséchert Ausso, mee um Enn huet et zolidd geknuppt an den Tanklaster huet mindestens 99 Mënschen d‘Liewe kascht. Wéi vill blesséierter et huet? Offiziell esou ëm déi honnert Leit.

Esou wéi et vun der Police erkläert gëtt, solle béid Chaufferen no der Kollisioun, engersäits de Versuch ageleet hunn, d‘Lach aus deem de Bensinn ausgelaf ass, ze stoppen, an anersäits d‘Leit dovunner ofgehalen hunn, sech „ze zerwéieren“. Et kéint een an der Folleg net mat Gewëssheet d‘Ursaach vun der Explosioun feststellen. D‘Ursaach dierft wuel mat den Affer verbrannt sinn…

En opfällege Fait-divers

Déi huet d‘Feier däraarteg erwëscht, datt et erkennungdéngschtlesch dierft komplizéiert ginn, esouwuel d‘Affer ze identifizéieren, wei et dierft en Ament brauchen, fir déi genee Zuel vun den Affer ze bestätegen. Woubäi, dofir bréicht et ee berechtegt Interessi, wat et esou am Sierra Leone éischter net huet. Hei huet een aner Suergen an Mënscheliewen een differenzéierte Stellewäert.

An esou kann een des Tragedie, bezunn op d‘Liewenskonditiounen an dësem afrikanesche Land, als opfällege Fait-divers aktéieren. Mënschen déi ee Familljemember vermëssen, hunn déi ganz Nuecht virun de Morgue vum grousse Spidol op eng Noriicht vun hire Verwandte gewaart, déi meescht hu vergiewens gewaart, wat dorunner geleeën ass, datt déi blesséiert groussraimeg verdeelt goufen.

Wéi vill dëser Brandaffer wou ënnerbruecht goufen, weess keen. Dat huet nees domadder ze dinn, datt een am Sierra Leone eng eppes aner Virgoensweis bei der Katastrophebewältegung huet, wéi dat bei eis de Fall wier. Am Haaptspidol hat et grad emol Plaz fir 30 Brandaffer op der Intensiver, an et muss een dovunner ausgoen, datt hir Iwwerliewenschance (aus Grënn) kee Bestand hunn.

mat indymedia/fna

Foto: D‘Accident huet géint 22 Auer Lokalzäit stattfonnt, an eigentlech hat et keen Ulass sech méi Gedanken ze maache wéi soss. Et ass dann awer net alles gelaf „wéi soss“. © Bashiru Bah

Dernières nouvelles