D’Meeschterin vum Krimi: Wann d’Miss Marple op den Hercule Poirot trëfft

Ass een op der Sich no faszinéierende Kriminalromaner, spannende Geschichten aus dem Orient an Handlungen, bei deenen een ni esou richteg weess, wéi se ausginn, da kënnt een ëm d’Agatha Christie net ronderëm. Och wann d’Schrëftstellerin scho 45 Joer dout ass, esou sinn hir Wierker nach ëmmer weltwäit beléift. Kee Wonner, datt d’Brittin zu den erfollegräichsten Auteuren an der Literaturgeschicht gehéiert!

De 15. September 1890 ass d’Agatha Mary Clarissa Miller op d’Welt komm, an ass zesumme mat senge Gesëschter a ganz gudde Familljeverhältnisser opgewuess. D’Kanner goufen doheem ënnerriicht a scho mat 11 Joer huet d’Agatha säin éischt Gedicht an enger lokaler Zeitung verëffentlecht.

Vun engem ofgebrachene Studium un der Paräisser Universitéit fir Musek, goung et béi dat brittescht Rout Kräiz fir wärend dem Éischte Weltkrich ze hëllefen. Ma, hir uschléissend Aarbecht an enger Apdikt sollt groussen Afloss op déi spéider Wierker kréien: Duerch de gekonnten Ëmgang mat Medikamenter a Gëfter sinn dës Mëttelen oft als literarescht Element zeréck komm.

Agatha Christie
lénks: D’Agatha Mary Clarissa Miller als jonkt Meedchen – riets: D’Schrëftstellerin Ufank vum 20. Joerhonnert

No hirem éischte Krimi „Das fehlende Glied in der Kette“ (1920), war et dunn d’Wierk „Alibi“, mat deem si bekannt ginn ass.

Schliisslech waren et awer wuel eng ganz Rei u Schicksalsschléi, déi d’Agatha dozou bruecht hunn, sech an d’Schreiwe vu Geschichten ze stierzen. Hire Mann Archibald Christie, mat deem si eng Duechter hat, war net der Treister een, wouduerch d’Bestietnis an d’Bréch gaangen ass. Nom Papp ass dunn och nach d’Mamm gestuerwen.

Fir all dat ze verschaffen, huet d’Agatha Christie sech op eng Rees an den Noen Osten gemaach, wou si grouss Inspiratioun un den Archeologen an hiren Aarbechte sammele konnt. Nom Bestietnis mam Max Mallowan ass et weider Bierg erop gaangen – d’Schrëftstellerin duerft hire Mann reegelméisseg op Ausgruewung begleeden an esou gouf hir Kreativitéit weider gefiddert.

Agatha Christie
E liewenslaangen Dram huet d’Agatha Christie sech dunn 1958 mat enger Rees a Griichenland erfëllt

Zuelräich Kriminalromaner, Theaterstécker a Kuerzgeschichten si wärend hire Liefzäiten entstanen. Figure wéi d’Detektive Miss Marpel an Hercule Poirot hu grousse Succès erlieft, wouduerch ënnert anerem d’Wierk „Mord im Orient Express“ direkt e puer Mol verfilmt ginn ass.

Esou kënne sech Agatha Christie Fans och dëst Joer op eppes Neies freeën. Den Hercule Poirot gëtt an den Asaz geschéckt a muss bei enger Dampferfaart um Nil de Mord um räiche Linnet Ridgeway Doyle opklären. Am Laf vun den nächste Méint wäert „Tod auf dem Nil“ an de Kinoen ze gesi sinn.

Als Meeschterin vun de Kriminalromaner lieft d’Agatha Christie och haut nach duerch hir aussergewéinlech Wierker weider. Mat 85 Joer ass si den 12. Januar 1976 un engem Schlag gestuerwen. Zuelräich Auszeechnungen huet d’Schrëftstellerin erhalen, dorënner och post mortem de Präis als „Bescht Kriminalautorin vum Joerhonnert“ an den Archie Goodwin Award.

Dernières nouvelles