Aids, 40 Joer méi spéit

Am Kader vum Welt-Aids-Dag, deen haut organiséiert gëtt, hunn d‘Dokteren ouni Grenze Lëtzebuerg, de Presseartikel „Aids, 40 Joer méi spéit: 4 Aktiounspunkte fir der Krankheet als Gesondheetsgefährdung een Enn ze sëtzen“ verëffentlecht.

Den Artikel gouf vum Gilles Van Cutsem geschriwwen. Dësen huet 20 Joer laang mat Dokteren ouni Grenzen an Afrika am Kampf géint den Aids zesummegeschafft. Elo deelt den Epidemiolog wesentlech Aktiounspunkten, fir d‘HIV-Reaktioun an de Grëff ze kréien.

Duerch d‘Zesummenaarbecht mat LuxOR (Unité de Recherche Opérationnelle) déi hire Sëtz zu Bréissel huet, hunn d‘Dokteren ouni Grenze gefuerscht, fir den Diagnostik an d‘Behandlung vu verschiddene Persoune mat Aids-Erkrankunge besser ze verstoen.

Ëmgank mat der déidlecher HIV / AIDS Pandemie

Bal 700.000 Leit sinn un HIV-verwandte Ursaache gestuerwen, wärend am Joer 2020 1,5 Millioune Leit nei mam HIV-Virus infizéiert goufen. D‘Majoritéit vun den Infizéierte kënnt vum afrikanesche Kontinent. Enn 2020 hunn bal 38 Millioune Mënsche mam HIV-Virus gelieft, déi meescht dovunner a Subsahara-Afrika.

Obwuel et keng Heelung fir de Virus gëtt, ass eng Kombinatioun vu Medikamenter, déi als antiretroviral Medikamenter bezeechent ginn, d‘Léisung. Dës hëllefen de Mënsche méi laang a gesond ze liewen, wa si reegelméisseg ageholl ginn. D‘Käschte vun dëser Medezin sinn esou bëlleg ewéi nach ni, mee et mussen nach Ustrengungen ënnerholl ginn a séchergestallt ginn, datt all Mënsch mat Aids behandelt ginn.

Am Joer 2020 hunn weltwäit 27,5 Milliounen där Medikamenter erhalen. Dëst entsprécht engem Taux vun 73%. Allerdéngs hunn bis Enn 2021 nëmme 54% vun de Kanner eng antiretroviral Behandlung erhalen.

D‘Äntwert vun den Dokteren ouni Grenzen

D‘Organisatioun setzt dëse Kampf fort, andeems si hier Beméiungen op d‘Versuergung vun den Hannerbliwwene konzentréiert. Dozou gehéiere vulnerabel Populatiounen, déi an den äermste Länner liewen, a Patiente bei deenen den Aids-Virus ausgebrach ass.

A Guinea, Kongo, Mosambik a Myanmar hunn Dokteren ouni Grenze Fleegeprogrammer fir Aids-Patienten ageriicht.

Dës Programmer erkennen a behandelen den HIV fréizäiteg, féieren awer och zu neien Diagnosen ewéi zum Beispill Tuberkulos, Kryptokokkos, Toxoplasmos, bakteriell Septikämie an ee Kaposi-Sarkom. Dës Krankheeten, déi an Europa seele gi sinn, bleiwen déi heefegst Doudesursaachen an Afrika an Asien.

Dokteren ouni Grenzen ass ee vun de wéinegen Acteuren, déi e puer vun dëse Krankheete behandelt an och zur Verbesserung a Behandlung vun den Diagnosen ënnerschiddlech Fuerschungen duerchféiert.

Lëtzebuerg bedeelegt sech un dëse Beméiungen. Zum Beispill gehéiert d‘Studie zur Antibiotikaresistenz bei Aids-Patienten zu dëser Fuerschung, an ass soumat ee wichtege Pilier bei der Entwécklung vun neie Behandlungen.

Dem Dr. Gilles Van Cutsem säin Aktiounsplang kënnt Dir hei agesinn.

*matgedeelt vun Dokteren ouni Grenzen

Dernières nouvelles